D'HANDWIERK OCTOBRE 2023
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
MAGAZINE

INNOVATION

PIA 2024

Chambre des Métiers

La 8 e édition du Prix de l'innovation dans l'Artisanat est lancée ! Dans l'article suivant, les deux organisateurs vous expliquent

l'importance de l'innovation dans l'Artisanat et pourquoi vous devriez participer au PIA 2024.

D'Chambre des Métiers, als berufflech Chamber, ass eng juristesch Persoun

vum ëffentleche Recht, déi duerch d'Gesetz vum 2. September 2011 gereegelt,

an als solch och Bestanddeel vun der neier Verfassung ass.

Si vertrëtt all d'Handwierksbetriber vu Lëtzebuerg, spréch, déi aus dem

Liewensmëttelhandwierk, dem Moud-, Gesondheets- a Hygienesecteur, dem

Mechaniksecteur, dem Bausecteur, esou wéi och aus dem Kommunikatioun-,

Multimedia-, a Konschtsecteur. D'Handwierk vum Groussherzogtum

Lëtzebuerg besteet aus ronn 8.500 kleng- a mëttelstännege Betriber, a bitt

ronn 105.000 Leit stabil a spannend Aarbechtsplazen.

Tom Oberweis, Président de la Chambre des Métiers

1. Wéi gesitt Dir déi allgemeng

Entwécklung vun der Innovatioun

am Handwierk?

Aktuell stellt d'Innovatioun am

Handwierk eng weesentlech Quell fir

Wandel a Wuesstem duer. Ëmmer méi

Handwierksbetriber integréieren digital

Technologien an innovativ Léisunge fir

hier Prozesser ze optiméieren, d'Qualitéit

vun hire Produiten a Servicer ze

verbesseren an eng méi grouss Clientèle

ze erreechen. D'Innovatioun ëmfaasst

och d'Schafung vun neien Déngschtleeschtungen

déi un déi nei Tendenze

vum Marché ugepasst ginn. Dat gesi

mir zum Beispill bei de Léisunge mat

deenen onst Handwierk dem Klimawandel

entgéint wierkt.

An dësen immens dynameschen

Zäiten notzt d'Handwierk technologesch

Neierunge wéi kënschtlech

Intelligenz oder och nohalteg an

innovativ Materialie fir de Standard

vun handwierklecher Exzellenz

zu Lëtzebuerg op en neien Niveau

ze bréngen.

2. Sinn Iech rezent Entwécklungen

an der Manéier wéi d'Handwierksbetriber

d'Innovatioun uginn opgefall?

Jo, obwuel traditionell a bewäerte

Methoden an de Betriber verwuerzelt

sinn, huelen ëmmer méi Betriber

d'Innovatioun als Motor vun der

Konkurrenzfäegkeet un. Si erkennen

dass d'Innovatioun sech net nëmmen

„Mee och bei den innovative

Produite kann d'Handwierk

aus onsem klenge Land mat

grousse Firmen aus dem

Ausland mathalen.“

op Technologie limitéiert, mee och

d'Verbesserung vu Prozesser, clientsorientéierten

Design an d'Aféiere vun

agille Geschäftsmodeller ëmfaasst.

Vill Betriber ginn transversal

Approchen un, a schaffe mat

spezialiséierten Technologiefirme

fir nei, innovativ Iddien anzeféieren.

3. Wat sinn an de nächste Joren

d’Haapterausfuerderungen an

Opportunitéite fir d'Innovatioun

am Handwierk?

D'Haapterausfuerderunge sinn:

D’Opportunitéite vun neien Technologië

séier ze erkennen an dës dann

och an de Geschäftsalldag ze integréieren,

an déi digital Kompetenze vum

Personal ze stäerken an déi domat

verbonnen Investitiounen ze stemmen.

D'Digitaliséierung verlaangt och eng

kulturell an organisatoresch Upassung,

fir dass, hiert vollt Potenzial genotzt

ka ginn. Dës Ännerunge bréngen awer

och bedeitend Opportunitéite mat sech.

D'Innovatioun wäert de Betriber

erlaben hier Offer ze diversifizéieren,

op nei Marchéen ze goen an den

Erwaardunge vun de Clienten, déi

nohalteg a personaliséiert Produiten

an Déngschtleeschtunge sichen,

nozekommen.

4. Am Kontext vun der Globaliséierung

an internationaler Konkurrenz, wéi kann

d'Innovatioun de lëtzebuergeschen

Handwierksbetriber hëllefen sech

weiderzëentwéckelen?

Et stëmmt, dass ugesiichts der Globaliséierung

an der internationaler

Konkurrenz och lëtzebuergesch Handwierksbetriber

viru groussen Erausfuerderunge

stinn. D'Innovatioun spillt hei

eng wichteg Roll an erméiglecht et de

Betriber duerch innovativ Prozesser an

Aarbechtsschrëtt hier Konkurrenzfäegkeet

mat auslänneschen Acteure

bäizehalen an och zum Deel ze stäerken.

Mee och bei den innovative Produite

kann d'Handwierk aus onsem klenge

Land mat grousse Firmen aus dem Ausland

mathalen. Un sëllege Beispiller aus

de vergaangenen Editioune vum PIA ass

gutt erkennbar, dass d'Motivatioun fir

Innovatioun op de Marché ze brénge bei

den Handwierker grouss ass.

Lëtzebuerg huet sech a senger Geschicht

méi wéi eng Kéier duerch Innovatioun

nei erfonnt an nei Marchéë fir sech erschloss,

an d'Handwierk vum Groussherzogtum

huet déi Traditioun vun

Erneierung a Kreativitéit kontinuéierlech

weidergefouert an dréit esou och zukünfteg

weider zur wirtschaftlecher Stäerkt

vun eisem Land bäi.

/10/2023

24