Gemengeblat Biissen - Bissen
Gemengeblat Biissen - Bissen
Gemengeblat Biissen - Bissen
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Klautjen 9| 2008 − 6

D’Biisser Porkierch

ass opgefrëscht

Am Laf vun deene leschte Méint gouf un

der Biisser Porkierch geschafft: Déi eelste

Fënstere goufe restauréiert, an d’Bänken

an der Mëtt gedeelt, sou datt elo nees e

Mëttelgank besteet.

Poléiert an ëmweltfrëndlech Fënsteren

Déi Biisser Porkierch huet dräi Zorte vu Fënsteren:

véier méi al, gemoolte Fënstere vir,

rechts a lénks vum Kiercheschëff; zwou kristalliséiert

Fënstere vun Uganks 20. Joerhonnert

am Chouer, an all déi aner Fënsteren am

Kiercheschëff, déi aus der Zäit nom Krich sinn.

Restauréiert goufen elo an enger éischter

Phas déi véier méi al, gemoolte Fënsteren,

déi aus dem Joer 1886 stamen, an och déi

wäertvollst sinn. Si stellen duer: d’Stengegung

vum Stephanus (dem 1. Kierchepatréiner),

d’Verbrenne vum Laurentius op engem Grill

(2. Kierchepatréiner), d’Visioun vun der

Schwëster Marie Marguerite Alacoque, déi

d’Häerz Jesu gesinn huet, an d’Iwwerreeche

vum Rousekranz vun der Muttergottes un den

hl. Dominikus.

Dës véier Fënstere sinn an all Bestanddeeler

zerluecht ginn: all Glasschierbel ass erëm

mat enger neier Verbläiung frësch zesummegesat

ginn, gerasse Stécker sinn duerch nei

Stécker ersat ginn. Selbstverständlech goufen

d’Glasstécker och gewäsch a gebotzt. Mer

hunn also quasi nei Fënstere mat ale Glasstécker.

Fir Energie ze spueren, ass baussen

eng extra Glasscheif agesat ginn, déi ofgedicht

gouf, an déi faarweg Fënstere sinn dräi

Zentimeter hannendrun (also no bannen) mat

enger Schrauwekonstruktioun festgemaach

ginn. Sou hu mer also ewell eng Duebelverglasung.

Et sinn zwou Fënsterëffnunge virgesinn (grad

esou wichteg wéi eng Heizung am Wanter ass

d’Lëfte vun der Kierch am Summer), an zwar

esou, dass d’Glas no baussen opgeet (si kippt

net méi), an et net era reene kann oder Vigel

erakomme kënnen.

D’Hasteng, déi ferm gelidden hunn ënnert der

Witterung an dem Dauwendréck, sinn ausgebessert

an ausgeschmiert ginn. Ee Koffer-

blech ass baussen ënnert d’Fënstere geluecht

ginn, fir dass d’Waasser no baussen ofleeft.

Fir d’Fënsteren an d’Hasteng virun den

Dauwen ze schützen, ginn nach dënn Dréit

gespaant, fir dass d’Dauwen sech do net méi

ophale kënnen.

D’Kierchefabrik seet der Gemeng villmools

Merci fir dës opwänneg Aarbechten, déi zum

Gudde fir d’Gebai sinn, an déi eis hëllefen,

vill Energie ze spueren. Déi véier wäertvollst

Fënstere si gemaach! Déi aner bleiwen nach ze

maachen. Et muss een ervirsträichen, dass eis

Kierch ee ganzen Ar Fënsterfläch huet.