LG_232
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
78 LG
MARS 2020
“Ech am räiche Lëtzebuerg
kee Recht fir opzeginn”
Wéi all Joer proposéiert de Cercle de Coopération eng Rei
vu kuerzen Artikelen iwwer d’ONGDen. Dëst Joer wëlle mer
iech mat e puer Stéchwierder d’Leit virstellen déi sech all Dag
fir eng besser Welt asetzen. Mir stelle vir: Patrick Krãnipî
Godar, Responsable de projets an Administrateur délégué bei
der ONGD “Partage.lu”
Austausch mat de Xerente-Indios am brasilianesche Legalamazonien
Besonnesch d’Beispill vun der Schwëster
Karoline Mayer an de Slums vu Santiago
de Chile an de João Geisen a Brasilien
an hir Engagementer hei zu Lëtzebuerg
an a Latäinamerika hu mech betraff – déi
Ongerechtegkeet, deemools scho verbonne
mat der Respektlosegkeet vis-à-vis vun
Natur an Ëmwelt. Eng Grupp SchülerInnen
hunn deemools d’ONGD Jugend Deelt
gegrënnt. No mengem Brasilienasaz deen
ech mat Ënnerstëtzung vun Eng Bréck mat
Latäinamerika realiséiere konnt, hunn ech
mech bei Bridderlech Deelen, haut Partage.
lu engagéiert.
Motivatioun
© CIMI 2019
“Ech ginn ëmmer erëm motivéiert vun de
Mënschen an Afrika, Asien a Latäinamerika
vun deenen ech léieren duerf. Wa si
de Courage hunn géint Aarmut an
Ongerechtegkeet ze kämpfen, hunn ech am
räiche Lëtzebuerg kee Recht fir opzeginn.
Virun allem stäerkt mech mäi chrëschtleche
Glawen a fuerdert mech eraus: Nächsteléift
konkret ass fir mech net ëmmer evident,
mee eng Fuerderung där ech mech stelle
muss. Eng gewësse Romantiséierung vum
Aarmen an eng Iwwerschätzung vun der
eegener Motivatioun halen awer am Laf
vun der Zäit der Realitéit net stand”.
Jugend
“Ech wollt als Kand Geeschtleche ginn
an hunn en Theologiestudium an der
Schwäiz an a Brasilien absolvéiert. Et war
de Kontakt mat der latäinamerikanescher
Befreiungstheologie a meng Erfarunge mat
indigene Vëlker am Amazonas déi mech op
de Wee vun engem sozialen Engagement
bruecht hunn. Déi éischt Beruffung huet
mir gehollef, de Mënsch ganzheetlech
ze gesinn, an en “Aarmen” net op seng
Probleemer ze reduzéieren. D’Dignitéit
vum Mënsch huet mat senger kierperlecher,
moralescher a séileger Ganzheet ze dinn”.
Impakt
“D’Gefill, datt d’Aarbecht vun eise
PartnerInnen en Impakt huet, hunn ech
ëmmer erëm. Do stinn ech jo hannendru
mat de wéinege Mëttelen déi mir zur
Verfügung stinn, meeschtens jo just Geld,
heiansdo méi. D’ASTM, Caritas a partage.
lu hunn et fäerdeg bruecht datt an der
Chamber d’Konventioun ILO 169 zum
Schutz vun den indigene Vëlker ratifizéiert
ginn ass. Duerno hunn eis indigeen Partner
a Brasilie gefeiert a sech gestäerkt gefillt –
“contre vents et marées”. Jo, esou en Impakt
ass ëmmer immens dynamiséierend”. n
ONGD
Déi éischt déi mech drop bruecht hunn war
d’ONGD Chiles Kinder, haut Niños de
la Tierra, zu Beetebuerg an de 70 er Joren.
Fir méi Informatioun: www.partage.lu