Mam Vëlo do! - lvi.lu | Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ
Mam Vëlo do! - lvi.lu | Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ
Mam Vëlo do! - lvi.lu | Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
177

Monique Goldschmit

Interview „De Vëlo woar

déi Joaren dat Kamoudst

wat mär haten“

Wéi wor dat fréier, wou de Vëlo nach fir vill Leit hiert wichtegst Transportmëttel wor? D’Monique Goldschmit

huet sech mat zwee fréiere Schmelzaarbechter ënnerhalen.

Den Här Pauly vu Rëmeleng

Den Här Pauly ass am Dezember 1932 gebuer. Ech hunn

hie getraff bei him doheem zu Rëmeleng, wou hien

zesumme mat senger Fra lieft.

1947 war den André Pauly zu Mutfert an enger

Schräinerei an der Léier, a säi Patron hat eng Entreprise

zu Hengescht iwwerholl. „Mär haten eng Camionnette,

a méindes ass de Patron mat eis doropper gefuer,

an da si mär déi ganz Woch dobliwwen. Do hu mär

da geschafft vu moies siwe bis owes siwen. Méindes

hunn ech zu mengem Patron gesot: Ech muss awer

de Mëttwoch an d’Schoul. Mëttwochs woar ëmmer

Beruffsschoul.“ Als Äntwert krut hien, datt en da selwer

misst kucken, wéi en dorower kéim. „Du sinn ech mam

Vëlo vun Hengescht bis op Sandweiler gefuer – do

hu mär gewunnt. Ech hat véierzéng Joar, a wa mäi

Papp et gewosst hätt, deen hätt dem Patron d’Guergel

zougedréckt. Vun Hengescht bis op Dikrech woare

keng Stroosse méi, dat woar jo nom Kréiich alles futti,

am Agank vun Dikrech ass d’Strooss e bësse besser

ginn, an et woare keng Autoen an der Strooss, déi

puer amerikanesch Camionen déi ee begéint huet …

Da sinn ech mëttwochs an d’Schoul gaangen, an ech

sinn donneschdes moies um véier Auer zu Sandweiler

fortgefuer, well ech hu missten um siwen Auer zu

Hengescht sinn.“

Den André Pauly haut …

… a fréier, op engem Velostour 1948. Zu zwee ënnerwee

op Berbourg, fir e blanne Frënd ze besichen.