Gemengeblat Biissen - Bissen
Gemengeblat Biissen - Bissen
Gemengeblat Biissen - Bissen
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Klautjen 9| 2008 − 22

Floumaart am

Frounert

Deen éischte Floumaart zu Biissen huet de

Cercle dramatique am Joer 2000 bei der

Sportshal organiséiert. A well et sou eng flott

Saach war, sech vill Leit gemellt, a vill

Virwëtzeger kucke komm waren, gouf vun do

uns all Joer sou ee Floumaart organiséiert, an

zwar den 1. Sonndeg am August.

Fotoen:

Lissy Ehmann

Allerdéngs ass de Floumaart scho virun enger

Zäit erof an den Duerfkär geplënnert, wou dëst

Joer 80 Stänn stoungen. Vun allméiglechem

Geschir iwwert Spillsaachen, Bijouen, Bicher,

oder Biller fir un d’Mauer a Kleeder bis zu allem,

wat een am Stot gebrauchen an och net brauche

kann, huet déi breet Palette vu Saachen, déi ee

fir wéineg Geld kafe konnt, gereecht. Och d’Croix

Rouge war, wéi all Joer, rëm mat engem Stand

derbäi, an hat ee grousse Succès. D’Wieder war

dëst Joer wonnerbar, sou datt vill Leit komm

waren, an de Cercle mëttes äifreg Menuen

zervéiere konnt.

Deen nächste Floumaart am Frounert zu Biissen

ass den 2. August 2009. Et kann ee sech elo

schonn umellen iwwert Tel. 80 32 25 217 oder

691 63 71 21. Et gëtt kee Standgeld

opgehuewen.

R.S./M.M.