22.06.2013 Views

La chambre Des Députés

La chambre Des Députés

La chambre Des Députés

SHOW MORE
SHOW LESS

Create successful ePaper yourself

Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.

elo Member vun der Chamber proklaméiert,

meng Félicitatiounen! An ech ginn Iech direkt

d‘Wuert.

w M. Serge Wilmes (CSV).- Här President,

Här Statsminister, Dir Dammen, Dir Hären, all

Mënsch hannerléisst a sengem Liewe Spuren.

Spure vun der Léift bei senger Famill a bei

senge Frënn, Spure vu senger Aarbecht a sengem

Beruff, Spure vu sengem Engagement an

eiser Gesellschaft. Déi Spuren, déi de Lucien

Thiel an all dëse Beräicher hannerlooss huet,

déi sinn esou grouss an esou déif, datt mer se

nach laang kloer an däitlech virun eis gesi wäerten.

An trotz all dëse Spuren ass et nach ëmmer

schwéier, fir ze realiséieren, datt hien elo net

méi moies mat engem Apel an der Hand bei eis

an d‘Fraktioun kënnt a meng Kolleegen a mech

freet: „Jongen, wat gëtt et Neits?“

De Luss ass elo net méi do, an et ass dowéinst,

wou ech hei elo virun Iech stinn. Et ass mer eng

grouss Éier, senge Spure kënnen nozegoen, an

ech si frou, datt ech d‘Chance hat, hie kannt ze

hunn, a mat him och e Stéck vu sengem Wee

konnt goen. Ech hu während där Zäit vill vun

him geléiert, souwuel Fachleches wéi Mënschleches

a virun allem awer och Politesches. Dofir

soen ech him Merci an dat wäert ech dem Luss

och ni vergiessen.

An all Enn läit allerdéngs och ëmmer en Ufank,

a wann ech haut dem Luss säi Sëtz an Ärer

Mëtt iwwerhuelen, da fir mat Iech zesummen,

léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Vertrieder

vum Vollek Verantwortung ze iwwerhuelen an

an den nächste Jore Politik am Sënn vun eise

Matbierger ze maachen.

Déi Roll, déi ass fir mech zwar nei, mä gläichzäiteg

ass mer se net komplett onbekannt. Well

fir mech ass dëst Mandat och d‘Konsequenz

vun enger politescher Aarbecht, vun engem

Engagement, wat ech elo schonn zënter e puer

Joer maachen, fir d‘Éischt als President vun der

Chrëschtlech Sozialer Jugend, der CSJ, an dunn

als Conseiller an der CSV-Fraktioun. Béides huet

mer erlaabt, fir mer kënnen e konkret Bild vun

der Lëtzebuerger Politik a besonnesch vun der

parlamentarescher Aarbecht ze maachen.

Ech wëll dann och op dëser Plaz vun der Geleeënheet

profitéieren, fir all deene Merci ze

soen, déi mech bis elo op deem Wee begleet

hunn, ugefaange mat menger Famill, menge

Frënn, menger Partei an och mengen Aarbechtskolleegen,

déi wéi déi ganz Chambersadministratioun

hannert de Kulisse vum Parlament

eng wäertvoll an engagéiert Aarbecht

maachen, fir datt mir kënnen als Deputéierten

eis Mandater ënnert deene beschte Konditiounen

erfëllen. Stellvertriedend fir si all wëll ech

aus dem politesche Sekretariat vun der CSV-

Fraktioun dem Nadia Rangan an dem Nico

Loes e grousse Merci soen.

Här President, als elo dee jéngsten Deputéierte

gesinn ech mech natierlech och als Vertrieder

vun där jonker Generatioun, enger Generatioun,

déi net méi ouni Suergen an d‘Zukunft

blécke kann, an dat, well op där enger Säit eng

Epoch amgaangen ass, op en Enn ze goen, an

op där anerer Säit eng nei wäert ufänken. Well

déi Uerdnung, wéi se an der Welt nom Zweete

Weltkrich geschaf ginn ass, an dee Wirtschaftssystem,

dee se bal 70 Joer laang gedroen huet,

si lues amgaangen, ze verfalen.

Däitlech Zeechen dovunner, dat si Banken,

déi mat hirem Verschwannen d‘Kapitalmäert

rëselen; Memberstate vun der Europäescher

Unioun, déi virum Bankrott stinn an domat

d‘Gemeinschaftswährung an déi politesch Kohäsioun

bedroen; Atomkatastrophen um aneren

Enn vun der Welt, déi drun erënneren, datt

mer villes och an der Ëmwelt- an Energiepolitik

verpasst hunn, a Revolutiounen an der arabescher

Welt, déi d‘Geschécker vun der internationaler

Demokratie a Fro stellen.

Op all dës Evenementer, fir nëmme si ze nennen,

an d‘Erausfuerderungen, déi dorunner

hän ken, huet d‘Politik allze dacks keng zefriddestellend

Äntwerte méi, an dofir stelle sech

och ëmmer méi Leit hei zu Lëtzebuerg déi berechtegt

Fro, wat dat alles bedeit fir eist Land a

wéi et weidergeet.

Fir mech bedeit et virun allem, datt mer eis net

méi kënnen, wéi bis elo, op déi gewinnte Léisunge

vun eise Problemer verloossen, well eng

Epoch am Wandel an eng verwandelt Gesellschaft,

déi verlaange vun eis och, besonnesch

als Politiker, datt mer e Mentalitéitswiessel maachen,

fir d‘Erausfuerderunge vun der Zäit

kënnen ze meeschteren.

Elo kann een natierlech ëmmer erëm drop

hiweisen, datt mer déi lescht 30 Joer dach ganz

gutt am Land hei gelieft hunn an datt et eis

och nach haut vill besser geet wéi eisen No-

2

Séance 1 MaRdi, 11 OcTOBRe 2011

www.chd.lu

peschlänner. Dat ass eng Tatsaach. Allerdéngs

riskéiert déi Tatsaach och séier zur Meenung ze

féieren, datt mer esou weidermaache kënne

wéi bis elo, datt mer also näischt ze ännere

bräichten. Dat ass eng Astellung, déi kléngt

zwar gutt, mä si ass net verantwortlech, besonnesch

net vis-à-vis vun deene jonke Generatiounen.

Well eng aner Tatsaach ass nämlech, datt mer

net an engem Vakuum liewen, mä an engem

internationalen Ëmfeld, dat schlecht drun ass

an dat riskéiert, den zentrale Pilier vun eiser

Ekonomie, de Finanzsecteur, weider leiden a

vun alle Säiten ugräifen ze loossen. An dat bedeit

nees, datt dëse Secteur wahrscheinlech an

den nächste Joren net méi an därselwechter

Mooss zu eiser Wirtschaftsleeschtung an dem

Statsbudget ka bäidroen, wéi dat bis elo de Fall

war.

16.000 Aarbechtsloser, 2.200 dorënner, déi

ënner 26 Joer hunn, Zuelen, déi sech am Laf

vun deene leschten zéng Joer méi wéi verduebelt

hunn, dat si weider plakeg a batter Realitéiten.

An eleng wéinst dëse Fakte musse mer

nei Weeër sichen, fir eis Wirtschaft op méi breet

Been ze stellen, wat fir e klengt Land wéi eist

bekanntlech immens schwéier ass.

Dofir ass et wichteg, datt mer eis, wéi an der

Vergaangenheet, och an Zukunft op déi eenzeg

natierlech Ressource, déi eisem Land nach

bleift, nämlech d‘Wëssen a Kënne vu sengen

Awunner, verloossen an dat besser notzen. Mir

mussen nees derfir suergen, datt eis Schülerinnen

a Schüler besser ausgebilt gi wéi an eisen

Nopeschlänner, well dat nach ëmmer déi

bescht Äntwert op deen héije Chômage ass an

eisem Land seng Betriber um Liewen hält.

Derniewent gëllt et awer, an deenen nächste

Joren nach op eng aner fundamental Verännerung

vun eiser Gesellschaft eng Äntwert ze fannen,

an zwar déi demografesch Struktur. Et

muss derfir gesuergt ginn, datt e Gläichgewiicht

tëschent där eelerer Generatioun, déi

ëmmer méi grouss gëtt, an där manner staark

vertruedener jonker Generatioun entsteet.

D’Besoinë vun eisen Elteren an eise Grousselteren

däerfen nämlech net am Konflikt, mä

mussen am Aklang stoe mat dem Wëlle vun där

jonker Generatioun: eis Wënsch a Pläng och

kënnen am Liewen ze verwierklechen. An dofir

musse mer um Niveau vun der Finanzéierung

vun de Pensioune genee wéi an der Fro vun der

Gesondheetsversuergung an an der Fleeg Reforme

maachen, déi dësem Usproch och gerecht

ginn.

Bei all dësen Entscheedungen, déi mer ze treffen

hunn, däerfe mer net vergiessen, datt se

Konsequenzen hunn, déi wäit iwwer eisen

eegenen zäitlechen Horizont erausginn. Dofir

ass et als Politiker eis Flicht, fir am Entscheedungsprozess

net nëmmen op déi aktuell Ëmstänn

ze kucken a kuerzfristeg ze plangen an

net op d‘Interesse vun e puer wéinege Gruppéierunge

Rücksicht ze huelen, mä am Sënn

vun enger generatiouneniwwergräifender Verantwortung

ëmmer fir d‘Allgemengheet ze

handelen.

Här President, Här Statsminister, léif Kolleeginnen

a Kolleegen, Dir gesitt, datt ech mat

Bléck op déi genannte Sujeten nach momentan

méi Froe wéi Äntwerten hunn. Dat ass och normal,

well ech si selwer jo nach jonk an hunn

nach villes ze léieren. Ech kann Iech awer verspriechen,

datt ech all meng Energie doranner

wäert setzen, fir mat Iech zesummen an deenen

nächsten dräi Joer déi Äntwerten ze fannen op

déi Froen, déi eist Land beschäftegen. Well

nëmmen esou ass et méiglech, datt jiddwer

Generatioun hei zu Lëtzebuerg reell Zukunftsperspektive

behält. An dat si mir hinnen, dat si

mir eisem Land einfach schëlleg.

Dozou gehéiert fir mech zu gudder Lescht, datt

mer als Politiker och a schwéieren Zäiten eppes

beweisen, an zwar Courage, jo, Charakter. Well

wéi sot e fréiere grousse franséische President

dach richteg: «Le caractère, c‘est la vertu des

temps difficiles.»

Ech soen Iech Merci.

w Plusieurs voix.- Très bien!

w M. le Président.- Merci dem neien Deputéierten,

dem Här Serge Wilmes.

Ier mer elo zum eigentlechen Ordre du jour

kommen, evakuéiere mer fir d‘Éischt nach eng

Rei vun administrativen Ugeleeënheeten.

3. Composition des organes de la

Chambre des Députés

Composition du Bureau

Dir Dammen an Dir Hären, mir kommen dann

elo zur Zesummesetzung vum Bureau vun der

Chamber. Den éischte Paragraph vum Artikel 6

aus dem Chambersreglement gesäit Folgendes

vir: «Au début de chaque session, la Chambre

nomme un Président, trois vice-présidents et

sept membres au plus.» Nom Doud vum Här

Lucien Thiel ass d‘Chamber opgeruff, en neie

Member fir de Bureau ze designéieren. D‘CSV-

Fraktioun proposéiert, den Här Lucien Thiel

duerch den Här Marc Spautz ze ersetzen.

Ass d‘Chamber domadder averstanen, d‘Zesummesetzung

vum Chambersbureau esou ze

änneren?

(Assentiment)

Dann ass dat esou décidéiert.

De Bureau ass deemno fir d’Sessioun 2011-

2012 zesummegesat aus mir selwer als President,

der Vizepresidentin, där éischter, der

Madame Lydia Mutsch, der Madame Lydie

Polfer, dem Här Michel Wolter. D’Membere

sinn den Här Marc Spautz, den Här Lucien Lux,

den Här Xavier Bettel, den Här François Bausch,

den Här Lucien Weiler, den Här Lucien Clement

an den Här Alex Bodry. Generalsekretär ass den

Här Claude Frieseisen.

Esou wéi den Artikel 7 vum Chambersreglement

et virgesäit, gëtt de Grand-Duc iwwert dës Zesummesetzung

a Kenntnis gesat.

Composition de la Conférence des Présidents

Des Weideren huet d’CSV-Fraktioun eis matgedeelt,

datt den Här Marc Spautz d’Fonctioun

vum Fraktiounspresident vum Här Lucien Thiel

iwwerhëlt.

Composition des commissions parlementaires

Wat d‘Kompositioun vun de parlamentaresche

Kommissiounen ubelaangt, ass eng Lëscht mat

der aktueller Zesummesetzung verdeelt ginn.

Doduerch, datt den Här Marc Spautz als neien

CSV-Fraktiounspresident ernannt ginn ass, ass

natierlech d‘Zesummesetzung vun der Commission

de Contrôle parlementaire du Service

de Renseignement de l‘État deementspriechend

ze änneren.

Gëtt et iergendwellech aner Ännerungsvirschléi?

(Négation)

Dat schéngt net de Fall ze sinn.

Ass d‘Chamber mat dëser Ännerung averstanen?

(Assentiment)

Dann ass dat esou décidéiert.

Déi gesamt Lëscht vun de parlamentaresche

Kommissioune gëtt am Compte rendu veröffentlecht.

(cf. pages introductives au début de ce compte

rendu)

Composition des délégations parlementaires

luxembourgeoises auprès des assemblées

parlementaires internationales

Wat d’Kompositioun vun de parlamentareschen

Delegatiounen ubelaangt, ass och eng Lëscht

mat der aktueller Zesummesetzung verdeelt

ginn an et sinn och nach keng Ännerungsvirschléi

agaangen.

Gëtt et dozou iergendwellech Ännerungsvirschléi?

(Négation)

Ech gesinn, datt dat net de Fall ass.

Ass d’Chamber also mat där Lëscht averstanen?

(Assentiment)

Dann ass dat esou décidéiert.

Déi gesamt Lëscht gëtt am Compte rendu veröffentlecht.

(cf. pages introductives au début de ce compte

rendu)

4. Octroi du titre honorifique à un

ancien Député

A senger Réunioun vum 19. Juli huet de Bureau

opgrond vun den Artikelen 198 an 200 vum

Chambersreglement virgeschloen, dem fréieren

Deputéierte Jean Huss den Éierentitel vu senger

Fonctioun zouzëerkennen.

Ass d’Chamber mat deem Virschlag averstanen?

(Assentiment)

w Plusieurs voix.- Très bien!

w M. le Président.- Dann ass dat esou décidéiert.

(Applaudissements)

Dem neien Éierendeputéierten eis Félicitatiounen!

w Une voix.- Ah!

w Plusieurs voix.- Très bien!

(Applaudissements)

5. Discours de M. le Président

Dir Dammen an Dir Hären, léif Kolleeginnen a

Kolleegen, ech wëll Iech dann och nach ganz

offiziell an häerzlech fir déi éischt Sitzung vun

där neier Sessioun begréissen. Wéi dat elo

schonn e bësselchen Traditioun ass, wollt ech

vun der Geleeënheet profitéieren, fir am Ufank

vun dëser Sessioun e puer Iwwerleeungen ze

maachen iwwert d’Roll vun den nationale Parlamenter

am Allgemengen an der Chamber am

ganz Prezisen an der europäescher Architektur,

esou wéi se am Vertrag vu Lissabon definéiert

ginn ass.

Erlaabt mer awer, fir d’Alleréischt nach eng

Kéier meng Satisfaktioun auszedrécken, datt

mir op Initiativ vun der Chamber säit Kuerzem

eng Chaire de recherche en études parlementaires

op der Uni Lëtzebuerg hunn. Dëse Léierstull,

dee mir den 3. Oktober hei an dësem Sall

inauguréiert hunn, stellt net nëmmen eng nei

Etapp an der Zesummenaarbecht mat der Uni

Lëtzebuerg duer, mä déi bis elo schonn exzellent

Kollaboratioun gëtt heimadder an

deenen nächste Joren nach verdéift.

Bis elo sinn am Kader vum Programme de recherche

sur la gouvernance européenne mat

der Uni virun allem déi legislativ an Europawahlen

analyséiert ginn. Bei deem neie Léierstull

geet et elo ënner anerem drëm, d’Demokratie,

de Fonctionnement vum Parlamentarismus

an d’Roll vum Parlament am nationalen an

am europäeschen Décisiounsprozess ze analyséieren.

Et ass an eisem wuelverstanenen Interessi, datt

de Fonctionnement an d’Evolutioun vun de

parlamentareschen Demokratië permanent beliicht

an analyséiert ginn. Doduerch kann e Parlament

d’Erausfuerderunge vun der Zäit besser

ugoen an erausfannen, wou a wat fir eng Reformen

oder Ajustementer an der Praxis Verbesserungen

oder Verschlechterunge mat sech

bréngen.

Och wann eng parlamentaresch Demokratie an

engem Land schonn op eng gewëssen Traditioun

zréckkucke kann, sou bedeit dat net, datt

se en Acquis ass, mä si befënnt sech an enger

permanenter Evolutioun. Un enger Demokratie

muss all Dag geschafft ginn an hir Institutioune

musse sech hirem Ëmfeld upassen.

Rezent Evenementer wéi d’Wirtschafts- a

Finanz kris, Manifestatiounen a Griichenland,

Spuenien, Groussbritannien an och elo an de

Vereenegte Staten, fir nëmmen dës Beispiller ze

nennen, kënnen en Afloss op de Fonctionnement

vun eise modernen Demokratien hunn.

Dofir musse mir iwwert d’Plaz an d’Roll vun de

Parlamenter an enger Welt, déi permanent a

séier evoluéiert, ëmmer erëm diskutéieren.

D’Kooperatioun mat der Uni Lëtzebuerg ass an

deem Sënn e wichtegt Element an der Diskussioun.

Dir Dammen an Dir Hären, léif Kolleeginnen a

Kolleegen, der Definitioun vun der parlamentarescher

Demokratie no mussen all wichteg Décisioune

vum Parlament geholl ginn. Ass dat

haut och nach ëmmer de Fall? Déi Fro, déi mer

eis haut stellen, schéngt mer éischter folgend

ze sinn: Wéi kënne mir derfir suergen, datt

d’Chamber och an Zukunft an den nationalen

an den europäeschen Décisiounsprozess méiglechst

enk agebonnen ass? A wéi kënne mir

verhënneren, datt Décisiounen ausserhalb vun

eisem Haus geholl ginn?

An enger globaliséierter Welt, wou alles a jiddweree

matenee vernetzt ass, muss ee Land effikass

reagéiere kënnen. Et bleift awer, datt d’Parlamenter

vun deenen Décisiounsprozesser net

ausgeschloss kënne ginn. Wann een déi oft

komplex Problematike kuckt, musse mir eis als

Parlament hannerfroen, ob mir outilléiert sinn,

fir hei eis Roll als Législateur voll auszefëllen.

Wat d’Gouvernance mondiale ugeet, mussen

nach vill Iwwerleeunge gefouert ginn. Op europäeschem

Plang gesinn ech dat Ganzt méi positiv,

well mir duerch den Traité vu Lissabon als

Parlament zousätzlech Kompetenze kritt hunn.

Nach geet et elo drëm, dës Kompetenze richteg

ze notzen an domadder eis Positioun weider

ze verstäerken.

Erlaabt mer an dësem Zesummenhang, datt

ech kuerz iwwer eis Grenze kucken an op déi

rezent Evolutioun an eisem Nopeschland

Däitschland aginn. Hei huet d’Bundesverfassungsgeriicht

zu Karlsruhe virun engem Mount

an engem extrem wichtegen Uerteel festgehalen,

datt de Bundestag a Finanz- a Budgetsfroen

ëmmer dat lescht Wuert muss hunn.

Ech freeë mech iwwert dëst Uerteel vun deem

héchste Geriicht an Däitschland, wat d’Positioun

vum Däitsche Bundestag wesentlech verstäerkt.

An et weist alt erëm, wéi wichteg an

néideg et ass, fir d’Rechter vun de Parlamenter

an hire Memberen ze kämpfen.

Am Uerteel geet et theoretesch just ëm d’Ëmsetze

vun deenen europäesche Rettungsmesurë

Hooray! Your file is uploaded and ready to be published.

Saved successfully!

Ooh no, something went wrong!