PDF herunterladen - LCGB
PDF herunterladen - LCGB
PDF herunterladen - LCGB
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
Virausbléck 2013

2012 kënnt elo esou lues awer sécher un en Enn. Réckbléckend stellen ech fest, dass mir

zesummen immens vill geschafft hunn. De Wee war villäicht net ëmmer esou einfach, och waren

verschidden Entscheedungen, déi geholl goufen, net ëmmer onëmstridden, mä mir sinn eiser Linn

trei bliwwen an dëst am Team. Ënnert Team verstinn ech jiddereen, deen den LCGB op iergend

eng Aart a Weis aktiv mat ënnerstëtzt, sief et duerch seng Präsenz, sief et duerch säin Engagement

oder sief et duerch seng moralesch Ënnerstëtzung.

Ëmmer méi Leit dobaussen verstinn, dass den LCGB kee Kappnecker géigeniwwer de Politiker

ass. Nee, mir hunn eis eegen Meenung a bréngen dës och vir. Eis Meenung baséiert net op renger

Kritik, nee all eis Dossier’en ginn mat Fuerderungen a konkreten Virschléi ënnerluecht. Dëst ass

e wesentlechen Punkt, deen mir an deenen leschten Méint geännert hunn. Den LCGB ass net

nëmmen revendikativ, mä hëlt seng Verantwortung a versicht Léisungen am Interêt vun de Leit ze

fannen. Dësen Wee wëllen mir fir 2013 weiderentwéckelen, well et ass dee richtegen Wee.

Fränz LOMEL

Secrétaire général adjoint

Chef du Département

Circonscription et Sections

flomel@lcgb.lu

D’Joer 2012 wärt mat enger ganzer Rei Problemer endegen, wou duerch déi ugekënnegt

Moossnamen vun der Regierung, villen Leit am Privatsektor an Täsch gegraff gëtt. Et ass villäicht

nëmmen deen een oder aneren Euro, laut Politiker ass dat jo net vill, mä dat ass eng falsch

Iwwerleeung. All Euro deen eisen Leit geholl gëtt feelt um Enn vum Mount am Portefeuille. An doriwwer eraus ginn déi deeglech

Fräis’en fir deen Eenzelnen net erof, nee och déi sinn permanent steigend. Wien kënnt also fir déi ëmmer méi grouss Lächer am

Portefeuille vun de Leit op wann et um Enn vum Mount finanziell net méi opgeet ? A vun Spueren emol guer net méi ze schwätzen.

Hei schwätzen ech vun Leit, déi hier Aarbecht nach hunn. Wéi ass et mat deenen déi hier Aarbecht verluer hunn oder emol guer net

an den Aarbechtsprozess erakommen, respektiv déi Kuerzaarbecht opgedréckt kréien.

Et ass en gesellschaftlechen Drama, deen sech hei lues a lues aschläicht. An dëst an deem « räichen » Lëtzebuerg. Et ass intolerabel

dass d’Mëttelschicht alles opfänken muss. Mir sinn amgaang aus eiser Mëttelschicht aarm Leit ze maachen an zwou Gesellschaften ze

kreéieren, déi Aarm an déi Räich. Den LCGB versicht op dës Ongerechtegkeeten opmierksam ze maachen an anzegräifen.

Deen een oder aneren fënnt et elo virun de Feierdeeg villäicht net esou passend fir dësen Thema opzegräifen. Mee ech kann iech

alleguerten versécheren, dass den LCGB net mat rouegem Gewëssen an dës Zäit erangeet, well déi Deeg ginn eriwwer an duerno

gëtt alt erëm geschléckt. De Mëttelstand huet es sat fir permanent fir politesch Feelentscheedungen ze schlécken.

Sécher ass, dass mir eis alleguerten während de Fester méi op déi wesentlech Elementer wéi den Zesummenhalt an der Famill an

ënnert de Frënn wéi och d’Gesondheet zeréck besënnen. Dat sinn Wäerter, déi mat Geld net ze moossen sinn an déi d’Politiker mat

hiren Entscheedungen kengem huelen kënnen.

Den LCGB léisst seng Leit net am Stach an ass 2013 fir jiddereen, deen eis Hëllef brauch, do.

Den mobilen INFO-CENTER „On Tour“

Den 31. Oktober 2012 war den LCGB INFO-CENTER fir d’éischte Kéier „On Tour“. Vun 10 Auer bis 16 Auer stoung Iech den

LCGB mat engem Stand an der Uelzechtstrooss zu Esch/Uelzecht mat vill Informatiounen a flotten Gadgets zur Verfügung. Dem LCGB

säi Kléiblat-Club war och um mobilen INFO-CENTER Stand vertrueden, esou datt och déi Kleng op hier Käschte komm sinn.

Dëse Service, deen de LCGB bis Enn 2013 wäert garantéieren, ass an Zukunft emol am Mount ofwiesselnd an deenen 3 Bezierker

vum LCGB unzetreffe sinn.

Wéini a wou de LCGB INFO-CENTER „On Tour“ ass, dat gi dir am Agenda um LCGB-Internetsite op der Adress

http://www.lcgb.lu/agenda gewuer !

67

INTERNATIONAL / D’LIEWEN INTERNATIONALES

AM LCGB