programme théâtre saison 2013-2014.pdf - Esch sur Alzette
programme théâtre saison 2013-2014.pdf - Esch sur Alzette
programme théâtre saison 2013-2014.pdf - Esch sur Alzette
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
24

Théâtre

Koproduktioun : Kasemattentheater, Escher Theater

De Konterbass

vum Patrick Süsskind an d’Lëtzebuergëscht iwersat vum Nico Helminger

25

© Bohumil Kostohryz

Regie :

Charles Muller

Mat :

Germain Wagner

THEATRE

T010 VE 08 NOV 13 20:00

T011 SA 09 NOV 13 20:00

Hie lieft eleng a senger schallisoléierter Wunneng,

eleng mam Konterbass, sengem Instrument,

dem gréisste vun alle Sträichinstrumenter,

ouni dat, wéi hie seet, keen Orchester kann

existéieren, well et sou eppes wéi d’Fëllement

ass vun all Musik. Hien, de Musiker ouni

Numm, ass op Liewenszäit engagéiert am

Philharmoneschen Orchester, wou en hannen

an der leschter Rei seng Plaz huet, obwuel de

Konterbass senger Meenung no dach, dat zentraalt

Orchesterinstrument ass. Uganks setzt

hien alles drun, säin Instrument a beschtem

Liicht ze weisen, léisst awer duerchblécken,

datt dat mat deem Konterbass net sou einfach

ass, a lues a lues gëtt seng Ried dann zu enger

Ofrechnung, net nëmme mat sengem Instrument;

Dirigenten, Solisten, Komponisten an

och aner Leit mussen dru gleewen. Seng Ried

weist hie méi a méi net nëmmen als frustréierte

Kënschtler a noléis sege Musiker, dee

gär mol e puer Nouten ausléisst, mä och als

verbatterten a verbruete Klengbierger, deen

ze kuerz koum an op Revanche aus ass. A

Schold u senger miserabeler Situatioun ass dat

ondugent Instrument, dat hien net nëmmen

an déi hënnescht Rei vum Orchester zwéngt,

mee him ëmmer am Wee steet an him d’Liewe

schwéier mécht, souguer, wann et ëm d’Fraleit

geet...

Mat vill Witz a Gespier, subtiler Ironie a

geleeëntlech och Sarkasmus zeechent de

Patrick Süskind d’Bild vun dësem Musiker, dee

sech net unerkannt fillt, dee säin Instrument

brauch, well et hien zum Kënschtler mécht an

deen et grad sou haasst, well et aus him e Verléierer

mécht, hien an eng Roll dréckt, déi hien

net spille wëllt. Dobäi erliewe mer hien souwuel

als Gemittsmënsch, dee gär säi Béierchen

drénkt – Konterbass spillen ass eng kierperlech

Aarbecht, bei där ee vill Flëssegkeet verléiert

– wéi als béisaartege Klenggeescht, dee

säi Gëft street, als studéierte Kapp, dee gär op

gescheit mécht – awer mat sengem ugeliesene

Wëssen näischt unzefänke weess a leschtlech

an Absurditéiten erëmschwadro néiert – wéi

als geeschtege Raudi, dee seng Roserei net am

Zam hale kann a géint all déi wierdert, vun

deenen hie mengt, si wiere Schold u sengem

Ongléck.