bilan 2003 - Union Grand-Duc Adolphe
bilan 2003 - Union Grand-Duc Adolphe
bilan 2003 - Union Grand-Duc Adolphe
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
D’FEELENER MUSEK

UM BLOSMUSIKFESTIVAL ZU WIEN

E bëssen iwwerrascht, mee mat grousser Freed hu mer

d’Noricht kritt, dat mir selektionéiert wieren fir den

Internationalen Blosmusekfestival vun der Stad Wien vum 29

bis den 30. Mee 2003. Et hunn sech prompt 53 vun eise Leit

bereed erklärt fir d’Chance ze notzen a matzefueren. Dëse

Rendez-vous ass an d’Pengschtvakanz gefall, sou dat fir eis

Schüler a Studente kee Problem war. D’Stad Wien huet

d’Onkäschte vum Hotel iwwerholl an d’Iessen fir déi 2 Deeg

vum Festival.

Schon eng Zäit virum Départ hate mer de komplette

Programm mat de Museksstécker zougeschéckt kritt, déi mir

och dunn fläisseg geprouft hunn.

Mëttwochs Owes, den 27. Mee um Punkt 5 Auer ass de Bus

mat den Instrumenter, Uniformen a Musikanten zu Feelen

virum Prouwesall gestart. Eng Partie vun eis sinn eréischt den

Dag drop fréi mam Fliger op Wien gefuer. Um Flughafen hate

mir dunn den 1. Kontakt mat eisem Guide an senger Madame,

dem Ludwig a Sissi Deltl, a mir hunn si direkt ganz

sympathesch fonnt. Mir sinn dunn zesummen an den

herrschaftlechen Parkhotel Schönbrunn gefuer. D’Direktioun

vum Hotel huet eis frëndlecherweis schon um 11 Auer moies

d’Zëmmere fräi ginn, sou dat mir eis konnten eng Stonn

ausrouen. Mir konnten dësen Dag, deen och an Eisterräich e

Feierdag ass, voll ausnotzen. Déi meescht hu vun der

Geleeënheet profitéiert fir d’Schlass Schönbrunn mat senge

wonnerschéinen a gepflegten Parkanlagen ze besichen. Déi

eng goungen an den “Tiergarten” an anerer sinn op d’Gloriette

ropgeklommen, wou se en eemolegen Ausbleck op d’Stad

Wien genoss hunn. Owes nom Iessen huet eise Guide eis

agelueden fir mat him zesummen e Bummel duerch déi

schéinste Stroosse vu Wien ze maachen.

De nächste Mueren ware mir all pünktlech um Dill fir de

Kaffi. Um Programm stoung eng Stadbesichtegung. Do huet

sech erausgestallt, dat eise Guide, de Ludwig, als Ugestallten

vun der Stadverwaltung, Wien bis an déi lescht Wénkele

kennt. Net nëmmen dat kultur-historescht, mee och dat wat

um technesche Plang an deene leschte Joren realiséiert gouf,

wousst hien eis an engem detailléierten Exposé ze

vermëttelen. Op der Donauinsel sinn dunn eng Partie vun eis

op den Tuerm geklomm fir eng wonnerschéin Vue iwwert

Wien a bis an d’Wéngerte vu Grinzing ze genéissen.

No engem schnellen Imbiss hu mer eis Nomëttes prett

gemaach fir d’Prouw am Haff vum Schlass Schönbrunn. Hei

hunn mer d’Leit vun deenen anere Museksgesellschafte

begéint. D’Sonn huet firchterlech gebrannt an den

Thermometer ass bis op 34 Grad geklomm. Mir hunn eis eng

Fläsch Waasser matgeholl an et konnt geprouwt ginn ënnert

der militäresch strammer Direktioun vum Professer Hans

Schadenbauer. Iwwerdeems de Programm vun 12 Stécker

duerchexercéiert ginn ass, erblécke mer ganz onverhofft

sociétés à l’étranger

Revue

Musicale

ënnert dem Publikum eisen Eirepräsident Marcel Thill, dee

Fotoen vun eis gemaach huet. Sou hu mer an der batterer Hëtzt

duerchgehal bis zum Ofmarsch, deen awer zimmlech

chaotesch verlaf ass. Eng éisterräischeg Musek koum richt op

eis duer an hir Leit hu versicht sech duerch eis Reien ze

pressen, an dat iwwert dem Spillen. Et war jo nëmmen eng

Prouw. De nächsten Dag sollt et besser goën. Nom Owesissen

am Fräien ass de Ludwig mat eis op d’Donauinsel gefuer a bei

dësen héich summerlechen Temperaturen hu mer eis esou

richteg a südlännesch Vakanzstëmmung versat gefillt. Et war

en herrlechen a leschtegen Owend, wou mer eis esou richteg

entspane konnten.

De nächste Mueren ware mer all erem pünktleg um Dill, an eis

Equipe sollt sech de ganzen Dag iwwer duerch eng

bemierkenswert Disziplin auszeechnen. Et wor den

entscheedenden Dag. Op enger vun deenen schéinste Plaze

vun Wien, um Michaelerplatz, direkt hannert der Hofburg,

konnte mer ënnert der Direktioun vun eisem Chef, dem Jean-

Marie Thein, e flotte Concert spillen. Ennert den Zuschauer

haten sech esouguer eng Partie Lëtzebuerger agemëscht. Déi

1. Etape war gemeeschtert a mir konnten gelockert an engem

Wienerwald Restaurant iessen.

Wéi mer eis um Heldenplatz zesumme mat deenen aneren

Museken fir de Cortège afonnt hunn, huet d’Sonn erem

fierchterleg gestach. Niewt deenen 27 Bloskapellen aus

Eisterräich wäre mat eis och 5 auslännesch Museken aus

Tchechien, Ungarn, Südtirol an Italien do. Bei der batterer

Hëtzt hunn d’Musikanten sech virum Opstellen nach eng Plaz

am Schied gesicht. Eise Guide, de Ludwig, seng Fra an eis

Vize-Präsidentin hun sech heroesch beméit fir eis mat Waasser

ze versuergen. Vum Heldenplatz si mer am Cortège iwwert de

Ring op de Rathausplatz gaang, wou mer 5 vun eise Märsch

gespillt hunn. Virum Rathaus, wou gottseidank Schied war,

hunn sech déi 1800 Musikanten zesummen opgestallt.

Den Professor Schadenbauer huet säin Taktstaf gehuewen fir

de Concert. Et war eng grandios Prestatioun an e gefällege

Programm deen déi vill Spektateuren ugesprach huet. Als

Erënnerung huet eise Chef vum Buergermeeschter vun der

Stad Wien eng Coupe iwwerreecht kritt. Mir haten eisen Soll

erfëllt a konnten erliichtert zum Ofmarsch, deen des Kéier

reibungslos geklappt huet, untrieden. Souwuel eise Guide wéi

och eise Präsident hunn am Bus d’Musikanten fir déi

exemplaresch Disziplin félicitéiert. D’Satisfactioun an

d’Entspanung stoung eis all an de Gesiichter geschriwwen a

mir haten och d’Gewëssheet eist Ländchen korrekt a würdeg

vertrueden ze hunn. Et goung zréck an den Hotel ënnert

d’Dusch. D’Owesiessen huet besonnesch gudd geschmaacht a

mir hunn decidéiert eise leschten Owend zu Wien richteg ze

genéissen, déi eng bei Musek, déi aner am Prater.

Mueres gouf et fir d’lescht Kaffi. Eise Guide krut e Geschenk

a mir hunn him äddi gesot mat der Iwwerzeegung, e gudde

Frënd gewonnen ze hunn, dee mir mat Sécherheet geschwënn

zu Lëtzebuerg erëmgesinn. Um 9 Auer ass de Bus fir heem

gestart. Déi Musikanten, déi eréischt owes mam Fliger heem

geflu sinn, konnten nach de ganzen Dag d’Stadt besichen. Um

Hallefnuecht hunn mer eis dunn rem all zesummen am

Prouwesall zu Feelen getraff.

Wien war fir d’Feelener Musek en eemolegt an

onvergiesslegt Erliewnes. Musikalesch hu mer eis net

brauchen virun deenen aneren ze verstoppen. Kulturell

si mer méi räich ginn a mir hunn d’Homogenitéit an

d’frëndschaftlech Bezéiungen an eisem Veräin

gestärkt.

Den Organisteuren vun der Rees, besonneg awer och

der Stadt Wien an eiser Union Grand-Duc Adolphe een

häerzlechen an déiwen Merci.

Jean BERNS

Prësident vun der Feelener Musek

39