02.11.2014 Aufrufe

o_195onl4mse8q1rfc16lr12801c8da.pdf

Erfolgreiche ePaper selbst erstellen

Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.

28

Zoustand, datt ich sollt musse waarden,

bis se an d’Rei gesatt wirren. Et hat

gedauert a gedauert, a wi ich dann

endlich eng Klarinette krut wor ich

mer gar net sëcher, op se o wirklich

an d’Rei gesatt wor. Mäi Frënd Lucien

kruut o eng, a mer zwee hann dann du

probéiert, trainéiert doheem oder bei

eis an der Wirtschaft, all d’Lektionen op

an aaf an aaf an op, a firr aan allem

de Konterschlag: hum ta ta, hum

ta ta …. A wi datt esu ziämlich

geklappt hat, kumme mer dann

op d’Pult an di grouss Musik

am Musiksall an der Gemeng

(Proufsall säit 1929).

Do om Pult sutze natirlich lokter eeler

an dichtig Hären, viraan deene mer

musste Respekt han.

A mer han o musste firr déi suargen,

hauptsächlich am Wanter, datt se

waarm sutzen, soss kruten se d´Fangere

stäif, a konnte net spillen!

An der Mëtt vam Sall stung e gruussen

Uawwen, a firr deen ze féideren,

musste mer bäi de Vize-Präsident

a Schrenger Stranen Mich goen firr

säi Leederweelchen mat Holzaaffall

ze laaden. Gläichzäitig fuure mer

bei Briketts Philipp (Geiben Philipp)

laanst an hann do Brikette geladen.

Am Musikssall hat dann Britze Josy,

den homme-à-tout-faire, eis gehollef,

a wann hee grad mol eng Kéiër net

opgepasst hat, dann ha mer engt gutt

dämpicht Feier gemat – Spaass muss

jo o sënn! Iwwrigens, Britze Josy wor en

„halwe“ Musikant däer et bestëmmt net

vill am Land guff. Wann d’Musik op e

Cortège gung, krut de Josy d´Tromm op

de Réck gebonnen, an de Batteur braut

nëmmen drop ze schlon! – kamoud!

Di meest van deenen eelere Musikanten

ha gefëmmt, Päiff, Zigar oder Zigretten,

an datt o an der Prouf. Haten se grad

mol paar Täkt näischt ze spillen, da

guff hurtig e Strap an der Päiff gezujen,

eng Zigrett gedréint oder aan der Zigar

gesuckelt. Hei ans do kunnt een d´Loft

dobanne richtig schnegden. Den een

oder annere Schlesser haat sengt

Pult mat an den Atelier op d’Eiseban

gehollt, an hat sich do eng spezial

Ophänk firr seng Päiff dra geschweest

oder e klengen Äschebecher. Kaum

na virrstellbar hockt, wor, datt o

d’Branntwéngsfläsch an der Prouf net

gefeelt hat. De Sproch ass hockt na

bekannt: Et wor eng gutt Prouf, dräi

Liter!

Andere Zeiten, andere Sitten!

Freizeitgestaltung dazumal!

Da na eng Saach, di eigentlich zwu

Sékten hat: eng gutt an eng manner gutt.

Am sechste Schuljoer hatt de Paschtuer

bäi engem Begreefniss Massdéiner

gebraucht. Hee koum der dann zwee

oder dräi bäi de Schullmeester Schanck

lingen. Dee wor ni fru dodriwwer, mer

ewwer desto mi. Well di Begreefnisser

all ëm halwer éilef woren, wor et

hannendra net mi derwiäert hannescht

an de Sall ze goen! A wa mer da mëttes

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!