16.02.2024 Aufrufe

D'HANDWIERK 02/2024

Erfolgreiche ePaper selbst erstellen

Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.

MAGAZINE

INNOVATION

PIA 2024

Claudine Kariger, Innovative Initiatives-Digital

Luxembourg.

Gegrënnt am Joer 2014, ass Innovative Initiatives-Digital Luxembourg

eng multidisziplinär Regierungsinitiativ, déi mat ëffentlechen, privaten an

akademeschen Acteuren zesummeschafft – mam Zil, d'Digitaliséierung ze

notzen an eng positiv digital Ëmwandlung ze ënnerstëtzen. Fir dëst Zil ze

erreechen, geet Innovative Initiatives d'Digitaliséierung op eng holistesch

Manéier un a konzentréiert sech op d'Stäerkung vu fënnef Prioritéiten:

Fäegkeeten, Connectivitéit, Ekosystem an Datepolitik. Innovative Initiatives

lancéiert nei Projeten, ënnerstëtzt déi Projeten, déi scho bestinn an erhéicht

d'Siichtbarkeet vun den nationalen Initiativen. Fir sech besser un d’Bedierfnisser

vun enger digitaler Welt upassen ze kënnen, gouf d’Initiative

den 18. September 2023 ëmbenannt: „Digital Luxembourg“ heescht ab

elo „Innovative Initiatives“.

1. Wéi plangt Innovative Initiatives d'Innovatioun

am Handwierk ze ënnerstëtzen an

ze stäerken?

Bei de Projeten, déi Innovative Initiatives

ënnerstëtzt, gëtt d’Matwierke vun

artisanale Betriber ënnerstëtzt. Esou

goufe fir de VR-Pavillon, deen all Joer

am Kader vum Film Festival stattfënnt,

interesséiert Handwierksbetriber

zesummebruecht mat Leit aus der

Kreativ-Wirtschaft an Acteuren aus

der Recherche. Och am Projet „Digital

Skills and Jobs Coalition“ mat Innovative

Initiatives am Lead ass d’Chambre des

Métiers zesumme mat der Chambre de

Commerce e wichtege Partner an der

Gouvernance vun dëser Plattform.

2. Wéi gesäit Innovative Initiatives

d'Zukunft vun der Innovatioun

am Handwierk zu Lëtzebuerg?

Déi technologesch Erneierungen aus

de leschte Joren, wéi zum Beispill AI,

Internet of Things a Virtual Reality hunn

sech perfektionéiert an hir Notzung ass

méi zougänglech ginn. Deemno gëtt

et och méi interessant fir d’Handwierk

fir Betribsprozesser duerch digital

„Déi technologesch Erneierungen

aus de leschte Joren, wéi zum

Beispill AI, Internet of Things

a Virtual Reality hunn sech

perfektionéiert an hir Notzung

ass méi zougänglech ginn.“

Solutioune méi kompetitiv ze gestalten an

ze innovéieren. Et geet virun allem drëms

esou Méiglechkeete méi einfach bei sech

am Betrib ze testen, “hands on”, an zwar

vun deene Leit, déi hire Métier perfekt

kennen.

3. Wat ass d'laangfristeg Visioun

vun Innovative Initiatives fir d'Entwécklung

vun der Innovatioun am Handwierk?

Mir gesinn datt d’Technologien, déi

mer uewe scho genannt hunn, méi

accessibel ginn, an och méi anenee

gräifen. Et muss een als Betrib also dru

bleiwe fir dës Technologien ze verstoen

an Iddien ze kréie wéi een se ka bei sech

asetzen. Domat ass wäit méi gemengt wéi

just de Volet vum Marketing, also eben do

visibel ze si wou potentiell Cliente sinn,

déi een z.B. iwwer geziilt Reklammen

erreeche kann. Méi Potential bitt

d’Innovatioun am Handwierk z.B. bei

der Formatioun. Innovative Initiatives

schafft vill u konkrete Projeten, déi

Formatiounen entwéckelen. A grad an der

Formatioun brénge mer esou avancéiert

Digital Skills méi no un d’Handwierk

a kënnen d’Kreativitéit stäerken. 5G,

kënschtlech Intelligenz a connectéiert

Objete kënne nei Méiglechkeete mat sech

bréngen a ville Leit am Handwierk Iddie

gi fir hiren nächste Service oder Produit.

Mat der richteger Formatioun kann een

eng wäertvoll Bréck schloen tëschent

komplexer Technologie an hirer cleverer

Notzung am Alldag vun engem Betrib,

deen esou méi produktiv gëtt.

33

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!