programme théâtre saison 2013-2014.pdf - Esch sur Alzette
programme théâtre saison 2013-2014.pdf - Esch sur Alzette
programme théâtre saison 2013-2014.pdf - Esch sur Alzette
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
Spectacles Associations Luxembourgeoises

Produktioun : Rappdeckelen

Chaos bei de Kusinnen

E lëschtegen a spannende Krimi

134 135

Regie:

Nico Lessyn

Musek:

Jeff Glesener

Technik:

Cathy Lessyn, Zoé Becker

Spezialeffekter:

Patrick Bissen

Mat:

Claude Bertemes, Thomas Berthol,

Willy Blommaerts, Isabelle Dekens,

Marie-Paule Greisch, Laura Lessyn,

Liliane Luyckfassel, Pia Michels,

Carole Thommes

D’Rosi, d’Marthe an d’Dorothée si Kusinnen.

Enges Dags stibitzt d’Dorothée dem Marthe

säin Freier. Dëst, rosen wéi eng Spann, päckt

seng siwe Saachen a fort an Italien. D’Rosi

huet mussen all di Zäit op d’Haus oppassen.

D’Marthe war knaps fort, huet d’Dorothée

schon am Haus gewunnt. A fir net brauchen

um leschte Su ze knaen, verlounen se Kummeren

un d’Viola, eng Studentin dat grad un

enger Thèse schreift, un de Mamadou, dee

Voudou-Statue bastelt an se dann op Maert

verkeeft. D’Rosi selwer liest d’Zukunft an de

Kaarten, fir all déi, déi se wëlle wëssen awer

virun allem fir d’Madam Viltgen, dem Minister

seng Fra. D’Liewen hëllt e gemittleche

Laf, bis deen Dag wou d’Marthe erëm virun

der Diir steet. Awer nët aleng, mam Agatha,

e ganz gelungene Personage, dee benzeg ass

dësen Tableau ze gesinn. Dësen Tableau ass

nämlech e Portrait vun der Ururgroussbomi

vum Marthe, a méi wéi wertvoll. Just, dësen

mysteriéisen Tableau ass nët méi do! Verschwonnen!

Eng Katastroof! Wéi dem Marthe

dat alles erklären: Locatairen, Klienten mat

Zukunftsängscht déi do Dag fir Dag eran

an aus ginn? D’Verschwannen vun hirem

Tableau? Domadder nët genuch, do kraïtzt

och nach den Noper Robi op, deen einfach

blockéiert beim geringste Gejaïtz. Wat fir eng

Strategie fällt dem Dorothée an dem Rosi

an, fir dat eent ze fannen ouni de Rescht ze

verroden??? E lëschtegt Polizeirätsel mat villen

Verwiesselungen a voller Iwwerraschungen,

mat engem onerwaarten Happy End.

THEATRE

T077 VE 25 OCT 13 20:00