De Gemengebuet - Manternach
De Gemengebuet - Manternach
De Gemengebuet - Manternach
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Veräiner

42

Cabaret zu Manternach

Op Aluedung vun der Chorale Manternach-

Lellig, konnten d’Awunner aus eiser Gemeng

an der Emgéigend am Hierscht 2009

ee Cabaretsowend mat den „Makadammen“

an hierem neie Programm „Gëff

dech!“ genéissen. Entstanen ass dëse

Group 2001 am Cader vun der «Journée

internationale de la Femme» an der Gemeng

Réiser.

Chrëschtconcert vun der

Bech-Berbuerger Musek

Bei äiseger Keelt dobaussen (-20 Grad) koum

Samsdesowes schons e bëssche Chrëschtstëmmung

um Wee fir an de Concert op. D’Bech-

Berbuerger Musek, déi sech alt nees e bëssche

vergréissert huet, hat deen Owend op hire

Chrëschtconcert zu Bech an der Paarkierch agelueden.

D’Presidentin Vicky Wagner huet duerch de

Programm gefouert an huet fir d’eischt de Jugendensemble

op der Bühn begréisst. Dobei

goufen och déi Kanner a Jugendlech virgestallt,

déi dës Kéier fir d’éischt an engem Concert

hunn dierfe mattspillen. Et waren dat:

Catherine Bley, Ketty Clemens, Louise Irrthum,

Alex Lauff, Hannah Leonardy, Michelle Mandernach,

Aymeric Rerat, Lene Speijlborg an

d’Sandra Theisen. Mat Stécker vun ënner anerem

André Weignein an W.A.Mozart hu si eis an

déi richteg Stëmmung fir dësen Owend versat.

Am Stéck Clarinet Calypso vum Philip Sparke

konnten d’Julie Leruth an d’Maëll Rerat weisen,

datt si och schons soli-stésch optriede kënnen.

Duerno koum dunn d’Bech-Berbuerger Musek

a grousser Besetzung op d’Bühn fir eis matt

Musek vum Jacob de Hahn, L.v. Beethoven,

Trevor J.Ford, oder och Mackereth an déi richteg

Chrëschtstëmmung ze versetzen. An zwee

Wierker vum Tschaikowsky a vum G. Thinner

konnte mer dann

awer och nach

ganz besonnesch

déi jonk Klarinettistin

Nadine

Billa genéissen

a bewonneren,

déi mat engem herrleche Klang des technésch

schwéier Wierker virgedroen huet.

Och an der grousser Musek gëtt et zwee Neizougäng

ze verzeechnen. Dëst sinn d’Corinne Wagener

an d’Lydia Wolff, an och d’Nadine Billa

wëll ab elo regelméisseg an der BB-Musek matspillen.

D’Vicky Wagner huet deenen zwou Gemengen

am Numm vun de Museker Merci gesoot, fir d’finanziell

Ennerstëtzung bei de neien Uniformen

an huet sech och bei der Madame Germaine

Wagner vu Rippeg fir hire generéisen Don vun

enger Piccoloflûte un d’Musek bedankt.

Wien deen Owend keng Zäit hat, konnt d’Musek

deen Dag duerno och nach an der Scheier zu

Hierber lauschtere goen.

Mir bedanken eis op alle Fall bei alle Museker fir

hiren Asaatz a fir dee flotten Owend.