LG_246_BD
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
E KLENGT BUCH IWWER

GEMENGEPOLITIK

Fréd Ternes

„ROUT-WÄISS-BLO“

„PURA VIDA“ „ELEFANTENHAUT“

„FAST SECOND” SINN

„POLITIK ASS KEE SPILL“

„MANAGEMENT BY WALKING“

„DU WOLLTS ET JO SOU !“

„REACTING WITH NO REACTION“

Virun 10 Joer gouf de Fréd Ternes mat deemools

24 Joer als neie Schäffen an der Gemeng

Nidderaanwen an d’kaalt Waasser gehäit. Säitdeem

huet hie ganz vill Erfarunge gemaach, déi hien

anere jonke Politiker wëll mat op de Wee ginn.

Säi Buch „E klengt Buch iwwer Gemengepolitik“

ass e lëschtegt Buch mat Anekdoten a Fotoen aus

sengem Alldag an iwwerrascht souguer mat engem

buedemstännege Kachrezept.

A 17 kuerze Kapitelen wéi z.B. „Du wollts et jo sou“,

„Politik ass kee Spill“ oder „Eng Elefantenhaut“

gëtt den Auteur eng Rei wichteg a witzeg Tipps

fir d’Liewen als Politiker awer och einfach als

Mënsch am Zesummespill mat deenen aneren.

Dëst Buch gëtt Denkustéiss fir d’Liewen an

enger Gemeinschaft awer och Iddie wéi een haut

anescht Politik ka maachen. Zu gudder Läscht

kann dëst Buch souguer eng Inspiratioun si fir sech

politesch z’engagéieren.

Dir kritt d’Buch an deene meeschte

Librairien zum Präis vu 14,90 € ze kafen

(ISBN 978-99959-0-680-1).