Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
wécklungslänner, also Mëssbrauch vu Ressourcen,

déi déi Länner dréngend géife brauchen,

do gëtt ee ganz wéineg gewuer.

Dir kënnt Iech erënneren, dass, ech menge

virun zwee Joer, eng Etüd erauskomm ass hei

zu Lëtzebuerg, wou geschat ginn ass, dass déi

Steierflucht méi héich léich wéi eis Entwécklungshëllef.

Deemools gouf et eng grouss

Opreegung an et ass gesot ginn, déi Etüd, déi

wär net seriö. Et ass awer ni duerno eng

onofhängeg Analys vun där Problematik nogereecht

ginn.

D‘Weltbank schätzt, dass 1 bis 1,5 Trilliounen

Dollaren, dausend Milliarden, dat ass dat englescht

Wuert „trillions“, illegal finanziell Flëss

ausmaachen, dovunner d‘Halschent aus den

Entwécklungslänner an den Iwwergangslänner.

Wéi vill dovunner op Lëtzebuerg kommen,

wësse mer ganz einfach net. An an enger rezenter

Etüd iwwert den internationalen Index

zur Finanztransparenz kënnt Lëtzebuerg net

ganz glänzend ewech, wéi ee sech dat jo och

erwaarde konnt.

Och iwwert d‘Implikatioun vun eiser Finanzplaz

oder anere Secteure vun eiser Ekonomie an Aktivitéiten,

déi den Ziler vun der Entwécklungspolitik

net gerecht ginn oder hinne widderspriechen,

wësse mer äusserst wéineg. Wéi

eisen ekologeschen oder soziale Foussofdrock

ausgesäit a puncto Entwécklungslänner, ass

wäitgehend ongewosst.

Ech wëll net ëmmer op eise Fonds de compensation,

also de Placement vun eise Rentereserven

zréckkommen, mä et ass awer e symptomatesche

Fall fir d‘Fro vun der Kohärenz. An

där laanger Lëscht vun de Kapitalgesellschaften,

wou mer investéieren, sinn der Honnerten

- Honnerten! -, déi bekannt si fir eng skrupellos

Politik an den Entwécklungslänner, eng skrupellos

Exploitatioun vun de Mënschen a vun der

Natur, wou d’traditionell Landwirtschaft zerstéiert

gëtt, d‘Liewensgrondlage vun der Populatioun

ënnergruewe ginn, wou Geschäfter gemaach

gi mat der Ofholzung vun de Bëscher,

mat dem sougenannten „land grabbing“, dat

heescht am Fong geholl d’Besetze vu grousse

Fläche vu Land, wat och erëm eng Kéier zur

Zerstéierung vun der lokaler Landwirtschaft

féiert, wou mat de Liewensmëttel spekuléiert

gëtt an esou weider an esou fort.

An deem neie Kooperatiounsgesetz misst déi

Fro vun der Kohärenz also vill méi e grousst

Gewiicht kréie wéi bis elo, an dat heescht natierlech

och, dass Moossnamen an Instrumenter

fir méi Transparenz musse geschafe ginn.

D‘Madame Nancy Kemp-Arendt huet hei op

eng exzellent Aart a Weis d‘Fro vun der Verdeelung

vun der Aarmut, vum Honger, vun de

Millenniumsziler, déi net erreecht ginn, duergeluecht.

D‘Aarmut, déi weltwäit net erofgaangen

ass, sondern gewuess ass an deene leschte

Joren, wat eigentlech e Skandal ass, wann ee

vergläicht, wat noutwendeg wär, fir d‘Aarmut

ofzebauen, vergläicht zum Beispill mat de Militärausgaben

op der Welt oder vergläicht mat

där onverschimmter Accumulatioun vu privatem

Räichtum a wéinegen Hänn! An déi weltwäit

Ongläichheeten, wou d‘Aarmut jo nëmmen

een Extrem ass, déi sinn duerch d‘Kris

nach verschäerft ginn.

Natierlech soll een an däerf een déi politesch

Responsabel an den Entwécklungslänner selwer

net aus hirer Verantwortung eraushuelen, awer

déi entscheedend Décisiounen an Orientéierungen

iwwert d‘sozial a wirtschaftlech Entwécklungen

an der ganzer Welt, also och an den

Entwécklungslänner, déi ginn hei geholl. Déi

ginn an deenen entwéckeltste Länner geholl.

Hei, also virun allem hei, muss eng aner Richtung

ageschloe ginn.

Et ass wichteg a richteg, ze bleiwe bei deem

1% Entwécklungshëllef, also 1% vum PIB. Dat

kéint souguer nach méi héich sinn. Awer wa

mer net insgesamt eng aner Richtung aschloen,

da riskéiert déi Entwécklungshëllef och net vill

méi ze bleiwen, wéi eng Aspirin géint eng

Kriibskrankheet.

Merci.

w M. le Président.- Merci dem Här Hoffmann.

An da kritt nach eng Kéier d‘Wuert

d‘Kooperatiounsministesch, d‘Madame Marie-

Josée Jacobs.

w Mme Marie-Josée Jacobs, Ministre de la

Coopération et de l‘Action humanitaire.- Merci,

Här President. Dir Dammen an Dir Hären, ech

géif wëllen alle Spriecherinnen a Spriecher, déi

Séance 2 MeRcRedi, 12 OcTOBRe 2011

sech hei zu Wuert gemellt hunn, Merci soe fir

hir konstruktiv, bal exklusiv konstruktiv Bäiträg,

déi se geleescht hunn. Ech entschëllege mech

am Viraus, datt ech net op all Froe kann haut

eng Äntwert ginn. Ech sinn awer gäre bereet,

Här President, fir an der Kommissioun, wann

dat de Wonsch ass, op eenzel Punkte sécher

nach eng Kéier zréckzekommen.

Dat, wat mer opgefall ass, dat ass eng vun

deene Froen, déi sech zënter enger Rei vu Jore

stellen, eigentlech iwwer méi laang stellen, mä

déi elo an deene leschte Jore méi thematiséiert

ginn ass, dat ass d‘Fro vun der Landwirtschaft.

Wou ee muss soen, datt ee jo am Fong ewell

iwwer 20, 30 Joer gesinn huet, datt dat géif e

Problem ginn, an datt mer elo am Fong eréischt

ufänken, richteg ze thematiséieren, a wou et

ganz sécher ass, datt och zënter ëmmer

d‘Lëtzebuerger Kooperatioun, Associatiounen,

ONGen , ech denken un SOS Faim, ech denken

un d’„Jong Baueren a Jong Wënzer“, dat ënnerstëtzt

hunn, ebe just, fir d‘Landwirtschaft an

deene Länner ze ënnerstëtzen.

Wou een awer och muss soen, datt dat net ëmmer

ofhängeg ass nëmme vun dem Wëlle vun

deem engen oder deem aneren, well een awer

gesäit, datt, deemno wéi och d‘Klima changéiert,

heiansdo mëttlerweil esou grouss Iwwerschwemmunge

kommen, duerno erëm Dréchente

kommen an esou virun. Et ass also eppes,

wat ee kann a muss ënnerstëtzen, ouni

Zweifel, mä wéi gesot, wou een awer och muss

wëssen, datt et heiansdo Contraintë gëtt, déi

een net iwwert deen dote Wee ka behiewen,

oder eleng behiewen.

Dat, wat mech jo wierklech enorm iwwerrascht,

dat ass, mir wore jo och Bauere gewiescht a mir

haten och keng Suen, mä mir haten awer ëmmer

sat ze iessen. An dat ass eigentlech jo eppes,

wat an deene Länner komesch ass, datt ee

mierkt, datt déi Leit, trotzdeem, datt se schaffen,

trotzdeem, datt se Bauer sinn, emol net esou vill

erschaffen, datt et duergeet, fir kënne sech an

hir Familljen ze erhalen; respektiv et muss

gekuckt ginn, och Stocke kënnen ze maache fir

dee Moment, wou da wierklech eng Hongersnout

kënnt oder esou, fir dann och besser an

dem Regionale kënnen dorobber ze äntwerten.

w Une voix.- Très bien!

w Mme Marie-Josée Jacobs, Ministre de la

Coopération et de l‘Action humanitaire.- Eng Rei

vu Spriecherinnen a Spriecher hunn och geschwat

iwwert d’Millenniumsziler. Et ass net

esou, datt d‘Millenniumsziler alleguerten erreecht

goufen. Et ass awer och net esou, datt

iwwerhaapt näischt erreecht gouf. Och dat ass

ganz ënnerschiddlech an ënnerschiddlech sougutt

an den Ziler wéi och an de Regiounen,

wou ee gesäit, datt souguer an eenzelne Länner,

an Nopeschlänner, bei deenen engen d‘Resultater

ganz anerer si wéi op anere Plazen. Sou

datt ech awer net ganz gären hätt, wa mer

esou generell géife mengen, domadder hätte

mer iwwerhaapt näischt erreecht!

Wat och déi Fro vun de Flüchtlingen ubelaangt,

also, ech muss éierlech soen, dat ass jo eng vun

deenen delikatesten, déi et gëtt, well alles dat,

wat een doriwwer seet, ass jo ëmmer nëmmen

eng hallef Wourecht a féiert ëmmer erëm

dozou, datt deen een oder deen anere sech

hannert deem engen oder deem anere ka verstoppen.

Ech géif wierklech wëllen - elo si jo

d‘Gemengewahlen eriwwer - och vun der Geleeënheet

profitéieren, all déi Responsabel an

de Gemengefroen ze bieden, kooperativ ze

sinn an ze hëllefen, datt mer zesummen och

dee Phenomeen an dee vum Logement vun

deene Leit, déi elo a grousser Zuel op Lëtzebuerg

kommen, kënne regelen.

Mir hu Verflichtungen, international Verflichtungen,

a mir kënnen eis de Luxus net leeschten,

fir ze soen: „Mir wëllen déi net.“ Mir

mussen also kucken, och wa mer déi Prozeduren,

déi mer hunn, méi accéléréieren, well déi

Leit wahrscheinlech net d‘Recht hunn an net

kënnen heibleiwen, mä awer ze kucken, datt se

déi Zäit, wou se hei sinn, kënnen uerdentlech

ënnerdaach kommen.

An da wëll ech all deene soen: och souguer

ekonomesch Flüchtlingen! Kee Mënsch geet

doheem fort nëmme just aus Plëséier fir fortzegoen.

All Mënsch, deen doheem fortgeet, dee

seng Famill, dee säi Land, deen alles am Stach

léisst, fir éierens aneschters ze goen an ze kucken,

fir sech a fir seng Famill e bësselchen e

bessert Liewen ze fannen, do kann een net

soen, dat ass awer alles, also, déi hunn hei

näischt verluer, an dat kann, dat däerf net sinn!

www.chd.lu

Ech géif emol gären déi vun eis alleguerte gesinn,

wa se an där Situatioun wieren, datt se

Kanner hätten, déi zéng Joer al wieren, déi ni

an enger Schoul woren, déi nach ni bei engem

Dokter woren an esou virun, fir ze kucken, ob

mir net datselwecht géife maachen. An d‘Lëtzebuerger

hunn datselwecht gemaach! Mir sinn

ausgewandert! Mir, eis Virfahre sinn ausgewandert

fir ze kucken, eng besser Situatioun fir hir

Familljen ze kréien. Dofir mengen ech, dat, wat

mer fir eis selwer an Usproch geholl hunn, do

kënne mer net soen, dat geet eis näischt un an

domadder hu mer näischt ze dinn.

Sou datt een och..., an dat ass eigentlech och

dat, wat e puer Leit elo gesot hunn, och de

Félix Braz, et ass jo net, d‘Entwécklungshëllef

ass jo kee Selbstzweck. Ech hunn do selwer gesot,

d‘Entwécklungshëllef ass jo dofir do, fir an

engem Moment ze hëllefen, wou et deene

Länner net esou gutt geet, mä fir awer ze

kucken, datt een dorauser erauskënnt, an derfir

ze suergen, datt déi Leit eng Autonomie kréien,

datt déi Länner eng Autonomie kréien an net

méi dorobber ugewise sinn.

An deem Kontext géif ech dann och wëlle soen,

och d‘Aide budgétaire: D‘Aide budgétaire ass

jo och e Mëttel, dat ass jo och kee Selbstzweck

fir sech. An dat, wat ech iwwert d‘Aide budgétaire

gesot hunn, dat ass sougutt an der Kommissioun

wéi iwwerall: Bis haut hu mir ganz

zaghaft op eenzelne Plazen Aide budgétaire gemaach,

mat deenen néidege Kontrollen, déi do

dermat verbonne sinn, well mer ebe gären hätten,

datt och wierklech déi Suen, déi mer do

ginn, och solle richteg ugewannt ginn.

Op där anerer Säit muss een awer och gradesou

kloer soen, datt, wann déi Leit eng Kéier

aus der Aarmut erauskommen... Mir soe jo

heiansdo dat eent an och nach de Contraire

vun deem engen. Mir soen, op där enger Säit

missten hir Capacitéite gestäerkt ginn, si misste

kënnen Taxen an Douanen an alles aféieren,

wat alles richteg ass. Da musse mer awer och

soen, si mussen och d‘Capacitéite kréien, fir

datt se dat och selwer kënne géréieren.

Wa mer dann awer soen: „Ah neen, neen,

neen, Dir kritt kee Frang, a wa mir fortginn, da

kuckt Der, wéi Der dann eens gitt!“, da musse

mer awer och domadder rechnen, datt se dann

awer wahrscheinlech och net eens ginn. Dofir

mengen ech ewell, datt dat eng Démarche ass,

wou ee muss kucken: Wéi kann een dat maachen?

A wéi engem Mooss kann een dat maachen?

An dann och de Leit d‘Méiglechkeet a

wéi gesot d’Capacitéiten ze ginn.

Et ass vill op den Assisen iwwert d‘Capacitéite

geschwat ginn. An ech menge wierklech, datt

dat een immens wichtege Punkt ass, datt mer

wierklech déi Länner stäerken, datt se kënnen

och d‘Gestioun sougutt vun hire Gelder wéi

och vun hiren Administratioune maachen.

Ech hunn och net gären, wann déi Länner alleguerten

duergestallt ginn, wéi wann do lauter

Gangster wieren. Also, ech muss éierlech soen,

mech genéiert dat, mech genéiert dat och visà-vis

vun deene Leit, déi hei sinn an déi sech

wierklech och an hire Länner enorm Méi ginn.

Ech hunn esou fantastesch Leit do kennegeléiert,

wéi der vläicht op villen anere Plaze sech

kéinten d‘Fangere lecken, wa se esou wiere wéi

déi: déi sech esou asetze fir hir Leit, déi sech

esou asetze fir hir Länner! Da solle mer se net

duerstellen, wéi wa se alleguerte korrupt wieren

a wéi wa se alleguerten dee leschten Dreck

wieren!

w Plusieurs voix.- Très bien!

(Interruption)

w Mme Marie-Josée Jacobs, Ministre de la

Coopération et de l‘Action humanitaire.- Evaluatiounen,

do hunn ech och driwwer geschwat a

vill driwwer geschwat. Ech wonnere mech ëmmer,

wann een..., mä et schwätzt een ëmmer

ze séier a vläicht och ze vill. Datt dat eigentlech

och alles relativ streng gekuckt gëtt, ech

mengen, dat wier zum Beispill ee Punkt, deen

een eng Kéier an der Kommissioun nach eng

Kéier sollt kucken: Wéi gesinn dann d‘Evaluatiounen

aus, déi mer maachen?

Ech hunn och gesot, datt mer an Namibien fort

géife goen an datt mer do och déi 18 Joer Politik,

déi mer do gemaach hunn, géife wëllen evaluéieren.

Well ech denken, datt et wichteg ass

ze kucken: Wat ass an deenen 18 Joer geschitt?

Wat ass gutt gemaach ginn? Wat ass manner

gutt gemaach ginn? Wat kann een aneschters

maachen? Well wéi gesot, et ass jo näischt esou

perfekt, datt een et net kann nach verbesseren.

Iwwert d‘Gesetz ass et kloer: Et ass e Projet do

vun der Regierung, et ass eng Proposition de

loi do an et ass den Avis vum Conseil d‘État do.

Also solle mer eis zesummesetzen an och emol

kucken, wat vun deene verschiddene Punkten

iwwerholl ka ginn. Wann eenzel Punkte vläicht

esou a priori sech ugesinn als eppes, wat e

grousse Fortschrëtt ass, kann dat sech herno an

der Realitéit erausstellen, datt dat vläicht awer

méi schwiereg ass.

Well, a verschidde Riedner hunn dorobber

hige wisen, och gesot gouf, et ass eppes, wat

ganz séier - an de Marc Angel huet et gesot -

changéiert. Da muss een also kucken, datt ee

sech net selwer an eng Situatioun setzt,

opgrond vun Termen, déi een do gebraucht,

déi de Moment déi richteg sinn, d‘nächst Joer

vläicht awer erëm änneren, datt een dann net

erëm eng Kéier an enger Situatioun ass, wou

dann net dat eent an dat anert ka mateneen

opgoen.

Iwwert d‘Gemengen hunn ech ëmmer gesot

kritt, datt dat näischt verluer hätt an dem Gesetz

iwwert d‘Entwécklungshëllef, mä dat wier

e Punkt vun dem Gemengegesetz. Elo weess

ech, datt et do Leit gëtt, déi soen: „Dat ass

iwwerhaapt keng Kompetenz vun de Gemengen.“

Doranner wëll ech mech net mëschen.

Dat maacht Dir ënnereneen aus. Mir ass

dat eent gutt, mir ass dat anert gutt. Also, ech

hu keng virgefaasste Meenung doriwwer. Mä

ech mengen, do musst Dir da selwer kucken.

Ech hunn och gesinn an deem Rapport, dee

viru Joren iwwert den Développement vun de

Gemenge gemaach gouf, datt do drageschriwwe

gouf, datt dat soll eng Kompetenz si

vun de Gemengen. Mä, wéi gesot, dat ass dann

awer an dem Développement communal an

net an der Entwécklungshëllef. Mä, wéi gesot,

also mat mir kritt Der doriwwer weder an deem

engen nach an deem anere Fall Sträit.

Kohärenz, dat ass, denken ech, och eppes, wou

mer méi laang eng Kéier mussen driwwer

diskutéieren, well ech jo mierken, datt mer do

nach ëmmer net richteg gesinn, wat d‘Roll vun

deem engen an deem aneren ass.

D‘Kohärenz an dem Comité interministériel

kann ëmmer nëmme sinn, datt dee Comité,

wou jo awer dee Minister, deen dofir zoustänneg

ass..., a wann ee vun Iech an enger Regierung

wier, géif e jo dee Beschte wahrscheinlech

schécken, deen en hätt, fir dat ze maachen.

An da mécht dee Comité jo Avisen, fir ze

soen: Ass dat doten an der Rei oder ass et net

an der Rei? Och extra gefrot, dann zum Beispill

- elo ass de Minister Krecké jo do, iwwert deem

seng Kompetenzen de Mëtteg och ewell hei

Rieds gaangen ass - fir ze kucken: Wat kann ee

maachen a wat féiert eventuell zu Problemer,

déi sech kënne stellen?

Mir haten d‘Fëscher gesinn aus Afrika. An déi

wore ganz begeeschtert selbstverständlech,

well mer konnte jo do alles soen. Mir hunn net

een eenzege professionelle Fëscher, dann ass et

jo méi liicht, iwwer esou eppes ze schwätzen.

Ech ginn awer gären zou, datt mer eng Responsabilitéit

hunn, wa mer se net hei zu Lëtzebuerg

hunn, datt mer se dann awer op dem

europäeschen Niveau hunn an datt een dat

selbstverständlech och do muss maachen. An

ech hunn Iech jo gewisen um Beispill vun Indien,

datt mer dat och maachen do, wa mer

d‘Méiglechkeeten dofir hunn.

Mä, wéi gesot, ech mengen, et muss een einfach

wëssen, d‘Responsabilitéit läit ëmmer bei

de Ministeren a kann net bei engem Comité

interministériel sinn. Ee Comité interministériel

kann Avisë ginn, mä et ass net ee Comité, dee

kann Décisiounen huelen. Dat gouf et bis haut

net. An ech wiere mech esou laang wéi ech an

enger Regierung sinn, datt op eemol sollen Décisioune

geholl ginn op Niveauen, wou awer

dann herno anerer mussen och d‘Responsabilitéiten

derfir droen.

Dofir géif ech mengen, mir hätten nach vill

Stoff op eisem Ordre du jour an deenen

nächste Méint a Wochen. A mir si wéi ëmmer

Wuess an Ären Hänn, fir alles dat mat Iech ze

diskutéieren an ze kucken, wat do ka gemaach

ginn. An da sinn ech dovun iwwerzeegt, ob dat

um Niveau vum Gesetz ass oder op anere

Plazen, datt mer och do déi Äntwerte fannen,

déi och an deenen nächste Joren deenen

äermste Leit hëllefen.

An nach eng Kéier géif ech dat wëlle widderhuelen:

Et geet drëm, fir deenen äermste Leit

op der Welt esou séier wéi méiglech ze hëllefen.

Dat ass méi wichteg wéi all déi aner Diskussiounen,

déi vläicht interessant si gefouert

ze ginn, mä et muss een ëmmer zilführend

bleiwe fir dat, wat ee wëllt, an dann, mengen

ech, géife mer dat och gemeinsam fäerdeg

kréien.

Merci villmools!

w Plusieurs voix.- Très bien!

w M. le Président.- Ech soen der Madame

Kooperatiounsministesch Marie-Josée Jacobs

Merci.

Domadder wier d‘Diskussioun ofgeschloss an

de Punkt och, a mir kéimen zum nächste Punkt

www.chd.lu 15