De Gemengebuet - Manternach
De Gemengebuet - Manternach
De Gemengebuet - Manternach
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Aktuelles aus der Gemeng

16

E Gedanken un déi Familjen déi de Courage

haten, Leit déi verfollegt goufen, Judden oder

jonk Leit déi net wollten an de Krich goen ze

verstoppen, an déi domadden sech selwer a

Gefoer bruecht hunn.

E Gedanken awer och besonnesch un all déi

Mënschen, Politiker an Zaldoten déi aus dem

Ausland net einfach nogekuckt hunn, mais déi

sech organiséiert hunn an als alliéiert Truppen

eist Land a ganz Europa erëm vun dësem

onmënschleche Fluch befreit hunn.

Et waren all des Mënschen, déi die moralesch

Wäerter, déi all Vollek brauch fir a Fridden ze

liewen, versicht hunn héich ze halen an ze

liewen, an enger Zäit wou dat ee konnt d’Liewe

kaschten, well den Naziregime déi Wäerter

alleguerte matt Féiss getrëppelt huet.

E Gedanken awer och un all déi, déi deem

Regime a senger Verféierung net standgehal

hunn an déi aktiv un dëser onbeschreiflecher

Dot vun Zerstéierung a Massevernichtung vu

ganze Völker a Rassen deelgeholl hunn. Am

Nürnberger Prozess ass kloer eraus komm,

datt et sech zum allergréissten Deel em ganz

normal Leit gehandelt huet, also net schons

Mënschen déi vu vir eran eng kriminell Veranlagung

gewisen hunn. Eleng d’Iwwerzegung,

de fanatesche Glawen dat richtegt ze maachen

gung bei deene Meeschten duer, sech keng

wäider Froen ze stellen an sech ze behuelen

wéi een et net fir mënscheméiglech gehalen

hat. Loosse mer eis haut also och d’Fro stellen,

wat mir am Alldag machen, fir eis géint de Verfall

vu moralesche Wäerter ze wieren a wat mir

aktiv derfir machen, des Wäerter am ganz normalen

Alldag ze liewen, an enger Zäit, wou et

eigentlech wéineg Courage duerfir brauch.

Als Oofschloss nach e weidere Saatz aus dem

Yannick Haenel sengem liesenswerte Buch :

« ….Elle me dit que cette plaie n’avait jamais

cicatrisé et qu’il ne fallait surtout pas qu’elle

cicratise : la pire chose qui pouvait arriver à

cette plaie, c’est qu’elle cicatrise un jour, parce

que si cette plaie cicatrisait, elle disparaîtrait

peu à peu et un jour on ne se souviendrait

même plus qu’elle avait existé. … »

An deem Sënn loosse mer eis alleguer selwer

kucken, an eis ganz perséinlech froen op mer

um richtege Wee sinn a gläichzäiteg matt

grousser Dankbarkeet eis un déi Mënschen

erënneren, déi fir eis an eis Fräiheet agestanen

hunn an zum Deel duerfir hiert Liewe gelooss

hunn.

Zitater aus dem Buch vum

Yannick Haenel :

JAN KARSKI, résistant polonais qui faisait le

courier entre la Pologne et les alliés.