programme théâtre saison 2013-2014.pdf - Esch sur Alzette
programme théâtre saison 2013-2014.pdf - Esch sur Alzette
programme théâtre saison 2013-2014.pdf - Esch sur Alzette
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
Théâtre

Produktioun : Cabarenert

LuxiLeaks

68

69

Psssst!!!! Näischt weidersoen, et ass alles

geheim. Esou geheim, datt all Mënsch et

weess! Jiddweree weess eppes, awer kee vill,

an ob et iwwerhaapt stëmmt, dat sief dohigestallt.

Wou koumen déi Informatiounen

hier? Ass do éieren een net dicht, gëtt éieren

nogehollef, nogesicht, nogefuerscht, nogebuert

oder ass d’Material muedebëtzeg? Well

dann zitt et aus de Lächer, an et facht; et ass

eppes faul. All déi Ondurrenheete kommen

un d’Liicht, awer si géinge se léiwer verstoppen

an nimools weisen.

Du kriss alles um Plateau zerwéiert, mee

pak nëmmen näischt un! Du verbrenns der

d’Patten. Dat si gliddeg Eisen, an awer; du

kriss se fir d’Vrecken net gebéit; och wann s du

de Mond wässereg gemaach kriss. Ass et net

besser, du gëss iwwerhaapt näischt gewuer?

Hues du nach ëmmer net bekäppt? Këmmer

dech ëm näischt, da kënns de an näischt! Stay

behind! Allez hopp: shredder alles, kier alles

ënnert den Teppech oder stiech einfach alles

hannescht an d’Lach! Dajee... maach virun,

soss hänks du op eemol mat an de Seeler!

Regie :

Guy Geimer

Mat :

Monique Melsen, Marcel Heintz,

Al Ginter - Karin Seywert

THEATRE

T040 VE 21 MAR 14 20:00

T041 SA 22 MAR 14 20:00

T042 DI 23 MAR 14 17:00

© Raymond Erbs