03.04.2017 Views

LG 197

Create successful ePaper yourself

Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.

EDITO

Lëtzebuergesch – Virum Austierwen bedroht?

Et ass nach net laang hier, do huet d’Petitioun 628 grouss Wellen uechtert d’Land geschloen.

Lëtzebuergesch sollt déi éischt administrative Sprooch ginn an domat d’Franséisch an d´Däitsch

IPIL 68

op déi zweet Plaatz verfrachten. Mat enger Rekordunzuel vunn bal 15.000 Ënnerschrëften,

huet dës Petitioun et däitlech gemaach, wat fir e Stellewert d’Lëtzebuerger Sprooch an der

LETZEBUERGER GEMENGEN

Publication éditée par Euro-Editions S.A.

www.gemengen.lu

öffentlecher Debatte huet. D’Haaptuléeën vunn dëser Petitioun war et d’Lëtzebuerger Sprooch

virum “Ausstierwen” ze retten. D’Fro déi sech niewent all den prakteschen Considératiounen

vun der Ëmsetzung vun der Petitioun stellt, ass op et wierklech esou schlecht ëm eis Sprooch

bestallt ass?

Société éditrice

Euro-Editions S.A.

24, rue Michel Rodange • L-4660 Differdange

Régie publicitaire

Julien Malherbe

marketing@euroeditions.lu • Tél. 58 45 46 30

Administration

Lucia Ori

Tél. 58 45 46-29 • Fax 58 49 19

admin@euroeditions.lu

Conception et réalisation graphique

Sophie Glibert

sophie@euroeditions.lu • Tél. 58 45 46-25

Rédaction

Julien Brun

julien@euroeditions.lu • Tél. 58 45 46 26

Martina Cappuccio

livinggreen@euroeditions.lu • Tél. 58 45 46 26

Photographie

Marie De Decker, Rodolphe Lebois, Julien Duckers,

Vincent Remy, Eric Devillet, Fanny Krackenberger

Et ass schonn e Fakt, dass Lëtzebuergesch am Atlas vun der UNESCO iwwert Sproochen a

Gefor als “vulnérabel” opgelëscht ass, mee muss een awer do ervirhiewen, dass dës Kategorie

sech um ieweschten Enn vum Spektrum befënnt an nach vun de Kategorien “a Gefoer”, “seriö

aGefoer”, “a kritescher Situatioun” an “ausgestuerwen” suivéiert gët. Eng “Vulnerabel”

Sprooch get doriwwer eraus vun der UNESCO definéiert als eng Sprooch déi d ‘Majoritéit vun

de Kanner schwätzt mee wou sech dat op e bestëmmte Domaine beschränkt (wéi bspw.

Doheem). E gudden Ausgangspunkt fir eng Sprooch ze erhalen ass et jo mol, wann déi eruwuessend

Generatiounen d’Sprooch beherrschen a schwätzen.

Doriwwer eraus ass dem Fernand Fehlen, Soziolinguist op der Uni Lëtzebuerg, no

Lëtzebuergesch esou gefrot ewéi nie, wat haaptsächlech op déi nei Medien zeréckzeféieren

ass. Säit dem opkommen vun Handy’en an dem Internet mat sengen sozialen Netzwierker huet

d’geschriwwe Lëtzebuergesch en regelrechten “Boom” verzeechent. Op eemol ass et “cool”

ginn Reklameplakater mat Lëtzebuerger Sprooch ze drécken an hippen Caféen Lëtzebuergesch

Nimm ze ginn.

Och wann déi aktuell Entwécklung vunn der Lëtzebuerger Sprooch éischter als positive ze

bewäerten ass, huet d’Petitioun 628, et awer däitlech gemaach, dass eng konkret Angscht

besteet, dass Lëtzebuergesch a Gefor ass. Fir dëser Angscht Rechnung ze droen, ass den

9. März d’Strategie vun der Regierung zum erhalen vunn der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt

ginn, déi haaptsächlech d’Promotioun vun der Lëtzbuerger Sprooch duerch eng Rei vu konkreten

Mesuren virgesäit (an deem Sënn wäert LG och ab elo an all Ausgab en Lëtzebuerger

Artikel presentéieren), mee Lëtzebuergesch awer net als Amtsprooch aféiere wëll.

Impression

Imprimerie Centrale

Zwar huet d’Petitioun 628 hiert d’Ziel Lëtzebuerg als Amtssproch anzeféieren net erreecht, mee

huet awer dofir eng wichteg Debatte iwwert d’Sprooch op politeschem Niveau lancéiert.

Ewichtege Punkt deen sech an dëser Debatte erauskristalliséiert huet an deen sech och an der

Stratégie vunn der Regierung widergespigelt, ass dass et net nëmmen wichteg ass fir

©Euro-Editions

Tous droits de reproduction réservés pour tous pays. Tous manuscrits, photos et

documents envoyés à la rédaction ne peuvent être exploités qu’avec l’accord de leurs auteurs.

Publiés ou non, ils ne seront pas restitués. Les reportages signés n’engagent que leurs auteurs.

Les prix figurant dans cette revue sont indicatifs et peuvent être sujets à des variations dont

l’éditeur ne pourrait nullement être tenu pour responsable.

d’Lëtzebuergesch mee virun allem och d’Villsproochegkeet vum Land ze schützen an ze promouvéiern.

Et ass virun allem dës Villsproochegkeet déi Lëtzebuerg esou eenzegaarteg mëscht

an déi et dofir ze schützen gëllt.

Christiane Zeimet

Hooray! Your file is uploaded and ready to be published.

Saved successfully!

Ooh no, something went wrong!