De Gemengebuet - Manternach
De Gemengebuet - Manternach
De Gemengebuet - Manternach
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Virwuert

2

Léif Matbierger

Nodeems de Gemengerot jo d’lescht Joer beschloss hat fir op Grond vum ëmmer méi groussen

administrativen Arbechtsopwand en zousätzlechen Redakter anzestellen, konnte mir fir den

éischte Mäerz den Bernard Moes op dëse Posten astellen. Mir hunn och direkt vun der Verstäerkung

profitéiert, a sinn am Gaang eisen Internetsite à jour ze setzen, esou dass de Bierger an

Zukunft méi Méiglechkeeten huet sech direkt iwwer dëse Wee ze informéieren awer och en Deel

vun administrativen Ufroen schnell kënne beäntwert a verschafft ginn. Mir wärten Iech dësen

neie Site an den nächste Wochen nach méi genau virstellen.

Och fir d’Verstäerkung vun der Arbechterequipe ass anzwësche gesuergt, a mam Steve Lahr aus

Mënjecker wärd Dir ab dem Juni dann och en neit Gesiicht bei eise Gemengenaarbechter kënne

gesinn.

D’Fréijoer steet virun der Dier an domadden an eiser Gemeng och erëm d’Arbechten an de

Grénganlagen an den Dierfer. Elo kënnt ee jo mengen dat wier eng dankbar Aufgab fir eis Gemengenaarbechter,

mee spéitstens wann hinnen den Hondsdreck beim Méien regelrecht

ëm d’Ouere flitt ass et mat där Freed geschwënn eriwwer. Op der Gemeng heefen sech an de

leschte Méint d’Reklamatiounen aus der Bevölkerung, dass d’Trottoiren an d’ëffentlech Weeër

vun onverantwortlechen oder sollt ee besser soen ongezillten Hondsbesëtzer als ëffentlech

Toilette fir hier véierbeeneg Frënn erausgesicht ginn. Eng Plo déi och net virun de Grénganlagen

virum Schoulkomplex halt mécht, do wou Dag fir Dag d’Kanner spillen. Dass et och anéscht geet,

beweisen all déi Hondsbesëtzer, déi sech wierklech Zäit fir hier Déieren huelen, mat hinnen e

groussen Tour spazéiere ginn an hier Hënn esou gezillt hunn, dass si do maachen wou et kee

stéiert oder awer déi sech ang Plastikstut an d’Täsch stiéchen, fir den Dreck dann opzehiewen an

en ordentlech ze entsuergen.

D’Bauaarbechten un eisem neie Gemengenatelier hunn no laangem Waarden op all Genehmegungen

endlech ugefaangen. De Chantier gëtt an zwou Etappen realiséiert. Vir d’éischt gëtt

an der Schoulstrooss den ënneschten Deel vun der grousser Haal opgeriicht an d’Bréck iwwer

d’Baach gebaut , esou dass mer kënne mam jëtzegen Atelier eroofplënneren éiert dann uewen an

der Duerfstrooss den neie Komplex gebaut gëtt. Erënnere mer nach emol drun (cf. Bued 2/2008)

dass dëse Projet engersäits de Service vun de Gemengenarbechter esou no wéi méiglech bei de

Bierger wëll loossen, anerersäits awer duerch d’Verleeung vum Verkéier mat den Trakteren an de

schwéiere Maschinnen an d’Schoulstrooss et méiglech gëtt, den Deel ronderem den aktuellen

Atelier a ronderëm d’Haus mat der aaler Raiffeisekeess nei ze amenagéieren. Desweideren entstinn

hei fir d’Arbechter vun der Gemeng a vum CIGR propper Sanitärreim an och eng Wunneng

fir eng Privatpersoun. Net schlecht gestaunt hate mer, wéi op dem ënneschten Deel op emol

huet missen de Raumdingscht vun der Arméi geruff ginn, well do an enger Senk e Munitiounsdépôt

fond ginn ass. Hoffe mer dass mer am Verlaf vun de weideren Arbéchten vun esou Iwwerraschungen

verschount bleiwen.

De 6. Juni ass eng nei Oplag vun eisem Noperschaftsfest zu Berbuerg ugesot. Dëst Fest soll d’Integratioun

an d’Zesummeliewen ënnert de Matbierger förderen. Dat kann natierlech nëmmen

da klappen, wann och all déi Leit déi an der leschter Zäit an eis Gemeng geplënnert sinn, sech

och weisen an aktiv um Duerfliewen bedeelegen. Et ass net ëmmer einfach, séier Kontakt ze fannen

a sénger neier Gemeng. Duerfir hu mir dëst Joer och d’Veräiner gefrot fir sech mat un der

Gestaltung vun dësem Fest ze bedeelegen an sech mat den auslänneschen Natiounen zesummen

ze doën fir dat si sech kënne virstellen. Wann dir Iech wëllt un dësem Fest aktiv bedeelegen,

dann zéckt net Iech bei der Integratiounskommissioun vun der Gemeng ze mellen. Weider

Detailer fand dir an der Annonce am Reider vun dësem Gemengebued.

Mir wënschen Iech wéi ëmmer eng gutt Lecture vum Gemengebued.

De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Manternach