24.01.2015 Aufrufe

A qui sert le leadership autocratique du directeur du SIGI* ? - FGFC

A qui sert le leadership autocratique du directeur du SIGI* ? - FGFC

A qui sert le leadership autocratique du directeur du SIGI* ? - FGFC

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN
• Keine Tags gefunden...

Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.

YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.

04 » EDITO

EDITO

Neie Wand

De Fändel vun der westafrikanescher Republik Gambia sot mir bis zu de Wahlen

näischt. Elo weess ech wéi en ausgesäit : rout, blo, gréng.

Mir liewen an aussergewéinlechen Zäiten, villes geschitt wat ech virun enger Zäit net fir

méiglech gehalen hätt. Dat, wat mer elo direkt no de Wahlen erlieft hunn, geet an déiselwecht

Richtung.

No Joerzéngte kréie mer elo scheinbar e Regierungsmodell deen nach ni do war. Doriwwer

ze streiden ob dës Konstellatioun demokratesch legitiméiert ass, bleift iwwerflësseg.

D’Majoritéit ass d’Majoritéit - Punkt. Déi, déi elo haart jäizen, maachen datselwecht wann

et hinnen an de Chrom passt.

Déi Jonk wëllen un d’Muecht. Dat ass och legitim, well an der Politik geet et ëm Muecht.

Lëtzebuerg ass och längst räif fir déifgräifend gesellschaftspolitesch an demokratesch Reformen.

Déi nei Regierung kritt dëst nëmmen hinn, wann se esou vill Bierger wéi méiglech an

dës Projeten integréiert kritt. Dofir däerf et no der Regierungsbildung och net zu enger

Spléckung vun eiser Gesellschaft kommen. Virun allem am Hibléck op déi kommend

Erausfuerderungen, kënne mer eis dat net leeschten.

Loosst den ugekënnegten neie Wand emol blosen. Och mir mussen eis der Welt upassen,

alles anescht ass Illusioun.

Wonnere sollte mer eis awer net, wa mer de Wand ëm eis eegen Nues spieren. Et ass nach ze

fréi fir soss eppes ze soen a mir mëschen eis och net an déi aktuell Diskussiounen zwëschen

de Parteien.

Gespaant bleiwe mir trotzdem, wéi an dëser Dräierkoalitioun déi liberal a sozial Changementer

mat eise Gewerkschafte sollen ëmgesat ginn. Virun allem eis Positioun a Punkto Accord

an der Fonction Publique ass bekannt : „Pacta sund servanda“.

Och dës Regierung huet eng Chance verdéngt, dofir loosse mer se also emol schaffen.

Mir waarden op déi konkret Dossieren an hoffen, datt mer net um Enn feststellen, dass dat

wat geblénkt huet awer kee Gold war.

Am Virfeld vun dëser Regierungsbildung bedeelege mir eis als FGFC och un de Sozialwahle

vum 13. November 2013. Dofir en Opruff un all eis Memberen ënnert dem Salariësstatut :

Wielt d’Lëscht 10 : FGFC Gewerkschaft vum Gemengepersonal !

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!