Schouelbuet 2010-2011 - Käerjeng
Schouelbuet 2010-2011 - Käerjeng
Schouelbuet 2010-2011 - Käerjeng
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
Gemeng Käerjeng

Eise Schoulausfluch op Paräis 28. bis 29. Juni 2010

(Cycle 4)

„Begeeschtert huet mech den

Eiffeltuerm, dee war rieseg an en

huet esou schéi gefonkelt.“ Laura

„Ech hunn et flott fonnt, wou mir

ënnert dem rieseg groussen Eiffeltuerm

stoungen.“ Ken

„Schued datt mer nëmmen 2

Deeg zu Paräis waren, et hätten

der roueg 4 kënne sinn.“ Kevin P.

„Ech hunn et cool fonnt mat dem

bateau-mouche ze fueren, dat

géif ech jidderengem weiderempfehlen.“

Chiara

„Ech hu mech ëmmer gefreet

wa mer erëm mam Metro gefuer

sinn.“ Natascha

„De Metro huet mer net esou

gefall, et war einfach keng

Plaz.“ Nuno

„Am Musée de l’Orangerie

houngen schéi Biller vu bekannte

Moler.“ Kim

„Dat wat ech mir mäin Liewen

lang verhalen waert, ass dat

Paräis eng faszinéirend Stad

ass.“ Tom S.

„Am Jardin du Luxembourg hunn

ech déi vill Blummen a Statuen

super fonnt.“ Ana

Méindes moies si mir, d’Klassen vun de Jofferen

KIMMES Danièle, MAUER Fabienne a SCHUH

Françoise, Richtung Paräis opgebrach.

Bei schéinstem Wieder si mir géint Mëtteg an der

franséischer Haaptstad agetraff. Gudd gestärkt

hu mir Paräis zu Fouss a mam Metro entdeckt:

bewonnert hu mir d’Gebai vum Louvre mat sénger

impressionnanter Pyramid, ameséiert hu mir eis

am „Jardin des Tuileries“, d’Séirousen vum Monet

hu mir am „Musée de l’Orangerie“ op eis wierke

gelooss. Gefreet hu mer eis wou mir endlech

ënnert dem giganteschen Eiffeltuerm stoungen.

Op de Champs Elysées hu mir zu Owend giess an

dësen opreegenden Dag um „bateau-mouche“

auskléngen gelooss.

Eisen zweeten Dag huet eis op Montmartre

verschloen wou mir no engem ustrengenden

Opstieg d’Basilika „Sacré-Coeur“ bestaune

konnten. Ronderëm d’ „Place du Tertre“ hate

mir d’Geleeënheet flott Souveniren fir eis Léifsten

doheem ze besuergen. Gerascht hu mir am

„Jardin du Luxembourg“ no engem einfachen

Mëttegiessen an engem Universitéitsrestaurant

am Quartier latin. Eis lescht Etapp huet eis lanscht

de Panthéon duerch d’“rue Mouffetard“ zréck an

den Hotel gefouert. Um halwer 10 si mir rëm zu

Käerjeng agetraff.

Schoulbuet 2010 • 2011

37