o_195onl4mse8q1rfc16lr12801c8da.pdf
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Ëlwen huet am zweeten Deel vum 19ten

Jorhonnert en Opschwong erlieft: E neit

Eisebunnsnetz ass entstan an Ëlwen

gouf zu engem wichtegen Punkt op

de Strecken Lëtzebuerg-Ëlwen-Gouvy-

Léck an Ëlwen-St.Vith-Aachen. Vill Leit

sinn deemools op Ëlwen geplënnert

an hunn do Aarbecht fonnt.

Genau zu där Zäit ass och d’Ëlwenter

Musek entstanen: 125 Joer ass et

hier, dass eng Handvoll Aarbechter

a Beamten vun der Eisebunn, der

Post an der Zollverwaltung sech

zesummegedoen hunn fir sech op dëst

musikalescht Abenteuer anzeloossen.

Vun do un ass d’Entwécklung vun der

Musek esou schnell gaangen wéi en

Zuch am Eiltempo: D’Musek vun ronn

30 Mann ass zu engem gutt ausgebilten

Orchester opgebléit. An deene leschten

20 Joer huet d’Ëlwenter Musik

mat héichkarätegen Gala-Optrëtter

geglänzt, de Veräin ass bis wäit iwwert

d’Grenzen vun der Regioun bekannt.

Maggy NAGEL - Kulturministësch

Ech freeën mech besonnesch, dat

dëse Gebuertsdag eng Geleeënheet

ass, d’Leit dorop opmierksam ze

maachen, wéi wichteg en Orchester

fir d’lokal Kultur ass, mais och, dat en

e festen Bestanddeel vun der lokaler

Duerfgeschicht ass, deen een do och

net méi ewechdenken kann.

D’Ëlwenter Musek favoriséiert d’Zesummeliewen

vu Jonk an Al, se

musizéieren niewenteneen a mateneen.

D’Beméiungen, souwuel di eng als

och di aner mat an d’kulturellt Liewen

anzebannen, ass eng eminent wichteg

Initiativ, déi ech gäere begréissen.

Ech felicitéieren der Ëlwenter Musek

zu hirem 125. Gebuertsdag a soen de

Museker villmools Merci dat si e flotten

Programm op d’Been gestallt hunn an

domadder dëst Joer allen Awunner vun

Ëlwen an doriwwer eraus muench flott

Stonnen bereeden.

Ech wënschen der Ëlwenter

Musek, dat hir musikalesch Rees

nach laang net eriwwer ass a

weiderhi vill Spaass a Freed mat

sech bréngt!

9