13.07.2015 Aufrufe

Schëfflenger - Schifflange.lu

Schëfflenger - Schifflange.lu

Schëfflenger - Schifflange.lu

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.

YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.

Juillet 2008 | 172 | Schëfflenger Bulletin20 Milliounen Leit ouni Aarbecht bruecht. Daat ass netgudd a net normal! An duerfir muss et och op engemDaag wéi haut, erlaabt sin déi liberal an op Profitmaximéierungausgeriichten Wirtschaftspolitik, déi zënterJoëren an Europa bedriwe gëtt, kritesch ze hannerfroen.Mir brauchen e gëeentent an e solidareschtEuropa fir de Chômage an d’sozial Ausgrenzung zebekämpfen, fir e nohaltege wirtschaftleche Wuestumze garantéieren a fir den Erausfuerderungen vun derMondialisatioun entgéint ze trieden. Mir brauchenvirun allem awer en Europa vun de Menschen, vunde Bierger déi dat Europa an hierem daagdeeglecheLiewen gestalten.Léif Frënn!Un dëse Froen gesäit een, datt et bei eis net méi virrangegem materiell Interessen däerf goen. Bei eisgeet et virrangeg em d´Liewensqualitéit vun eis alleguer.Daat ass en Objektiv deen derwert ass, datt mirzesumme schaffen, an als Lëtzebuerger an als Schëfflengerzesummen mat eisen auslänneschen Matbiergere bësse méi probéiere sollten, op verschiddenEgoismen an onwichteg Streidereien ze verzichten.Mir sollen dat maachen am daagdeeglechen Emgang,an der Famill, an der Schoul, am Beruff, an der Politik,an an de Veräiner wou mir aktiv sinn. Nëmmen esouwäert et méiglech sinn och an der Zukunft eis Selbststännegkeetze erhaalen. Well just dës Selbststännegkeet,dat staarkt Gefill eng onoofhängeg Natioun zesinn, hiewt eis iwer aaner, vill méi grouss Länner anass d´Wuerzel vun eiser Liewensqualitéit. Eng Liewensqualitéitdéi mir och als Gemengeresponsabel hei zuSchëffleng wëllen erhaalen an nach ausbauen. An dosoll jiddfereen seng Plaaz hunn: Kanner, Jugendlech,eeler Leit, invalid Leit, sozial schwaach Matbierger. Anoch eis Veräiner welle mir do mat abezéien, well mirdat associativt Liewen an eiser ëmmer méi egoistescheran individualistescher Gesellschaft onbedingtmussen foerderen. Fir si all wëlle mir do sinn an déiInfrastrukturen an Servicer ubidden, déi noutwendegsinn. Mir mussen eis awer bewosst sinn, dass allesdaat säi Präis huet a muss finanzéiert ginn, an dass etÄer Steieren an Äer Taxen sinn die der bezuelt, die eisdaat erméiglechen.Schëffleng huet sech an dene leschte Joëren zu engermoderner an attraktiver Gemeng entwéckelt.Dëse Prozess ass awer nach laang net oofgeschloss.Schëffleng wäert an dene nächste Joëren säi Gesiichtnach weider veränneren. An e puer Joër wäerte mirzu méi wéi 10.000 sinn. Mir sinn duerfir amgaangeis Gemeng souwuel infrastrukturell wéi och organisatoreschop dës Erausfuerderungen virzebereeden.Well mir wëllen, dass och an der Zukunft eis Biergerinnena Bierger sech hei zu Schëffleng wuel fillen anoptimal Liewenskonditiounen virfannen. Awer nëmmenduerch e viirsichtegen an kontrolléierten Wuestumkann déi gudd Liewensqualitéit an eiser Gemengoch an der Zukunft erhaale bleiwen.An dene nächste Wochen wäerte mir eise neien Bebauungsplangop den Instanzewee schécken. Dorausergëtt sech dann och e neit, méi zäitgeméisst Bautereglement.Dëst Instrument wäert eis an den nächsteJoëren an de Froën ronderem d’Entwéck<strong>lu</strong>ng vun eiserUertschaft de Wee weisen.Dës Entwéck<strong>lu</strong>ng wäert awer och geprägt gin duerchdeen wuel emfangräichsten Stroossebau- an Urbanisatiounsprojetan der Geschicht vun der GemengSchëffleng: d’Oofschaafung vun eisen 3 Barrièren.Dëse Projet, deen elo um Instanzewee ass, wäerteng fundamental Neiuerdnung vun der Verkéiersféierungam Zentrum no sech zéien, mä bidd awer ochd’Méiglechkeet eisen ganzen Uertschaftskär urbanisteschnei ze gestalten. Neie Wunnraum fir ronn 600Persounen wäert entstoën a besonnesch och eiserGeschäftswelt neit Liewen anhauchen.Dir Dammen an Dir Häeren,Nëmmen als eegenstännegt Land konnt eist Landsech zu dem entwéckelen waat et haut ass. Eis Egestännegkeetan eis Fräiheet hu mir eis virun méi wéi60 Joer erëmerkämpft, a well mir erfuer hunn wat etheescht onfräi ze sinn, a vill vun eise Leit fir dës Wäerterbereet waren hiert Liewen ze afferen, sollte miroch haut nach hinnen mat Respekt géintiwerstoën.Sou en Dag wéi deen vun haut, ass eng gudd Geleeënheetfir dem Respekt Ausdrock ze gin an ochmat Respekt un déi ze erënneren, déi fir eist klengtLand Lëtzebuerg d´Symbol vu senger Egestännegkeeta senger Fräiheet sinn.Eisem Grand Duc Henri a senger Famill wënsche mirop dësem Dag alles Guddes fir d’Zukunft an e weiderterfollegräicht Schaffen am Dingscht vun eiser klengerNatioun.Vive de Grand Duc !Vive Lëtzebuerg !

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!