De Gemengebuet - Manternach
De Gemengebuet - Manternach
De Gemengebuet - Manternach
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Kommissiounen

24

Little World Cup Berbuerg

„Hei sinn all Facetten vu Lëtzebuerg vertrueden

fir mateneen a Freed ze spillen“, sou waren d’Begréissungswierder

déi den Aarbechts- an Immigratiounsminister

Nicolas Schmit de 5. September

bei der Ouverture vun dem‚Little World Cup

Berbuerg‘ am Stade Renert un d‘Supporteren

an d‘Spectateuren geriicht huet. Et woer dëst

déi éischt kleng „Fussballweltmeeschterschaft“

déi d’Gemeng Manternach zesumme mat der

Auslännerkommissioun zu Berbuerg organiséiert

hat.

D’Auslännerkommissioun hat 5 verschidde Fussballséquipen

aus 5 verschidde Länner invitéiert

fir des Coupe auszedroen. Et waren dat Irland

mam Gaelic Football Club, de portugiesesche

„Futeball“ vun Iechternach, den brasilianeschen

Club, den Football Club mat Spiller

aus der Guinée Bissau an eis 2. Equipe vum FC

Berdenia Berbuerg.

Sou waren et och 3 verschidde Kontinenter,

Süd-Amerika, Afrika an Europa déi zesummen a

géint eneen gespillt hunn. D’Iddi war et Mënschen

aus verschidde Länner a verschidde Kulturen

zesummen ze bréngen, déi mat Freed

a friddlech em de Pokal vum „Little World Cup

Berbourg“ ginge spillen. „Am Spill em de Ball

sinn d’Spiller alleguer gläich an et gi keng sozial

Barrièren”, huet d’Presidentin vun der Auslännerkommissioun

an hirer Ried gesot.

Et ass mat Leidenschaft gespillt ginn bis du no

4 Stonnen feststoung datt den éischte Gewënner

vun der Coupe d’Equipe aus der Guinée

Bissau aus Afrika war. Duerno konnten all

Spiller a Supporteren nach e puer flotter Stonnen

um Stade Renert verbréngen.

D’Auslännerkommissioun seet alle Spiller déi

bei dësem Event matgemaach hunn Merci fir

hiren Engagement.