LG 215
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
84 LG

OCTOBRE 2018

SOCIÉTÉ

Wéi steet et mat der

Entwécklungszesummenaarbecht

an der néier Regierung?

D’Entwécklungshëllef ass e wichtegen Deel vun eiser

Aussepolitik an en Instrument fir dem Land senger

internationaler Verantwortung nozekommen. Wat kann

hei d’Entwécklungshëllef maachen? Wéi dësen Artikel

geschriwwe gouf, war nach net kloer wéi déi nei Regierung

zesummegestallt géif. En gros waren all Parteie sech eens:

Lëtzebuerg geet et (nach) gutt, mee der Welt geet et schlecht.

Dofir musse mir méi maachen, well „kee Land ass eng Insel“.

Demonstration fir méi politesch Kohärenz virun der Chambre, 2017

von Ländern und Gruppen […] werden

die Ursachen für die Massenflucht noch

verstärkt.“

D’ADR gesäit dat ganz anescht: “Ewéi

schonn am Kapitel iwwer d’Asylfro,

ënnersträicht d’ADR nach eemol, datt

d’Kooperationspolitik an déi ekonomesch

Zesummenaarbecht méiglech Instrumenter

bei der Präventioun oder Gestioun vu

Migratiounsbeweegunge si kënnen.”

Vue dass d’Kooperatiouns-Direktioun

elo grad eng nei Strategie fir déi

nächst 5 Joer ausgeschafft huet, gëtt et

sécher programmatesch keng grouss

Verännerungen. Mee de Risiko datt den

Entwécklungsbudget net awer nach benotzt

gëtt fir eng Rei Dossieren ze finanzéieren,

vu Migratioun bis Sécherheet, besteet,

an esou geef se net méi d’Länner an hir

Populatiounen ënnerstëtzen fir eng besser

Zukunft fir hir Jugend ze schafen.

Op www.cercle.lu kënnt dir eis Revendicatiounen

un déi nei Regierung am Detail

liesen.

D’CSV, déi Gréng an d’LSAP gesinn

an der Entwécklungspolitik weiderhin e

wichtege Bestanddeel vun der Aussepolitik,

déi duerch Défense, Diplomatie an

Developpement Stäerkt weist.

Lëtzebuerg ass haut nach eent vun e puer

Länner déi hirem Engagement vun 0,7% vum

RNB fir Entwécklungszesummenaarbecht

nokommen. Lëtzebuerg iwwertrëfft dat

esouguer mat 1% vum RNB an doduerch

dass keng Klima- a Flüchtlingskäschten op

dësem Budget matgerechent ginn.

D’Pirate verstinn d’Entwécklungspolitik

als e wichtege Katalysater fir Demokratie

a Mënscherechter ze promovéieren, a

gesinn eng effizient Politik, wéi d’DP,

haaptsächlech um Niveau vun der EU.

Déi Lénk weisen dann och drop hin, dass

Lëtzebuerg do „als eine kleine Nation

einen anderen Weg aufzeigen mit einer

internationalen Politik die auf Solidarität

beruht.“

Fir eppes ze maachen, war fir d’KPL

d’Entwécklungspolitik relativ ineffikass,

besonnesch wann et ëm d’Stoppe vun

der Migratioun goung: „Die ständig

wiederkehrende Behauptung, die

„Fluchtursachen bekämpfen“ zu wollen,

hat sich als trügerisch herausgestellt,

denn mit ihrer Politik der Unterstützung

Wéi steet et mat der Entwécklungszesummenaarbecht

an der néier Regierung?

D’Entwécklungshëllef ass e wichtegen Deel

vun eiser Aussepolitik an en Instrument

fir dem Land senger internationaler

Verantwortung nozekommen. Wat kann

hei d’Entwécklungshëllef maachen? n

Véronique Faber,

Cercle de Coopération