Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
vivendi fënnt, fir dat nach besser ze organiséieren.

Dat nämlecht gëllt fir d’PICen.

Ech wollt nach eng lescht, e puer lescht Remarquë

maachen. Ech hu vill iwwert d’Cohérence

des politiques geschwat, an da kënnt ëmmer

d’Beispill vun den Inkohärenzen. Mä Cohérence

des politiques ass a mengen Aen och, wann ee

versicht, nei Synergien ze schafen, wann eppes

gemaach gëtt, dass et och fir déi aner gutt ass.

An ech wollt drop hiweisen - dat hunn ech immens

interessant fonnt: Ech hunn en Artikel gesinn,

d’lescht Woch am „Tageblatt“, vun der

ACSAL, dat ass d’Agence pour la coopération

scientifique Afrique-Luxembourg, déi elo muer

an iwwermuer, mengen ech, och e Seminär

hunn hei zu Lëtzebuerg. Wat einfach flott ass,

dat si Fuerscher, Lëtzebuerger Fuerscher an afrikanesch

Fuerscher aus der Diaspora, déi versichen,

dass een och an der Fuerschung, duerch

Fuerschung, duerch Technologietransfer kann

hëllefen an Afrika bei der Entwécklung.

An da wollt ech och nach... Ech hunn Iech och

virdru gesot, dass mer an der Kommissioun

ganz vill COM-Dokumenter, déi d’Kommissioun

vu Bréissel schéckt, a SEC-Dokumenter,

déi se eis schéckt, ënnert der Opsiicht vum Ben

Fayot ëmmer ganz seriö duerchhuelen. An do

war eent, do ass och eng Evaluatioun vu Lëtzebuerg,

an déi ass jo relativ positiv. Ech fannen

dat gutt. Mir gi gelueft, dass mer hëllefe bei

der „domestic ressource mobilisation“, dat

heescht, dass mer Programmer hunn, wou mer

hëllefen, d’Douane, „judiciary“, d’Steierverwaltungen

an den Entwécklungslänner, op verschiddene

Kontinenter do hëllefen. Dat ass eng

gutt Saach, dass mer och d’Promotioun maache

vun de Prinzipië vun der „good governance“,

an alles, wat de Volet „taxes“ ass. Dat

ass ganz positiv.

Ech hunn awer an deem Dokument och eng...

An da gi mer och gelueft, dass mer verschidde

Konventioune géint Korruptioun - Merida an

esou weider -, dass mer iwwerall do matgemaach

hunn. Et ass just eppes, wou ech wollt

froen: Do schreiwe se och, wéi Lëtzebuerg

d’Ratifikatioun oder d’„adherence“, also d’Adhérence

zu internationale Konventiounen an

Initia tiven iwwer Steieren ugeet. Do gëtt et

dann zum Beispill „IMF Regional Technical Assistance

Centres“ oder „International Tax Dialogue“,

„International Tax Compact“, „African

Tax Administration Forum“, do steet dann ëmmer

„no“, „no“, „no“ hannendrun. Do si mer

nach net derbäi. Ech wollt froen: Gëtt do dru

geduecht, och do vläicht an deene Gremië méi

aktiv matzemaachen?

Da wollt ech eng lescht Remarque maachen,

eng Fro stellen iwwert de Cap-Vert. Dir wësst,

dat ass e Land, dat mer besonnesch um Häerz

läit a wou ech weess, dass d’Ministesch an och

d’ganzt Lëtzebuerger Vollek an och d’Lëtzebuerger

Politik vill Attachen huet zu deem

Land. Mir hu jo do ugefaange mat Appui-budgétaire-Programmer,

an ech wollt froen, wéi

Der do virukommt, ob déi Projeten Iech zefridde

stellen an ob mer dat net nach weider

mat engem Land, wou mer esou déif a laang

frëndschaftlech an och politesch Bezéiungen

hunn, ob een do net nach kann drun denken,

dat nach weider auszebauen.

Dat gesot, wëll ech natierlech all deene Merci

soen, déi nogelauschtert hunn. Ech wëll awer

och all deene Leit, déi der Lëtzebuerger Kooperatioun

um Terrain e Gesiicht ginn, déi an den

ONGen, déi am Ministère, déi uechter d’Länner,

wou mer schaffen, eis vertrieden, vun hei

aus am Numm vun der LSAP villmools Merci

soen.

Merci!

w Plusieurs voix.- Très bien!

w Mme le Président.- Ech soen dem honorabelen

Här Angel och Merci, an ech géif dann

als nächstem Riedner dem honorabelen Här

Braz d’Wuert ginn.

w M. Félix Braz (déi gréng).- Merci, Madame

Presidentin. Ech wëll fir d’Éischt zwee Mercië

lassginn, deen éischten un d’Madame Ministesch

an hir Mataarbechter fir déi flott Aart a

Weis, wéi mer, zënter dass si dëse Ressort

iwwer holl huet, mateneen diskutéiere kënnen,

och an der Kommissioun, fir d’Disponibilitéit a

besonnesch och de Rapport, deen all Joers gemaach

gëtt, dee wierklech, wéi ech fannen, e

virbildleche Rapport ass: komplett, detailléiert.

Et mécht Spaass, deen ze hunn. An dofir e

Merci!

Merci awer och un d’ONGen, deeselwechte

Luef verdéngen och d’ONGen an deem heite

Beräich. Och déi leeschten e Bäitrag zu der Aarbecht

vun der Kommissioun. Och déi leeën e

Rapport op den Dësch, deen och ganz exhaus-

12

Séance 2 MeRcRedi, 12 OcTOBRe 2011

www.chd.lu

tiv an och léierräich ass, fir vläicht en anert

Liicht och op d’Kooperatiounspolitik ze werfen.

Ouni hiren Apport, mengen ech, wär d’Diskussioun

eng aner. An déi zwee Rapporten zesummen

erlaben eng anstänneg Diskussioun.

Ech sinn och frou doriwwer, dass mer déi Diskussiounen

hei an engem Dag féieren. Dat ass

net ëmmer de Fall gewiescht, dass also direkt

no der Interventioun vun der Ministesch d’Parlament

kann drop reagéieren. Ech wäert dat

och probéieren ze maachen, op dat anzegoen,

wat Dir virginn hutt, an eis Meenung dozou

soen.

Wann een d’Haaptenjeue vun der Kooperatiounspolitik

weltwäit kuckt an et considéréiert

een dat, wat déi gréisst Ambitioun war an der

weltwäiter Kooperatiounspolitik, nämlech

d’„millennium goals“, da muss ee soen, dass

déi weltwäit Kooperatiounspolitik kee Succès

ass. D’„millennium goals“ sinn net erreecht.

Am Contraire, den Trend geet souguer éischter

erëm zréck!

Den Honger an der Welt ass an de leschte Joren,

no ufängleche Succèsen, nees leider an

enger Courbe ascendante. Et muss een, an et

kann een et net anescht soen, dass déi Efforten

net zum Erfolleg gefouert hunn. Et ass eng dramatesch

Feststellung, well directement do hannendru

sech och Mënscheliewe befannen.

An déi Satisfaktioun, déi ee gäre wéilt - grad

aus Lëtzebuerger Vue - am Beräich vun der

Kooperatiounspolitik äusseren, déi muss ee leider

dämpfen a konstatéieren, dass se am

Concert vun de groussen Natiounen op der

Welt net dozou gefouert hunn, dass mer Succès

hunn. Vill Länner hu sech engagéiert, déi

0,7% vun hirem PIB an d’Entwécklungshëllef ze

stiechen. Och do muss ee feststellen, dass d’Efforten

net nëmmen net iwwerall agehale gi

sinn - déi allermannst hu se agehalen -, schlëmmer

ass, dass vill Länner souguer am Moment

hiren Effort zréckgeschrauft hunn ënnert dem

Afloss vun der Kris.

Eppes, wat hei zu Lëtzebuerg net gemaach

ginn ass. Hei ass nach virun de leschte Chamberswahlen

eng Motioun eestëmmeg ugeholl

ginn, deemools nach mam Accord vum ADR,

dee jo zënterhier op Irrungen an Irrwegen op

dësem Dossier ënnerwee ass. Mä zu Lëtzebuerg

hu mer awer nach ëmmer eng ganz breet Ënnerstëtzung

fir eng voluntaristesch Kooperatiounspolitik

a fir den Effort net zréckzeschrauwen,

am Géigendeel, fir en op engem héijen

Niveau ronderëm 1%, also wäit méi wéi déi

0,7%, ze halen. An dat ass och nach ëmmer

d’Positioun vun der grénger Fraktioun haut.

Mir wëllen, dass déi Effortë gemaach ginn! Et

ass richteg, dass mer déi maachen!

Madame Minister, an Ärer Interventioun hutt

Dir eng Rei Hommagë gemaach an Dir hutt

och eng Rei Satisfaktiounen ausgedréckt. Hommagen

notamment u Lux-Dev, awer ech wéilt

do ausdrécklech och gären eng ganz Rei ONGe

mat abannen an dee Merci, déi wierklech eng

exzellent Aarbecht maachen, an huelen da

Lux-Dev stellvertriedend dann och fir all déi

ONGen, déi mat hinne schaffen.

Dir hutt och eng Rei Satisfaktiounen ausgedréckt.

Dir hutt eng Rei Länner genannt, wou

mer aktiv sinn a wou mer un enger Rei vu konkrete

Projete kënne Succès vermellen, a mir

schléissen eis där Satisfaktioun och gären un.

Wat gutt ass, soll een och net schlechtrieden an

zerrieden. Gutt gemaachen Aarbecht ass eng

gutt gemaachen Aarbecht, an dobäi soll et

bleiwen.

Dir hutt awer, Madame Minister, net wierklech

Iech mat de Problemer och beschäftegt, déi

mer an der Kooperatioun hunn, oder mat de

Saachen, déi vläicht manner gutt lafen. Ech

wëll dat dofir an Ärer Plaz kuerz maachen, well

et gëtt och Problemer an der Aide publique au

développement.

Éischte Punkt, dat ass deen, deen ech déi lescht

Joren ëmmer nees opgeworf hunn, dat ass dee

vun der Cohérence des politiques. Dat ass a

bleift eng Schwieregkeet. Dat ass a bleift e Problem,

en ongeléiste Problem. An Dir hutt an

Ärer Interventioun och e bësse virgebaut, wou

Der ënnerstrach hutt, dass fir eng ganz Rei Instrumenter

zu Lëtzebuerg - ob dat elo den Aussenhandel

ass oder d’Gestioun vum Kyoto-Fong

oder d’Stéchwuert vun der Problematik vun de

Flüchtlingen -, dass do aner Leit oder zumindest

aner Departementer, bei deem enge Beispill,

zumindest aner Departementer an aner

Ministèrë responsabel wären. Dir hutt do wëlle

virbaue fir de Reproche, dass net genuch géif

am Beräich vun der Cohérence des politiques

zesummegeschafft ginn.

Ech muss trotzdeem dee Reproche maachen,

och wann Der virgebaut hutt. Dat ass ee vun

den ongeléiste Problemer zu Lëtzebuerg. Dir

hutt och gesot, Dir géift schonn en vue vum

Rapport d’nächst Joer vum Comité d’assistance

au développement vun der OECD mat enger

konstruktiver Spannung waarden.

Ech muss soen als gréng Fraktioun, wann de

CAD seng Aarbecht anstänneg mécht, dann

dierft et zumindest op engem Punkt net terribel

spannend sinn: Um Punkt vun der Cohérence

des politiques misste mer nees eng Kéier - well

et wär net fir d’Éischt - vum CAD kritiséiert

ginn. Mir hunn do keng Fortschrëtter gemaach,

iwwerhaapt keng par rapport zu hirem leschte

Rapport, wou mer scho kritiséiert gi sinn. Dat

ass a bleift a mengen Aen den Haaptschwaachpunkt.

An ech erwähnen dat, Madame Minister,

well an Ärem Projet de loi, deen Der am

Moment an der zoustänneger Kommissioun an

der Diskussioun hutt, sinn a mengen Ae keng

Elementer dran, fir de Problem ze behiewen.

D’Cohérence des politiques ass awer extrem

wichteg. Well et mécht jo kee Sënn, dass mer

mat enger Hand fir deiert Geld probéieren ze

hëllefen op der Plaz a sënnvoll Projete realiséieren,

a gläichzäiteg hei doheem de Problem

weider verschäerfen - Stéchwuert Klimawandel,

Stéchwuert Réchauffement climatique, CO2- Emissiounen. Et hëlleft net vill, wann ee mat

Projeten op Plazen an der Welt, wou et wéineg

Moyenë gëtt, probéiert ze hëllefen, fir CO2- Emissiounen ze spueren, wann op där anerer

Säit mer hei zu Lëtzebuerg am Beräich vun der

Mobilitéit oder vun der Industriepolitik justement

de Contraire maachen.

Mir suergen hei fir e Problem, net eleng bien

entendu, mä och Lëtzebuerg suergt derfir, dass

e Problem weltwäit geschafe gëtt, an engem

Mooss, wat wäit iwwert dat erausgeet, wat mat

der Kooperatiounspolitik op deenen anere Plazen

an der Welt kann agespuert ginn. Dee Bilan

ass a bleift extrem negativ. An dat mécht, wann

een éierlech ass, net terribel Sënn.

Et geet och nach méi wäit: Mir maache vun

deene Projeten, déi mer weltwäit realiséieren,

och net wierklech e Bilan vun hirem Impakt.

Mir observéieren natierlech déi Projeten, mir

hunn och e Suivi dovun an et gëtt och op verschidden

Aart a Weise bilanzéiert, finanziell an

och op aneren Aspekter. Den exakten Impakt,

notamment fir d’Ëmwelt, d’Klimaproblematik,

ass awer haut nach ëmmer näischt, wat seriö a

kontinuéierlech géif bei all de Projeten analyséiert

ginn. An dat ass an eisen Aen definitiv

eppes, wat verbessert misst ginn.

Dréi- an Aangelpunkt bei där Diskussioun ass

awer och dee Comité interministériel pour la

coopération au développement. Den CICD ass

an de leschte Joren ëmmer nees an d’Kritik geroden,

wann ee sech méi genee domadder beschäftegt.

An déi ONGen, déi bei eis an der

Kommissioun waren, hunn dat jo och gemaach.

Si hunn zimlech genee observéiert, wat

den CICD mécht. Si hunn och do scho mat de

Virschléi sech presentéiert, wéi een et kéint verbesseren.

A mir hunn an der Kommissioun

héieren, wat de Bilan ass. En ass och do zimlech

ernüchternd.

Den CICD funktionéiert net. E funktionéiert net

nëmmen net gutt, e funktionéiert praktesch

net. Ech wëll de Bilan net schéirieden. Deen ass

einfach net positiv, an dat ass a mengen Aen e

ganz seriöe Problem. Ofgesi vun de Présencen

oder den Netprésencen oder de wéinegen Aktivitéiten

- et geet wierklech drëms, wéi strukturéiert

deen CICD ze schaffen hätt an et bis haut

eigentlech net mécht.

Dobäi hätt e genuch Aarbecht. D’ONGen

hunn, wéi gesot, schonn eng ganz Rei Virschléi

jo och gemaach, mat deene sech den CICD

sollt beschäftegen, ob dat ass am Beräich vun

de Marchés publics, vun den CDMen, den

„clean development mechanisms“, bei den

Agrocarburanten, dem Fonds de compensation,

wat jo och schonn op anere Plazen e

wichtegt Thema war, an där Beispiller nach, do

ass an eisen Aen eng dréngend Reform gebueden.

D’Gesetz vun ‹96 huet op deem dote Punkt

Lacunen. Äre Projet de loi, Madame Minister,

huet op deem dote Punkt leider keng Verbesserungen

dran. Mir haten et schonn eng Kéier

regrettéiert, dass mer eis net méi inspiréiert

hunn um Projet de loi (veuillez lire: un der

Proposition de loi) vun der Madame Err a vum

Här Angel. Mir fannen als gréng Fraktioun dee

Projet nach ëmmer…, déi Propositioun nach

ëmmer ganz gutt.

Mir hu bedauert, dass d’Regierung e Géigentext

mécht, deen och manner wäit geet, dee

wierklech an eisen Ae keng Reform duerstellt,

dee kleng Punkten nëmmen upeekt. Dat geet

an der Ambitioun an an der Envergure an eisen

Aen net duer.

Mir hätten et léiwer gesinn, wann d’Regierung

d’Proposition de loi Err/Angel amendéiert hätt

op deene Punkten, wou en net gutt ass, well

mir halen deen Text nach ëmmer fir eng exzellent

Basis fir en neit Kooperatiounsgesetz zu

Lëtzebuerg. A mir ginn d’Hoffnung net op, dass

mer an der Kommissioun an den nächste Wochen

a Méint, wa mer driwwer diskutéieren,

ënnert dem Stréch awer herno en Text wäerte

kënne verabschieden, dee sech ganz enk un déi

initial Propositioun vun der Madame Err an

dem Här Angel kann uleeën. Deen Text ass

nämlech an eisen Aen net schlecht.

Dozou géif gehéieren, dass um Punkt vun dem

CICD an deem dann neie Gesetz, wéi mir eis et

virstellen, notamment um Punkt vun der Cohérence

des politiques do wierklech eng Haaptroll

géif an deem CICD do leien, fir e Suivi ze maachen,

fir eng Evaluatioun ze maache vun de

Projeten, fir eng wierklech Analys ze maachen

iwwert den Impakt, den Impact développemental,

awer net nëmmen, an dat wierklech an

enger Logik vun engem Suivi an och do mat

engem Rapport annuel.

Well mir si jo bal iwwerall ëmmer mat enger

gewëssener Kontinuitéit engagéiert, an dat ass

jo och richteg. Da soll och dovunner e Suivi gemaach

ginn, wat den Impakt betrëfft, an der

Logik vun der Kohärenz. Net nëmme vun der

isoléierter Kooperatioun, mä an der Logik vun

der Kohärenz vun de Politiken. A mir mengen,

dass déi richteg Plaz dofir den CICD wär.

Dofir muss een net all d’Ministeren do um

Dësch sëtzen hunn. De Statsrot huet jo e Virschlag

gemaach, deen an déi Richtung geet.

Dass bien entendu ënnert dem Stréch déi eenzel

Ministere mussen d’Verantwortung dofir

droen, dat ass kloer. Mä ech mengen net, dass

et eng sënnvoll Iddi wär, fir déi doten Analys

um Niveau vun de Ministere maachen ze loossen.

Dat soll duerno vläicht do validéiert ginn,

fir dass si och befaasst sinn domadder a sech

responsabiliséiert spieren. Mä ech denken, am

Alldag, wann déi Aarbecht soll seriö gemaach

ginn, dann ass et vill Aarbecht, an da mussen

och Leit kënnen zum Deel ofgestallt ginn, fir

déi Aarbecht do ze maachen.

Zu der Kohärenz gehéiert awer och, dass ee

sech mat den Themen - Dir hutt se erwähnt,

Madame Minister - beschäftegt vun der Efficacité

de l’aide an der Efficacité du développement.

Bei der Efficacité de l’aide, ech mengen, dat ass

méi eng Effizienzfro, wou ee probéiert, mat

esou mann wéi méiglech Moyenen esou vill

wéi méiglech Resultater ze erreechen. Dass een

d’Visiten op de richtege Minimum reduzéiert

kritt, dass een eng besser Koordinatioun

tëschent de Bailleurs de fonds organiséiert, an

där Beispiller nach, dat ass haaptsächlech dee

Volet.

Wat an eisen Ae méi interessant ass, ass d’Efficacité

du développement, dass een also kuckt,

och do, no der Cohérence des politiques. Wat

ass dat, wat reell als Impakt dobäi erauskënnt?

An dass een och wierklech do zilorientéiert

schafft an net e bësse wéi an deem Beispill

ëmmer vun der Iechternacher Sprangprëssessioun,

wou d’Richtung net ëmmer déiselwecht

ass; dass een och eigentlech mat der Ambitioun

schafft, méiglechst séier déi Hëllefe kënnen ofzeschafen.

D’Zil vun der Hëllef vun der Kooperatioun ass

jo, derfir ze suergen, dass een déi hoffentlech

relativ séier nees kann astellen, well d’Leit eleng

eens ginn, well een hinnen d’Moyenë ginn

huet, fir an enger méi souveräner Approche

kënne sech selwer ze hëllefen. Dat misst permanent

mat auditéiert ginn. Si mer, bewege

mer eis op engem Wee, wou mer „Hilfe zur

Selbsthilfe“ leeschten, oder bewege mer eis op

engem Wee, praktesch engem missionaresche

Wee, wou een eigentlech ëmmer nëmmen

d’Leit mat der Hand hëlt an d’Hand net dierf

lassloossen? Wat dee falsche Wee wär! Dat

muss och richteg a permanent auditéiert ginn.

Dat huet mat Efficacité du développement ze

dinn.

Och mat Efficacité du développement huet et a

mengen Aen ze dinn, wéi eng Stëmm Lëtzebuerg

anhëlt an enger Rei internationale Gremien:

FMI, OMC. Mir kënnen hei mat engem

Prozent vun eisem PIB relativ - relativ - vill

Moyenen débloquéieren. Mir kënnen och probéieren,

déi méiglechst effikass an intelligent

an ouni „hidden agenda“, contrairement zu villen

anere Länner, unzebréngen. Wa mer awer

gläichzäiteg keng kritesch Stëmm hunn an

engem Gremium wéi dem Fonds monétaire

international, wann do déi äermste Länner gerode

kréien, all hir Taxes douanières ofzebauen,

wou ee weess, dass dann déi Marchéë schutzlos

ausgeliwwert sinn deenen, déi wierklech organiséiert

Ekonomien hunn, wou déi Länner op

e Gros vun hire Recettë verzichten!

Déi Taxes douanières, domadder kréien d’Staten,

d’Regierungen an deene Länner Moyenen

zur Verfügung, fir kënne bestëmmte Politiken

och ze finanzéieren, mat enger gewëssener

Souveränitéit a mat enger Chance eben, sech

ze entwéckelen.

Dat wat geschitt um Niveau vum FMI, wann ee

wëllt Sue kréien, dass ee muss en contrepartie -

idealerweis, wann een e gudde Schüler wëllt

sinn - all seng Taxes douanières ofbauen, do

huet een déi Länner mëttellos gemaach a wehrlos

gemaach. Dat muss een einfach esou gesinn!