LG 184
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.

De ganze Mobilitéitssecteur

ass an engem

gigantesche Wandel

Opreegung gesuergt huet. Eigentlech huet

si jo näischt anescht gesot wéi datt

d’Besteierung vu Leasingsautoen natierlech

och en Thema ass an der Steierreform.

Do konnt ee villes dran deiten, och

Negatives, mee et konnt een et och positiv

gesinn: datt d’Regierung wëll e konstruktive

Wee goen an driwwer wëll nodenken

fir am positive Sënne Ënnerscheeder ze

maachen tëschent méi a manner ëmweltfrëndlechen

Autoen a wéi ee kann

ëmweltfrëndlech Autoen a steierlecher

Hisiicht bevirdeelegen, fir méi séier en

ëmweltfrëndleche Fuerpark zu Lëtzebuerg

ze kréien. Dat ass jo och dat, wat ech am

Dezember bei de Feierlechkeeten vu

link2fleet gesot hunn. Deemools hunn ech

och gesot, datt ech am Januar eng

Reunioun mam ganze Secteur zesumme

géif aberuffen, an wann ech eppes soen,

da stinn ech och dozou.

François Bausch

Komme elo nach zum d’Reform vum

Contrôle technique. Ech hat versprach déi

Reform am Laf vun 2015 ofzeschléissen. Dat

ass geschitt, d’Gesetz ass Enn 2015 gestëmmt

ginn, et hunn nach 4 Avisen vum

Staatsrot zu den règlements grand-ducaux

gefeelt. 3 Stéck hunn ech entretemps, dee 4.

kënnt am Laf vum Januar. Soubal deen do

ass, gëtt d’Gesetz am Memorial publizéiert

an trëtt a Kraaft. Mir maachen alles dofir,

datt d’Gesetz den 1. Februar kann a Kraaft

trieden.

Déi Reform bedeit eng wesentlech

Vereinfachung fir är Clienten, well dann beispillsweis

d’Umellung vun engem Neiwon

komplett ewechfält; d’Immatriculatioun

mécht sech ech iwwer Courrier oder Mail bei

der SNCA. Dat bedeit eng enorm

Diminutioun vun de Vehicullen, déi zu

Sandweiler passéieren.

D’ Kontroll vun engem Occasiounsauto steet

dann eréischt no 4 amplaz 3,5 Joer an dann

nëmmen all 2 amplaz vun all Joer un.

Dat bedeit alleng bei de Neiween

eng essentiell Reduktioun op de

Kontrollpisten, wat d’Fluxen an

d’Waardezäiten bedeitend wäert reduzéieren.

Dës Weidere gëtt de Contrôle

technique fir kleng Remorquen ënner

750 kg suppriméiert abei Camionë souwéi

Bussen geet den Délai vu 6 Méint op

1 Joer erop, ausser fir schwaarz Schof,

déi hiren Délai erëm op 1 Joer eropgesat

kënne kréien.

Da gëtt et nach en 2. Volet vun der Reform:

d’Ouverture vum Contrôle technique à la

Concurrence.

Den Auto bleift e wichtegen Bestanddeel

vun der Mobilitéitsketten. D’Mobilitéit ass

am Wandel a wa mir alleguer dëse Wandel

zesumme positiv uginn, kënn mir nach laang

positiv Festivale feieren.

An deem Sënn wënschen ech Iech, léif

Membere vun Adal a Fegarlux, vill Erfolleg

am Festival an ech garantéieren Iech weiderhin

meng Ënnerstëtzung an déi vun menger

Équipe am Ministère. Merci.»

LG - Février 2016

19