You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
Här President, d’Entwécklungszesummenaarbecht

ass an däerf kee Selbstzweck sinn. Esou

wichteg et och ass, datt mer zesummen als

international Gemeinschaft an och heiheem op

nationalem Plang déi richteg Regelen a Referenzen,

déi néideg Moyenen a Kontrollen definéieren,

duerch déi mer no méi Effikassitéit a

besser Effizienz vun der Kooperatioun striewen,

däerfe mer awer net iwwert de Prozesser vergiessen,

fir wie mer schaffen.

Ob mer an Afrika, Asien oder Latäinamerika

mat de Partnerlänner iwwer hir Entwécklungsprioritéite

schwätzen, ob mer eis zu New York,

Genève oder Paräis fir méi a besser Hëllef asetzen

oder ob mer deemnächst dat neit Gesetz

finaliséieren a stëmmen, et mussen zu all Ablack

d’Kanner, d’Fraen an d’Männer, déi Dag fir Dag

ënnert den terribele Konsequenze vun der Aarmut

leiden, am Mëttelpunkt vun eisen Iwwerleeungen,

Décisiounen an Aktioune stoen. All

deenen, déi sech duerfir asetzen an all Dag

duerfir schaffen, mäi groussen an éierleche

Merci! An dozou gehéieren och meng Mataarbechterinnen

a Mataarbechter aus der Kooperatioun

am Ausseministère.

Ech soen Iech Merci fir Är Opmierksamkeet.

w Plusieurs voix.- Très bien!

w M. le Président.- Merci, an ech ginn der

Madame Kooperatiounsministesch Marie-Josée

Jacobs Akt vun hirer Deklaratioun. Mir kommen

elo zur uschléissender Debatt. D’Riedezäit ass

hei nom Modell 2 festgesat, an et hu sech bis

elo ageschriwwen: d’Madame Arendt, den Här

Bettel, den Här Angel, den Här Braz, den Här

Kartheiser an den Här Hoffmann. Als éischt Riednerin

ass déi honorabel Madame Nancy Arendt

agedroen. Madame Arendt, Dir hutt d’Wuert.

Débat

w Mme Nancy Arendt (CSV).- Merci, Här

President. Här President, Excellences, Madame

Ministesch, Dir Dammen an Dir Hären, am Lidd

„Imagine“ séngt den John Lennon, mir sollten eis

virstellen, wéi et wier, wann et keng Länner géif

ginn, keng Reliounen, näischt fir een ëmzebréngen,

kee Besëtz, kee Grond fir gaaschteg oder

hongreg ze sinn. „Stellt Iech vir“, séngt dee legendären,

leider verstuerwene Beatles-Sänger, „all

d’Mënsche géifen einfach am Fridden zesumme

liewen an all eng Welt zesummen deelen“.

A gläich drop séngt en: „You may say I’m a

dreamer, but I’m not the only one!“ Natierlech...

w M. le Président.- Här Kartheiser? Erlaabt

Der, Madame Arendt, datt den Här Kartheiser

Iech eng Fro stellt?

w Mme Nancy Arendt (CSV).- Jo natierlech,

Här Kartheiser.

w M. Fernand Kartheiser (ADR).- Merci.

Ech sinn e bësschen iwwerrascht. Ech wollt just

d’Madame Arendt froen, ob si am Numm vun

der CSV elo schwätzt: „Stellt Iech vir, et gëtt

keng Reliounen, da géifen d’Leit am Fridde

liewen.“ Ech wier frou, wa si eis dat do nach

kéint e bësse méi erklären, well dem John Lennon

säi Lidd ass jo ganz schéin, mä et stellt

awer eng ganz Rei Froen, déi vläicht sollte

gekläert ginn. Ass d’CSV der Meenung: „Stellt

Iech vir, et géife keng Relioune ginn an da géife

mer all am Fridden zesumme liewen?“

Merci.

w Mme Nancy Arendt (CSV).- Ech hunn net

gesot, wat d’CSV gesot huet. Ech hunn e

Sänger zitéiert, dee säi Lidd hei gesongen huet.

(Interruptions)

w M. le Président.- Sou, elo schwätzt ganz

eleng d’Madame Arendt. Lauschtert emol der

Madame Arendt no, Här Kartheiser.

(Brouhaha)

w Mme Nancy Arendt (CSV).- A vläicht, fir

den Här Kartheiser direkt ze berouegen, si

meng nächst Wierder: Natierlech leien tëschent

deem, wat gesonge gëtt an der Wierklechkeet

dacks Welten.

(Interruption)

Mä mir däerfen dësen Dram an d’Hoffnung, fir

de Mënschen, deenen et net esou gutt geet, ze

hëllefen net opginn! Grad elo, a wirtschaftlech

gesi méi schwéieren Zäiten, ass et wichteg,

posi tiv an d’Zukunft ze kucken. Grad elo musse

mer dee Wee vun der Entwécklungshëllef, dësen

esou wichtege Beräich fir eist Land, deen

eis och an Zwëschenzäit richteg un d’Häerz

gewuess ass an op dee mer och houfreg kënne

sinn, entschlosse weidergoen.

Grad elo si mer eis och bewosst, datt mer riicht

weider sensibiliséiere musse fir dës esou wichteg

Thematik.

8

Séance 2 MeRcRedi, 12 OcTOBRe 2011

www.chd.lu

Dofir si mir als CSV dankbar, datt hei an der

Chamber eemol am Joer eng méi laang Debatt

iwwert d’Entwécklungshëllef stattfënnt. Dës

Debatt gëtt eis d’Méiglechkeet, ëmmer nees op

en Neits drop hinzeweisen, ënner wéi engen

dramatesche Konditiounen nach ëmmer Millioune

vu Leit liewe mussen, an et erlaabt eis

och, e Bilan vun den internationalen an nationalen

Ziler ze zéien, déi um Niveau vun der

Entwécklungshëllef festgehale gi sinn.

Mir sinn och frou iwwer eisem Finanzminister,

dem Luc Frieden, seng Ausso net méi spéit wéi

d’lescht Woch beim Dépôt vum Budget, datt

mer eben „net nëmmen eleng op dëser Welt

sinn“ an datt mer weider un eisem 1% vum BIP

vun der Entwécklungshëllef festhale wëllen, a

wou 314.000 Euro méi ageplangt sinn, wat e

Plus ass vu 5%, wat eisen Engagement am

welt wäite Spëtzepeloton bestätegt.

Léif Frënn, ech fannen et traureg, wa mer eisen

Engagement fir d’Entwécklungshëllef verteidege

mam Argument, net nach méi Flüchtlinge

bei eis op Lëtzebuerg ze kréien, an esou den

traurege Message vermëttelen, datt mir Entwécklungshëllef

maachen, fir schlussendlech eis

selwer alt net erëm ze vill ze schueden.

Entwécklungshëllef soll gemaach ginn, well mer

et einfach ongerecht fannen, datt d’Plaz, wou

een op d’Welt kënnt, driwwer décidéiert, ob

een eng Perspektiv am Liewen huet oder net,

well mer net gären an enger verrécktener Welt

liewen, wou op där enger Säit Mënsche sech

Fett ofsauge loossen, well se ze vill giess hunn,

an op där anerer Säit all Dag Mënsche stierwen

an erhéngeren, well se net genuch hunn.

An Entwécklungshëllef soll gemaach ginn, well

mer dach eis allze modern Welt gären a Fro

stellen - wa mer et fäerdegbréngen, Mënschen

op de Mound ze schécken a geschwënn Tourismus

am All ze entwéckelen, mä wa mer awer

net genuch fir all Kand parat hunn, fir datt et

iwwerliewe kann.

Léif Kolleegen, a menger Ried wollt ech fir

d’Alle réischt am Detail op zwou vun den Haapterausfuerderungen,

déi sech an der Entwécklungshëllef

stellen, agoen: déi ongerecht Verdeelung

an de Bevölkerungszouwuess. Da wéilt

ech kuerz op verschidde Millenniumsobjektiver

ze schwätze kommen. An engem drëtten Deel

wollt ech mech mat der europäescher Entwécklungshëllef

auserneesetzen, fir schliesslech da

kuerz och nach op den nationale Kontext vun

eiser Entwécklungshëllef ze kommen.

Niewent dem Bevölkerungszouwuess, dem

Klima wiessel, de klammende Pëtrolspräisser an

de Spekulatioune mat Liewensmëttel bleift an

ass et virun allem déi ongerecht Verdeelung an

eiser Welt, déi deenen engen et erlaabt, hir

Piscinë mat Waasser ze fëllen, während déi aner

kee Waasser hunn, fir ze drénken. Dëst kann an

däerf eis net egal sinn, geneesou wéineg wéi

déi batter Realitéit, datt 1% vun der Weltbevölkerung

40% vum weltwäite Räichtum gehéieren

an datt déi 20% Räich eleng 80% vun

de weltwäit produzéierte Gidder konsuméieren.

Dat wierklech Paradoxt un dëser Situatioun ass

awer, datt eis Äerd méi wéi genuch z’iesse fir

jiddwer Mënsch bitt. Allerdéngs muss ee

wëssen , datt e groussen Deel vun den ugebautenen

Nahrungsmëttel net fir den Honger ze

stëlle benotzt gëtt, mä fir an deene räiche

Länner souwuel d’Mënsche wéi d’Déieren am

Iwwerfloss ze fidderen respektiv an d’Dreckskëscht

ze geheien.

Esou gi 40% bis 50% vun de Kären an de

Fësch produiten, genee wéi och 90% vum ugebautene

Soja a 25% bis 40% vun deene verschiddene

Mëllechproduiten als Fudder fir eis

sougenannten „Notzdéieren“ - d’Mënschen an

d’Déiere vun eiser Säit also - benotzt.

Nach méi schockant wéi dat ass d’Tatsaach,

datt d’Produktioun vu Fleesch a Mëllech oder

Eeër eng zimlech ineffizient Aart a Weis ass, fir

natierlecht Eewäiss ze kréien, well do enorm vill

Planze gebraucht ginn. Et brauch een zum Beispill

16 Kilo Weess, fir nëmmen ee Kilo Fleesch

ze produzéieren. Schonn eleng déi 1,5 Milliarde

Ranner, déi et op dëser Welt gëtt, verbrauchen

esou vill Fudder, datt mer domadder bal zweemol

där ganzer Weltbevölkerung kéinten z’iesse

ginn.

An dësem Kontext schreift den Direkter vum

amerikaneschen „Institute for Food and Development

Policy: „Fastfood und die Gewohnheit

des Fleischverzehrs unter den Reichen auf dem

Planeten unterstützen ein globales Nahrungssystem,

das Nahrungsmittelressourcen von den

Hungernden abzieht.“

An Äthiopien zum Beispill leiden Zéngdausende

vu Mënschen ënner enger Hongersnout. Am

nämlechte Moment planzt dat total veraarmtent

Land awer Käre fir eis an Europa un a verpacht

seng Terrainen, déi exklusiv der Regierung

gehéieren, léiwer fir iwwer 50 Joer un

auslännesch Groussentrepreneuren amplaz u

seng eege Klengbaueren.

Här President, mir mussen eis Liewensgewunnechten

änneren, wa mir deenen Aarmen an

eiser Welt tatsächlech hëllefe wëllen. Net

nëmme si musse sech änneren, och mir mussen

eis änneren!

Nieft der Landwirtschaft an der Handelspolitik

ass och an anere Beräicher, wéi zum Beispill

dem Klimawandel, eng Ännerung vun eise Konsumgewunnechten

dréngendst noutwendeg.

Et sinn emol keng esou riseg Ustrengunge verlaangt,

fir fir eng méi gerecht Verdeelung vum

Räichtum ze suergen.

Hei ass et just wéi beim Klimawandel: kleng

Gesten, vläicht och kleng Affer am Alldag kënne

global ganz vill erreechen, wéi zum Beispill

manner Fleesch iessen, ouni direkt musse Vegetarier

ze ginn. En plus kënnt dëst Behuelen

dann och dem Klimaschutz an hannen um Enn

och eiser eegener gudder Gesondheet zegutt.

Si mir nämlech net prett, un eiser Liewensweis

eppes ze änneren, da si mer enger Etüd vun

der Däitscher Bank no praktesch gezwongen,

bis d’Joer 2050 d’Produktioun vun eisen Iessmëttel

ze verduebelen, an dëst eleng, fir

kënnen der Demande vun enger weider steigender

Weltbevölkerung gerecht ze ginn.

Just fir ee Beispill ze nennen, soll sech d’Weltbevölkerung

an de Länner südlech…, d’Bevölkerungszuel

- entschëllegt - an de Länner südlech

vun der Sahara, wou elo schonns d’Fraen

am Duerchschnëtt bal sechs Kanner kréien, vu

767 Milliounen an der nämlechter Period méi

wéi verduebelen. Et ass kloer, dass den enorme

Bevölkerungszouwuess an deenen aarme Länner

deene verschiddene positiven Entwécklungen

oft e Stréch duerch d’Rechnung mécht.

Léif Kolleegen, d’Weltbevölkerung wiisst all Joer

ëm 80 Millioune Mënschen, allerdéngs och hei

net iwwerall gläichméisseg. 98% vum Bevölkerungszouwuess

betrëfft d’Entwécklungslänner.

Do, wou déi gréisste Fortschrëtter an deenen

äermste Regioune gemaach gi sinn, dat ass do,

wou et fäerdegbruecht gouf, d’Gebuerteraten

ze kontrolléieren. Et ass och do, wou op eemol

d’Kanner genuch z’iessen hunn, wou se eng

Éducatioun kréien a wou et Zougank zu engem

eegene Gesondheetssystem gëtt.

Kee Wonner, datt d’Vereenten Natioune virun

allem op méi Verhiddungsmëttel a Sexualberodung

pochen. Weltwäit gëtt et all Joer iwwer

80 Milliounen ongewollte Schwangerschaften

an den Entwécklungslänner. Heivunner si ganz

vill jonk Frae betraff, déi selwer nach Kanner

sinn. Ronn 215 Millioune Fraen op dëser Welt

si gewëllt ze verhidden, kënnen awer net, well

se keen Zougank zu Kondomer oder der Pëll

hunn, seet d’Geschäftsführerin vun der däitscher

Stëftung vun der Weltbevölkerung, d’Renate

Bähr.

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- Dir sidd

also net mam Poopst averstanen?

w Mme Nancy Arendt (CSV).- Neen, an

deem heite Sujet net.

w M. Xavier Bettel (DP).- Dir selwer oder Är

Partei?

w Mme Nancy Arendt (CSV).- Ech selwer.

Ech schwätzen dann an deem Fall perséinlech.

w M. Xavier Bettel (DP).- Genial!

w Mme Nancy Arendt (CSV).- Et stécht ganz

kloer eraus, datt do…

(Hilarité et interruption)

Et stécht ganz kloer eraus, datt do, wou d’Frae

selwer entscheede kënnen, wéini a wou se

schwanger wëlle ginn, manner ongewollte

Schwangerschafte virkommen an d’Gebuerten

och vill méi komplikatiounslos oflafen. Esou

kann och d’Mammestierflechkeet, wat jo e weidert

Zil ass vun den „millennium goals“, bis zu

30% gesenkt ginn. Just fir ze soen, datt an

deenen äermste Länner nach ëmmer deeglech

bis zu 1.000 Fraen - deeglech bis zu 1.000

Fraen! - u Komplikatioune während der Schwangerschaft

oder bei der Gebuert stierwen, an dëst

meeschtens bei ongewollte Schwangerschaften.

Keng Sexualopklärung an net genuch Ver hiddungs

mëttel dreiwen net nëmmen d’Bevölkerungszuel

an d’Luucht, mä och d’Zuel - an

d’Madame Ministesch huet et virdru gesot,

wou zwar schonn e grousse Succès ze verzeechnen

ass - vun HIV-Infektiounen. Ver hiddungs

mëttel a ganz virop de Kondom, gradesou

wéi - an dat ass e ganz wichtegt Element -

d’Mat abanne vun de Männer bei der Op klärung,

bei der Verhiddung, mussen nach vill méi

promouvéiert ginn.

Dir Dammen an Dir Hären, d’lescht Joer am

September gouf um UN-Sommet zu New York,

zéng Joer nodeems d’„millennium goals“ an

d’Liewe geruff goufen, en éischten Tëschebilan

gemaach. Deen Tëschebilan ass méi wéi mitigéiert.

Et gëtt Ziler, déi méi wäit erreecht gi si

wéi anerer, an et gëtt Länner, an deenen d’Ziler

besser konnten ëmgesat gi wéi an deenen aneren.

Ech wollt just kuerz zwee vun deenen aacht

Millenniumsziler méi genee ënnert d’Lupp huelen,

fir ze gesinn, wou mer dann haut stinn.

Dat wär fir d’Alleréischt emol dat éischt Zil, dat

seet, datt bis 2015 d’Zuel vun deene Mënschen,

déi mat manner wéi mat engem Dollar

am Dag liewe mussen, gradesou wéi d’Zuel

vun deene Mënschen, déi un Honger leiden,

ëm d’Halschent ze reduzéieren ass.

An hirem Rapport aus dem Joer 2009 stellt

d’UNO fest, datt d’Zuel vun deenen, déi an extremer

Aarmut liewen, vun 1,8 Milliarden op

1,4 Milliarden erofgaangen ass. Dëst ass virun

allem e Succès, wann ee bedenkt, datt d’Weltbevölkerung

jo vu 5,3 op 6,5 Milliarden eropgaangen

ass. Leider fält dëse Bilan fir déi

äermste Regioune wéi d’Subsahara awer éischter

schlecht aus. Hei ass den Deel vun deenen,

déi mat manner wéi mat engem Dollar den

Dag liewe mussen, just vu 57% op 51% gefall.

Dramatesch gëtt et bei der Bekämpfung vum

Honger op der Welt: Am Joer 2009 ass et

nämlech fir d’éischte Kéier zënter et doriwwer

Statistike gëtt, also zënter 1970, datt méi wéi

eng Milliard Mënschen un Honger leiden.

Dat seet keng aner wéi d’Madame Josette Sheeran,

d’Directrice vum UN-Welternährungsprogramm,

déi och op Besuch war bei eis hei virun

e puer Wochen op den Assisen.

Eng Milliard Mënschen, déi un Honger leiden,

dat ass all sechsten Äerdebierger. Den Haaptgrond

fir dës Hongersnout sinn déi kombinéiert

Effekter vun der weltwäiter Rezessioun an déi

drastesch steigend Liewensmëttelpräisser. Derbäi

kommen a verschiddenen afrikanesche

Länner eng Dréchent, esou wéi mer se am Moment

um Horn vun Afrika erliewen, manner

Geld aus dem Handel an der Entwécklungshëllef

a manner Iwwerweisunge vu Sue vun Immigranten

an hir Heemechtslänner an och - an

dat ass e ganz wichtege Punkt, wou de Fernand

Boden ëmmer drop opmierksam mécht - eng

vernoléissegt Landwirtschaftspolitik.

Wa mer de Kampf géint den Honger an extrem

Aarmut gewanne wëllen, dann nëmmen, wann

d’Industrielänner nees méi an d’Landwirtschaft

an an déi ländlech Entwécklung investéieren,

wou vill méi Suen nees erëm an dëse Secteur

fléisse mussen.

Dat verlaangt ënner anerem och der UNO hir

Organisatioun fir d’Liewensmëttel an d’Landwirtschaft.

An dësem Kontext erënnert d’FAO

nämlech drun, datt am Ufank vun den 90er

Joren nach vill méi Mënsche sech an den Entwécklungslänner

sat iesse konnten, well ebe vill

Suen an den Agrarsecteur vun dëse Staten

inves téiert gi sinn. Dofir ass et wichteg, datt

d’Klengbaueren aus deene klengste Regioune

vun dëser Welt nees bessert Geseems, Dünger,

Fudder fir d’Déieren an och Maschinne solle

kréien.

1980 sinn nämlech bal 20% vun der weltwäiter

Entwécklungshëllef an d’Landwirtschaft gaangen,

fir dann 2004 op nëmme 4% an hautdësdags

souguer knapp op 2% erofzefalen.

Doniewent mussen Agrarreformen ënnerstëtzt

ginn, fir deene Leit erëm d’Méiglechkeet ze

ginn, fir selwer ze produzéieren an esou en

eegent Akommes ze kréien. An et mussen nei

Regele fir d’Agrarmäert agefouert ginn, fir datt

déi schwaach Konkurrenten an der Landwirtschaft

virum Dumping a staarke Präisschwankunge

geschützt ginn. Nëmmen esou kënnen

déi sëlleche Baueren am Süden nees Hoffnung

kréien a kann d’Veraarmung konkret bekämpft

ginn.

An Europa erhalen d’Erzeuger am Allgemenge

staatlech Hëllefen a Form vun Ausgläichsbezuelungen,

déi bei ville bis zu 60% vum Akommes

ausmaachen, déi déi Baueren an deenen aarme

Länner natierlech net kréien. Et gëtt kritiséiert,

datt d’Industrielänner mat Subventiounen eis

Präisser fir d’Landwirtschaftsprodukter esou

nid dreg halen, datt déi aarm Länner net méi

mathale kënnen an hir eege Produktioun méi

déier op de Marché bréngen, wéi mir eis.

En plus huet déi schnell Afouer vu Liewensmëttel

déi lokal Produktioun an den Abseits gedrängt

an d’Existenz vu Millioune Baueren zerstéiert.

D’Dumpingpräisser hunn zwar vläicht

dem Konsument an de Stied Virdeeler bruecht,

mä si hunn déi national Produzenten extrem

benodeelegt, well se ëmmer manner Keefer fir

hir eege Wuere fonnt hunn.

Här President, léif Kolleegen a léif Kolleeginnen,

dat véiert Jordausendzil ass dat, wat mir perséinlech

am meeschten um Häerz läit, an dat

ass, derfir ze suergen, datt tëschent 1990 an

2015 d’Zuel vun de Kanner, déi ënner fënnef

Joer stierwen, vun 10,6% op 3,5% erofgesat

gëtt.

Och bei dësem Punkt huet sech d’Situatioun an

eenzelne Länner verbessert, mä a ville Regiounen

- an do gehéiert nees déi ganz Subsahara

derzou - bleiwen d’Zuele schlecht. De Risiko fir

d’Kanner, u vermeidbare Krankheeten ze stier-