o_195onl4mse8q1rfc16lr12801c8da.pdf
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Léif Membre van der Ëlwenter Musik,

Wann ech op eer Concerten kommen,

ass ët mër ëmmer éin gruuss Freid

fir di gruuss Grupp van esu ville junge

Musikanten ze geseen. A wann ech dann

hiiren, wat van eerer Musik virgedro jët,

sënn ech huffrig de President van där

Musiksschull ze sën, di mat bäidreet fir su

éin hi Qualitéit va Musik ze produzéiren.

Et ass genau dat, wat d’Ziel van äiser

Musiksschull ass: Goud Musikanten fir

äis Musiken auszebilden.

Mat der Ëlwenter Musik verbënd mech

eigentlich an ischter Stell den Henri

Keup, oder wi mir son Keupen Heng. Wi

ech de Posten vam President ageholt

hann, hann ech et zur Konditioun gesat,

dat Heng na 2 Joer als Caissier bläift a

mer dän een oder anneren Tip soll jiän.

Heng wor domat averstannen an hän

hat mech goud agewisen. Heng haat vill

Erfahrung mat „dänen do ënnen“, wi hän

ëmmer soot. Hän hat su muniche Kampf

mat Schickes René zesamen durrich

gestannen.

President vam Syndicat Musique et Chant

Jean-Paul REITZ

du Canton de Clervaux

Well, wat mir hokt als Musiksschull hann,

ass a mengen Auen ent Geschenk van

dänen, di de Grondsteen gelait han.

Vill Lékt, o van häi uawen, woren jiänt

dës Musiksschull. Nëmmen däm, loosse

mer ët sôn, wi si et o jiffe son, éislecker

Klatzkapp va Schickes René an, ënner

anneren, o Keupen Heng ha mer ët

ze verdanken, dat mir en anerkannt

Musiksschull an äisem Kanton hann. An

dann ass ët mir wichtig fir iwwert Heng

seng Spezialitéit ze schräiwen. Heng hat

an all Generalversammlung ent Gedicht

virgedron, siäf et einfach esu oder, wi hä

mat Ren Kässerevisor wor, de Rapport

van der Kässerevisoun.

Gruss Momenter an eiser Musiksschull

wore bestëmmt, wi mer di zwee Mol op

der Parad om Nationalfäierdag matgemat

hann.

Vill, jo ganz vill Musikanten aus der

Ëlwenter Musik hann do matgemat a

gehollef durich dës zwee Evenementer

dem ganze Land ze wäisen, dat

mir, wa mir zesamen halen, villes

kannen op d’Bee setzen, wu

annerer nëmmen dervan drémen.

Dir fäiert dëst Joer eeren 125.

Gebuurtsdag, dat heescht, dat

well lang Zéckt vill Lékt mat vill

Engagement an eerem Veräin matgeschafft

hann. Mat eerem aussergewéinlichen

Dirigent, eerem dynamischen

an engajéierte Comité an mat

äis aus der Musiksschull an eerem

Réck, man ech mer kéin Suargen fir eer

Zukunft.

Ech gratuléiren ganz herzlich zu eerem

Gebuurtsdag an wënschen eech viran

suvill Erfolleg!

13