Gemengeblat Biissen - Bissen
Gemengeblat Biissen - Bissen
Gemengeblat Biissen - Bissen
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Léiwe Kleeschen,

gudde Kleeschen…

Och dëst Joer hat de Kleeschen de Wee rëm op

Biissen fonnt. Den 30. November ass hien, zesumme

mat sengen zwéi Gesellen an e puer kleng

Engelcher vun de Pompjeeë bei d’Sports hal

gefouert ginn, wou nieft dem Buerger meeschter, de

Schäffen an de Gemengeréit eng Rei Leit an

natierlech Kanner op den Hellege Mann gewaart

hunn, an d’Musek hie mat Schmass begréisst huet.

Am Sall war alles vun dem Cercle dramatique an

de Gemengenaarbechter préparéiert ginn, sou

datt de Kleesche sech gemittlech op säin Troun

setze konnt, fir de Kanner aus dem 1. an 2.

Schouljoer nozelauschteren. Déi kleng Schüler

vum Jean-Marie Bock, Cathy Alen a Viviane

Welter hu Gedichter virgedroen a Lidder

gesongen, an d’Océana Kaell huet him e Stéck

op der Gei, an den Tom Merlo op der Trompette

gespillt. Wéi all Joers kruten dës Kanner vum

Kleeschen nieft der Tiitchen och ee klenge

Cadeau. Alles an allem huet de Kleeschen deen

Dag iwwert 400 gutt gefëllten Tiitercher un déi

Kleng verdeelt, an den Houseker huet deenen,

déi en net gefaart hunn, eng Rutt an de Grapp

gedréckt.

De Klautjen wënscht allen

Awunner vu Biissen an dem

Rouscht schéi Feierdeeg an

e glécklecht Neit Joer!