12.07.2015 Aufrufe

revue musicale - Union Grand-Duc Adolphe

revue musicale - Union Grand-Duc Adolphe

revue musicale - Union Grand-Duc Adolphe

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN
• Keine Tags gefunden...

Erfolgreiche ePaper selbst erstellen

Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.

RevueMusicaleles sociétés en fête100 JoerReckenger MusekDéi éischt 30 Joer …1904 huet d’Iddi, datt eng Stad eng Musek misst hunn, ëmsech gegraff a sech bis an eis Dierfer era verbreed. OchReckeng wollt net zréckstoen, an 28 Leit hu sechzesummefond, fir hei eng Musek ënnert dem Numm“Harmonie Reckange-Roedgen” op d’Been ze stellen. Märkënnen net anescht wéi den Hutt zéien virum Mutt deen déiLeit deemools fir d’Saach opbruecht hunn. Deemools huet netjiddereen erkannt, wat eng Musek zur Beliewung an zurVerschéinerung vum Duerfliewen bäidréit, a munch een huetsech einfach dergéint gestallt well d’Saach vill Geld kaschthuet.Wéi et schéngt huet et den éischten Dirigent vill Schweesskascht, bis den éischte Marsch geblose konnt ginn. 1906 goufdeen éischte Fändel ugeschaft an d’Gesellschaft gouf Membervun der „Union Grand-Duc Adolphe“.Trotz finanzieller a materieller Schwieregkeeten, an ochmuncher Kris, wéi den éischte Weltkrich, huet d’Musek hiréischt Joren gemeeschtert an no beschtem Kënnen zurVerschéinerung vun den Duerffeieren bäigedroen. Déi laangWanterowenter goufen och deemools schon duerch Theateropféierungenverkierzt.Den éischte gréissere Meilesteen an der Geschicht vun derReckenger Musek war dat 30-jähregt Stëftungsfest 1934.Wéi eise Museksall entstanen ass …Vum Grënnungsjoer 1904 un hat d’Musek kee richtegtDoheem an 1934 gouf beschloss, dem Veräin en eegent Heemze bauen. D’Bauplaz gouf der Musek vun hirem deemoolegePräsident, dem Här J.-P. Hilger, gratis iwwerlooss, wat eschéinen a generéise Geste war. Mä och d’Memberen wolltennet zréckstoen an hunn all eng Hand mat ugepaakt. De 24.Dezember 1935 stung der Musek hiren neie Sall do. An nachhaut ginn d’Prouwen an dësem Sall ofgehalen.Och déi Zäit wéi de Sall gebaut gouf, ass net opgehale giMusek ze maachen. A fir Suen an d’Kees ze kréien, goufTheater gespillt. Mä alles war ze schéin fir laang ze daueren.Kaum waren d’Onofhängegkeetsfeieren am Joer 1939eriwwer, huet d’Musek hir Aktivitéite wéinst dem zweeteWeltkrich missten astellen. 1952 gouf op Virschlag vumDirigent d’Harmonie an eng Fanfare, d’«Fanfare Reckange-Roedgen» ëmgewandelt.No 50 Joer …1954 gouf de Cinquantenaire gefeiert an en neie Fändelageweit. Déi éischt richteg Uniforme fir d’Reckenger Musekgoufen ugeschaaft. 1959 war d’Fanfare Reckange-Roedgen opden UGDAs-Concours op Téiteng.1967 hu Solfège-Coursen ënnert der Leedung vum deemolegeDirigent Norbert Pegel ugefaangen. Dës Coursen solltenimmens wichteg sinn fir nei Musikanten op d’Pulter vun derMusek ze kréien.Nom Motto „Musik trägt am meisten zur Verbrüderung derVölker bei“ (Rubinstein), war d’Reckenger Musek währendpraktesch 10 Joer un engem Austausch mat Würm anDäitschland bedeelegt.1969 feiert d’Musek hirt 65-jähregt Bestehen. 1973 huet deJean-Marie Reding den Dirigente-Posten iwwerholl an e sollten iwwer 20 Joer net méi verloossen.Enn vun de 60er Joren ass ugefaange ginn Halleffaaschten enFuesends-Ëmzuch ze organiséiren, aus deem déi spéiderKavalkad entstoe sollt, a wou alt emol bis zu 3000 Leit opReckeng komm sinn. Iwwer 20 mol ass d’Kavalkad zuReckeng ofgehale ginn, woubäi d’Haaptorganisateurend’Reckenger Musek, d’Union des Jeunes an de Gesank waren.Säit 1973 gëtt och praktesch all Joer en neit Theaterstéckopgefouert. D’Theatersektioun gehéiert fest an d’ReckengerMusek verankert. 1978 goung de Veräin eng zweeten, a fir deMoment leschte Kéier, op den UGDAs-Concours.Mat 75 Joer …Am Kader vun der 75-Joer Feier vun der Musek sinn 1979 engMusekswoch, en Zeltfest an och eng Fändelsaweiungduerchgezu ginn.Nom Concours ufanks vun den 80er Joren war erëm enggewësse Veräinsmiddegkeet festzestellen. Mä et kann ee soen,dass d’Reckenger Musek säit jehier mat engem Minimum vuMusikanten auskënnt an och auskomme muss.D’Jugend vun der Musek war ëmmer ganz aktiv matOrganisatioune wéi Gänsespill an och Rallyen souwéi Fuesananer Diskoen. Cortègen fir Kommioun, Firmung,Nationalfeierdag, Hämmelsmarsch an och fir de Kleeschengehéiren zum feste Programm vum Veräin, niewent dentraditionellen Ausflich. D’Musek huet ëmmer versicht anallen Dierfer aus der Gemeng a vu ronderëm matzehëllefen.Säit 1983 ass de Chrëschtowend (och Träipefest genannt)erëm all Joer den 2te Weekend am Dezember um Programm,oft verbonne mat engem Krëppespill, engerDiplomiwwerreechung oder och engem Hobbymaart. Fird’kleng Kiermes zu Reckeng (leschte Weekend am Januar) getall Joer en „Dîner-spectacle“ organiséiert.Zënter 1995 ass de Germain Thomas als Chef umDirigentepult. Dat Joer goufmat neie Statuten och déigesetzlech Lag vun der Musekkloergestalt an eng Asbl(Association sans but lucratif)ënnert dem Numm „ReckengerMusek asbl“ gegrënnt.Wee gäre bei eis matmécht(an et ginn ëmmer Leitgebraucht), ka méindes owesbei eis an de Museksall opReckeng/Mess, 4 Huelstroosskommen, oder sech bei engemvun eise Leit mellen.Kontaktadress:Martine Tolksdorf, Sekretärin,1 Rue A. Duchscher,L-1424 Luxembourg(Photo: Paul Berg)22

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!