LG 198
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
Bâtiment & construction

Net genuch Schutz fir al Bausubstanz?

Viru kuerzem hunn zwou Hausdemolitiounen hei am Land fir vill Oprou gesuergt.

Bei der enger handelt et sech em en 200 Joer alen Bauerenhaff zu Keespelt. Déi aaner

Demolitioun, déi nach em läschte Moment gestoppt konnt ginn, betrëfft en deelweis

iwwert 200 Joer alen Bauerenhaff zu Heinerscheid an der Gemeng Klierf.

Xavier Bettel

Den 200 Joer alen Bauernhaff zu Keespelt

stoung, éier en ofgerappt ginn ass, op der

Lëscht vum “inventaire supplémentaire”

deen vum “Services des sites et monuments

nationaux” opgestallt gëllt. D´Gesetz gesäit

vir, dass de Kulturminister 30 Deeg virum

Aleeden vun den Demolitiounsaarbeschten

bei engem Gebei dat am Inventaire steet,

informéiert muss ginn. Dat ass am Fall

Keespelt och passéiert an den Kulturminister

Xavier Bettel huet de Besetzer an enger

Correspondenz souguer matgedeelt, dass

hien d’Ofrappen vun esou engem denkmalwürdegen

Gebei net géiff genehmegen.

Dësen Avis vum Kulturminister schéngt

d’Besëtzer vum Gebei awer wéineg beandrockt

ze hunn, well den Bauernhaff ass

trotz allem ofgerappt ginn. D’Fro déi sech

an deem Zesummenhang stellt an déi och

vum LSAP Députéierten Franz Fayot an

enger opgeworf ginn ass, ass op den Statut

vum “inventaire supplémentaire” iwwerhaapt

en Notzen huet, wann d’Gebeier déi

drop stinn einfach esou ofgerappt kënne

ginn. Den Jochen Zenthöfer, Vizepräsident

vum “Sauvegarde du Patrimoine”, argumentéiert

ähnlech andeems hien sech freet

op déi ronn 700 Gebeier déi vum Inventaire

erfaasst gi sinn, iwwerhaapt nach geschützt

sinn. Fir deenen Heiser e bëssere Schutz ze

garantéieren plädéiert den Jochen

Zenthöfer dofier den “inventaire supplémentaire”

ofzeschafen an all den Heiser

den Statut vum “Monument national” ze

ginn.

Am Fall vun Heinerscheid, handelt et sech em

zwee Gebeier déi an de Joeren 1792 and 1852

gebaut gi sinn an déi de Besetzer mat

Genehmegung vunn der Gemeng ofrappen

loosse wollt fir Neibauten op dem Terrain ze

erriichten. Dës Ëntscheedung huet awer esou

héich Wëllen vun Entsetzen duerch d’Land

geschloen, dass den Kulturministère a läschter

Minute d’Prozedur ageleet huet fir déi zwee

Gebeier ënnert Denkmalschutz ze setzen. Mee

den Schutz vunn deenen zwee Heiser riskéiert

vunn nëmmen kuerzer Dauer ze sinn, well den

Entrepreneur deen den Terrain mat den zwee

Heiser kaf huet fir en neit Familijenhaus drop ze

eriichten huet schon juristesch Mosnahmen ergraf

fir dem Kulturministère seng Entscheedung

d’Heiser ënner Denkmalschutz ze setzen unzefechten.

Den Entrepreneur kéint och gutt

Chancen hunn en eventuellen Prozess ze gewannen

well d’Heiser bis viru kuerzem net ënner

Denkmalschutz stungen an den Buergemeeschter

schonn säin Accord fir d’Demolitioun ginn hat.

D’Schicksal vunn deenen zwee historesche

Gebeier bleiwt dofier bis op weideres ongewëss.

Och wann d’Affär zu Keespelt keen gutt Enn

geholl huet an déi zu Heinerscheid riskéiert

en ähnlech Ausgang ze hunn, sou hunn se

awer d’Bevölkerung an d’Politik opgemescht

an souwuel d’Problematik wéi och

d’Wichtegkeet vum Bauteschutz herviergehuewen.

Ausserdem, hunn dës zwou Affären

et däitlech gemaach, dass de Bauteschutz zu

Lëtzebuerg nach duerchaus ausbaufäheg ass.

Christiane Zeimet

54

LG - Mai 2017