De Gemengebuet - Manternach
De Gemengebuet - Manternach
De Gemengebuet - Manternach
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Schoul a Maison Relais

40

Kleeschen

De Kleeschen a säi Gesell koumen dës Joer

an all eenzel Klass vum Cycle1 aus der Gemeng

Manternach. Mat grousse, blénkenden

Aen hunn d´Kanner si begréisst. Mat haarder

Stëmm sinn dunn d´Lidder an d´Spréchelcher

virgedroe ginn, déi d´Kanner sou fläisseg

geübt haten. Ganz gespaant huet all Kand

gelauschtert wat de Kleeschen sou ze verzielen

hat. Dee gudde Mann hat fir jiddereen e

gutt Wuert an e knusperege Boxemännchen.

Meeschtens konnt den Houséker séng Rudden

stieche loossen, huet awer e grousse Sak, mat

Mandarinnen a Ness gefellt, erbäigeschleeft.

Zum Schluss krut all Klass nach e flotte Kado an

de Kleeschen an säi Houséker hunn sech nees

op de Wee gemaach fir nach aner Kanner frou

a glécklech ze maachen.