PDF herunterladen - LCGB
PDF herunterladen - LCGB
PDF herunterladen - LCGB
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
LCGB-Sektioun Miersch

Ausfluch mat der

Princesse Marie-Astrid

De 15. September 2012 hat d’LCGB-Sektioun Miersch sech

mam vollbesate Bus a Richtung Musel op de Wee gemaach.

Um Schëff Princesse Marie-Astrid gouf sech bis op Saarburg

kräfteg gestäerkt. Bei der interessanter Visite vun der Stad

konnt och dat sëffegt Weizenbier genoss ginn.

De schéinen Dag huet säin Ofschloss fonnt bei engem

genësserlechen Iesse mat Ham, Fritten an Zalot.

D’Memberen an d’Frënn aus anere LCGB-Sektiounen hunn

sech beschtens amuséiert a freeën sech lo schonn op de

nächsten Ausfluch.

LCGB-Entente Feelen, Eschduerf, Groussbus a Viichten

Dagesausfluch op Saarburg

D’LCGB-Entente Feelen, Eschduerf,

Groussbus a Viichten huet den 30.

Juni 2012 op en Dagesausfluch op

Saarburg invitéiert.

No enger interessanter Visite guidée

vum Klackenmusée gouf am Restaurant

“Wirtshaus zum Pferdemarkt” ze

Mëtteg giess. Dono stoung eng Visite

vu Saarburg um Programm.

Ofschlosssetzung vun der Entente Feelen, Eschduerf,

Groussbus & Viichten

De 4. Oktober 2012 hat d’Entente Feelen, Eschduerf,

Groussbus & Viichten hir Ofschlosssetzung vun dësem Joer

No der Begréissung ass den Emile LECLERCQ kuerz op déi

vergaangen Aktivitéiten agaangen an huet senge Kolleginnen

a Kollege vun der Entente villmools Merci gesot fir déi flott a

konstruktiv Aarbecht. Duerno huet den Eugène REDING am

Aktivitéits- a Finanzrapport ausféierlech Informatioune ginn.

Dat zweet Familljefest vum LCGB-Bezierk Norde war och

dëst Jor ee vollen Erfolleg an och fir d’nächst Jor ass nees ee

Familljefest zu Nidderfeelen am Hennesbau geplangt.

69

D’LIEWEN AM LCGB