o_195onl4mse8q1rfc16lr12801c8da.pdf
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Den Dirigent Werner ECKES

50

Léif Lieser,

Wann een esou e wichtegen

Anniversaire feiert wéi eis Musek, dann

ass dat ëmmer eng gutt Geleeënheet fir

e Bléck an d’Vergaangenheet an een an

d’Zukunft ze geheien. Fir mech steet

fest, dass e Veräin, deen et fäerdeg

bréngt, iwwert esou eng laang Zäit

net nëmme bestoen ze bleiwen,

mä sech ëmmer weider ze

entwéckelen, houfreg ka sinn. Un

éischter Stell op seng Museker,

déi duerch hiert Engagement, hir

Motivatioun an hir Bereetschaft, sech

neien Ufuerderungen ze stellen, de

Fundament vun engem erfollegräiche

Veräin sinn. Op säi Comité, deen de

Veräin déi ganzen Zäit begleet an

ënnerstëtzt huet, an deen eis Musek

um administrativen an organisatorische

Plang beschtens encadréiert. Op

eis generéis Sponsoren, ouni déi

verschidden Evenementer

iwwerhaapt net méiglech

wieren.

Als Dirigent hunn

ech dës Musek

elo während bal

engem Fënneftel

vu senger Existenz

duerfe begleeden.

Wat mir

dobäi ëmmer besonnesch

gefall

huet ass, dass an

engem Museksveräin,

anescht wéi

am Sport, keng Ënnerscheeder

gemaach

ginn tëscht jonk a

manner jonk, tëscht Mann

oder Fra. Et geet net ëm Kompetitioun,

mee dorëms, zesummen

als Team eppes ze schafen.