Gemengebuet 2/2008 - Junglinster
Gemengebuet 2/2008 - Junglinster
Gemengebuet 2/2008 - Junglinster
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
Culture / Kultur

Pages culturelles / Kulturseiten

Les artistes de la commune de Junglinster ont la possibilité de se présenter sur les pages culturelles du «Gemengebuet».

Il faut seulement envoyer au collège échevinal une notice biographique, ainsi que quelques photos de l’art pratiqué.

Die Künstler aus der Gemeinde Junglinster haben die Möglichkeit, sich auf den Kulturseiten des „Gemengebuet“

vorzustellen. Sie brauchen dazu lediglich eine Kurzbiographie, sowie einige Fotos der ausgeübten Kunst, dem

Schöffenrat zu übermitteln.

Rose Antony

Joergang 1957

wunnhaft zu Gonnereng

Schonn als Kand hun ech gäre

gemolt, op alles an an alles wat ech

fond hun. Mee eréischt nodeem ech

2003 opgehaalen hun mat schaffen,

hun ech d’Molerei nees nei

entdeckt an mech voll drageknéit.

Faszinéiert vu Molerei, Konscht am allgemengen, ower och vun der

Konschtgeschicht, hun ech dunn hei am Land verschidde Coursen beluegt,

ënner anerem d’Summer-Akademie am „Arts et Métiers", Coursen bei den

Artisten Iva Mrazkova an Lydia Markiewicz, dem Jean-Benoît Dominicy a

mech der abstrakter Acryl-

Molerei verschriwen. Den

Interessi u menger neier

Aktivitéit huet sech ëmmer

méi verdéift an ech hun décidéiert, mech op der Konschtakademie

Tréier anzeschreiwen. „Die Grundlagen der Malerei“ mam Dozent

Mick Starke wore meng éischt Erfahrung am Joer 2006. E Joer méi

spéit hun ech gläich zweemol d’Akademie zu Tréier besicht. Am

Fréijoer den Hauptstudiengang „Zeichnung und Malerei“ mat den

Dozenten Volker Altrichter / Martin Mohr (Zeichnung) an Ruth

Clemens / Dagmar Wassong / Christine Henn (Malerei). 9 Wochen

Intensivstudium, 8-10 Stonnen Molen am Dag, dat war haart, ower

immens léierräich. Am Hierscht 2007 hun ech dunn nach den

Hauptstudiengang „Malerei“ mat den Dozenten Christine Henn /

Rolf Viva während 6 Wochen beluegt.

Ech haat an der Tëschenzäit esou

vill geschafft a gouf vu der Famill,

ville Frënn a Bekannten encouragéiert

mech an der Öffentlechkeet

ze weisen. No e puer Gemeinschaftsausstellungen

haat ech dunn am

März 2008 meng éischt perséinlech

grouss Ausstellung an der Firma

Emile ANTONY zu Mertert/

Fausermillen. De groussen Erfolleg

hei huet mech ugespornt meng

Aarbecht weiderzeféieren an op

déi nächsten Ausstellung hin ze

schaffen.

page 15