Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
gional, les dimensions de l‘infrastructure commerciale…»

Also, d‘Majoritéit selwer gëtt hei

zou an där Motioun hei, datt dat doten e gravéierenden

Aspekt huet op den Équilibre commercial

an der ganzer Regioun, léisst esou eppes

hei zur Ofstëmmung. An den Här Krecké

erkläert eis hei viru fënnef Minutten, d‘Regierung

hätt dat zesumme mam Promoteur alles

wonnerbar analyséiert an et wär kee Problem

fir de Commerce régional.

Also, Här Krecké, Dir kënnt Äre Majoritéitsfraktioune

Merci soen, well selten hunn ech gesinn,

wéi e Minister esou désavouéiert gëtt vu senger

eegener Majoritéit an enger Motioun!

(Interruptions)

Zweete Punkt, Här President. Da wëll ech soen,

wat dann hannendru kënnt, dat ass nu wierklech…

Also, do kann een nëmmen nach

driwwer schmunzelen, well hei verlagere mer

jo nëmmen d‘Verantwortung vun der Regierung.

Et stoung am Bréif dran, et ass jo e

Projet d‘envergure d‘intérêt national.

Mir verlageren déi ganz Décisioun dovunner,

déi waarm Gromper, bei de Gemengerot vu

Réiser. Also, bravo! Bravo! Esou vill Eegeverantwortung

muss ee wierklech nach fäeg si vun

dëser Regierung ze huelen.

An Dir verstitt, Här President, mir hätten zwar

scho bal wéinst dem zweeten „Invite“… Et hätt

eis scho gereizt, just deen eenzel kënnen ofstëmmen

ze loossen, well dat esou schéin ass.

Mä mir stëmme selbstverständlech awer géint

déi Motioun hei.

w M. le Président.- Den Här Gibéryen huet

d‘Wuert gefrot.

w M. Gast Gibéryen (ADR).- Merci, Här President.

Ech ka mech nëmmen deem uschléissen,

wat mäi Virriedner, de Kolleeg Bausch, hei

gesot huet, mä ech géif mengen, datt an deem

Considérant, wou steet: «- à reconsidérer, dans

l‘optique du respect de l‘équilibre commercial…»,

am Fong de politeschen Hannergedanken

ass.

Mir wëssen, datt mer an der Réiser Gemeng

eng CSV hunn, déi wëllt mat der LSAP an eng

Majoritéit goen, déi awer virun de Wahle sech

géint de Projet ausgeschwat huet. Duerfir ass

den Här Weber de Mëtteg och wahrscheinlech

net hei.

(Interruption)

An hei kritt d‘CSV aus dem Réiserbann eng Dier

opgemaach. Herno geet d‘Regierung hin a se

seet: „Ma da maache mer 10.000 Metercarré

oder eppes manner, an da kann d‘CSV am Réiserbann

soen, si hätt sech duerchgesat, an

duerfir kéint se och elo dem Projet zoustëmmen.“

w M. le Président.- Den Här Hoffmann,

wann ech gelift.

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- Also,

ofgesi vun där Fro vun der Verantwortung

stëmmen ech och dergéint. Awer och wéinst

deem zweeten „Invite“, well u sech gëtt jo

d‘Logik vum Projet, wéi e bis elo besteet, an

deem zweeten Tiret do bestätegt, quitte dass et

e bësse reduzéiert gëtt, wéi et elo den Här

Gibéryen gesot huet.

Mä et gëtt eigentlech nach eng Kéier bestätegt,

et ass eng „infrastructure commerciale qui doit

permettre la viabilisation“. Dat heescht, et ass

eng Infrastructure commerciale. Et sinn also

kommerziell Intérêten, déi sollen derzou déngen,

e Stadion ze realiséieren. Dat ass déi Logik

vum Projet, wéi en elo doläit. An do sinn ech

net dermat d‘accord.

w M. le Président.- Gutt. Ech soen dem Här

Hoffmann Merci.

Wëllt soss kee méi d‘Wuert zu där Motioun ergräifen?

(Négation)

Da stëmme mer doriwwer of.

Vote sur la motion 3

De Vote fänkt un. Fir d’Éischt déi perséinlech

Stëmmen. De Vote par procuration. De Vote

ass ofgeschloss.

D‘Motioun 3 ass ugeholl mat 37 Jo-Stëmmen,

géint 22 Nee-Stëmmen.

Ont voté oui: Mmes Diane Adehm, Sylvie Andrich-

Duval, Nancy Arendt, MM. Fernand Boden, Lucien

Clement, Mme Christine Doerner, MM. Emile

Eicher, Félix Eischen, Mme Marie-Josée Frank,

MM. Léon Gloden (par Mme Christine Doerner),

Norbert Haupert, Ali Kaes, Marc Lies, Mme

Martine Mergen, MM. Paul-Henri Meyers, Laurent

Mosar, Marcel Oberweis, Gilles Roth, Jean-Paul

Schaaf, Mme Tessy Scholtes, MM. Marc Spautz,

38

Séance 3 JeUdi, 13 OcTOBRe 2011

www.chd.lu

Lucien Weiler (par Mme Martine Mergen),

Raymond Weydert, Serge Wilmes et Michel

Wolter;

MM. Marc Angel, Alex Bodry, Mme Claudia

Dall’Agnol, M. Fernand Diederich, Mme Lydie Err

(par M. Alex Bodry), MM. Ben Fayot, Claude

Haagen , Jean-Pierre Klein, Lucien Lux, Mme Lydia

Mutsch (par Mme Claudia Dall‘Agnol), MM.

Roger Negri et Ben Scheuer.

Ont voté non: Mme Vera Spautz;

MM. André Bauler, Eugène Berger, Xavier Bettel,

Mme Anne Brasseur (par M. Carlo Wagner), MM.

Fernand Etgen, Paul Helminger, Claude Meisch,

Mme Lydie Polfer et M. Carlo Wagner;

MM. Claude Adam, François Bausch, Félix Braz

(par Mme Viviane Loschetter), Camille Gira (par

M. Claude Adam), Henri Kox, Mmes Josée Lorsché

et Viviane Loschetter;

MM. Jean Colombera, Gast Gibéryen, Jacques-

Yves Henckes et Fernand Kartheiser;

M. André Hoffmann.

Résolution 1

Da kéime mer nach zu der Resolutioun, déi

vum Här François Bausch agereecht ginn ass.

Ech wëll just drop opmierksam maachen, datt

et hei ëm eng Resolutioun geet. Dat heescht,

mir fuerderen eis selwer op, e Code de déontologie

opzestellen, deen dann och fir d‘Regierung,

fir d‘héich Fonctionnairen a fir d‘Deputéierte

valabel soll sinn.

Ass dat dat, wat gewënscht ass vum Här

Bausch? Den Här Bausch kritt dozou d‘Wuert.

w M. François Bausch (déi gréng).- Här President,

ech ka vläicht kuerz preziséieren, well,

ech mengen, mir kënne selbstverständlech net

herno dat fir d‘Regierung maachen, mä ech

ginn awer dervun aus, datt, wa mir dat fir

d‘Deputéiert, also fir d‘Chamber gemaach

hunn, an e bëssen ähnlech wéi d‘Europaparlament

et gemaach huet fir d‘Europaparlament,

da schéngt et mer evident ze sinn, datt d‘Regierung

net méi derlaanscht kënnt, dat nämlecht

ze maache fir d‘Regierung a fir d‘Beamte

vum Stat.

Respektiv mir kënne jo dann, wa mer dann

eens sinn, wa mir eis e Code de déontologie

ausgeschafft hunn a fir Transparenz gesuergt

hunn, eng Motioun hei nach nodréiglech erabréngen,

wou mer soen: „Mir hätten elo gär,

datt d‘Regierung horgenee dat nämlecht mécht

fir d‘Regierung a fir d‘Beamten.“

w M. le Président.- Den Här Spautz, wann

ech gelift.

w M. Marc Spautz (CSV).- Jo, ech wollt just

soen, dass ech Problemer hunn net mat dem

„décide“, mä vir mam „invite“. An ech wollt

froen, wa se déi dräi éischt Tirete kéinte sträichen,

da kéint een do d‘Zoustëmmung derzou

ginn.

w M. le Président.- Den Här Bausch, wann

ech gelift.

w M. François Bausch (déi gréng).- Här President,

ech ka verstoen, datt natierlech d‘Majoritéit

mat deenen dräi éischten Tireten e bësse

Bauchwéi huet. Mir zéien déi selbstverständlech

ënner Ausso fir eis net zréck, mä mir sinn awer

d‘accord. Well et geet jo hei ëm d‘Saach, wat

mer gär hätten, datt mer endlech dee Code de

déontologie kréien. Aus deene Grënn si mer

bereet, déi dräi Tireten erauszehuelen, fir datt

d‘Motioun och kann hei mat enger breeder

Majoritéit gestëmmt ginn.

w M. le Président.- Gutt. Wëllt soss kee méi

dozou d‘Wuert huelen?

Ech widderhuelen also nach eng Kéier: Wa mer

déi Resolutioun stëmmen, well ech ginn dervun

aus, déi gëtt vun enger grousser Majoritéit gestëmmt,

wäerte mir als Chamber och e Code

de déontologie opstellen, deen - ech liese vir -:

„des règles pour les agents publics et les

membres du Gouvernement“ och fixéiert. Et

muss een dat just wëssen. Ech wëll dat just hei

betounen. Wann dat kee Problem ass, kënne

mir bien entendu elo iwwert déi Resolutioun do

ofstëmmen.

Den Här Minister Wiseler huet d’Wuert.

w M. Claude Wiseler, Ministre du Développement

durable et des Infrastructures.- Ech wëll

just als Bemierkung maachen, datt d‘Regierung

sech engagéiert huet an deem ganze Kader vun

deenen Diskussiounen iwwert d‘Fonction publique,

e Code de déontologie iwwert d‘Fonction

publique selwer, dat heescht iwwert

d‘Beamten op där enger Säit, an och iwwert

d‘Politiker, d‘Regierungsmemberen, well mer

kënnen et net iwwert d‘Chamber maachen,

datt mer dat décidéiert hunn, fir eis ze maachen

an dat och virzeleeën.

Dat heescht, deen Engagement huet de Statsminister

d‘leschte Kéier an der Diskussioun hei

an der Kommissioun ginn. Et läit och vir vum

Fonction-publiques-Minister, deen amgaangen

Sommaire des séances publiques n os 1, 2 et 3

Clôture de la session ordinaire 2010-2011 et ouverture de la session ordinaire 2011-2012

p. 1

Vérification des pouvoirs et assermentation de M. Serge Wilmes p. 1-2

Composition des organes de la Chambre des Députés p. 2

Octroi du titre honorifique à un ancien Député p. 2

Discours de M. le Président p. 2-3

Communications p. 3

Horaire de début des séances publiques p. 3

Ordre du jour p. 3

6277 - Projet de loi modifiant la loi du 9 mai 2008 relative aux chiens p. 3-4

6216 - Projet de loi mettant en œuvre le règlement (CE) n°1060/2009 du Parlement européen

et du Conseil du 16 septembre 2009 sur les agences de notation de crédit et portant

modification de:

1) la loi modifiée du 5 avril 1993 relative au secteur financier;

2) la loi modifiée du 8 décembre 1994 relative:

- aux comptes annuels et comptes consolidés des entreprises d’assurances et de réassurances

de droit luxembourgeois,

- aux obligations en matière d’établissement et de publicité des documents comptables des

succursales d’entreprises d’assurances de droit étranger p. 4

6285 - Projet de loi portant approbation de la Convention entre le Grand-Duché de Luxembourg

et la République fédérale d’Allemagne relative au renouvellement et à l’entretien du

pont frontalier sur la Moselle entre Wellen et Grevenmacher, signée à Grevenmacher, le 21

octobre 2010 p. 4-5

Composition des commissions parlementaires p. 5

Déclaration de Mme Marie-Josée Jacobs, Ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire,

sur la politique de coopération et d’action humanitaire (suivie d’un débat) p. 5-15

5816 - Projet de loi relative à la concurrence - second vote constitutionnel p. 16

6291 - Projet de loi portant modification de la loi du 29 mai 2009 instituant un régime temporaire

de garantie en vue du redressement économique p. 16-18

Résolution relative à la proposition de règlement du Parlement européen et du Conseil

concernant la définition, la désignation, la présentation, l’étiquetage et la protection des indications

géographiques des produits vinicoles aromatisés - COM (2011) 530 p. 18-19

Résolution relative à la communication de la Commission au Parlement européen, au

Conseil, au Comité économique et social européen et au Comité des régions sur la réforme

de la politique commune de la pêche - COM (2011) 417 p. 19

6331 - Débat d’orientation sur le financement des grands projets d’infrastructure réalisés par

l’État p. 19-26

Heure d’actualité du groupe DP sur les normes de sécurité de la centrale nucléaire de

Cattenom et la politique d’information de l’exploitant de la centrale en question p. 26-29

Débat d’actualité sur la position gouvernementale concernant les projets liés de Wickrange

et de Livange p. 29-38

ass dorun ze schaffen op Basis vun engem Text,

dee scho wäitgehend fäerdeg ass. Dat bedéngt

jo natierlech och Consultatioune mat de Statsbeamten.

Evidenterweis kann dat jo net einfach

esou geholl ginn, mä et mussen eng ganz Rei

Diskussioune mat deene Concernéierte gefouert

ginn.

w M. le Président.- Okay. Den Här Bausch

nach eng Kéier.

w M. François Bausch (déi gréng).- Ech

mengen, dat ass jo gutt.

w M. Claude Wiseler, Ministre du Développement

durable et des Infrastructures.- Jo.

w M. François Bausch (déi gréng).- Wa mir

parallell dozou och eis Aarbecht maachen, da

ginn ech jo dervun aus, datt de part et d‘autre

genuch Drock besteet, fir datt mer dat zesumme

relativ séier kënnen elo och zur Ofstëmmung

bréngen.

w M. Claude Wiseler, Ministre du Développement

durable et des Infrastructures.- Mä nach

eng Kéier: Et ass awer kloer a mengen Aen, datt

et soll sinn, datt hei d‘Regierung fir d‘Regierungsmemberen

a fir d‘Beamten dee Code de

déontologie vun eis aus mécht. Dat ass dat,

wat ech hei wollt preziséieren.

Résolution 1 modifiée

La Chambre des Députés,

- relevant le statut général des fonctionnaires de

l’État prévoyant à l’endroit de l’article 14 (1) que

«le fonctionnaire est tenu aux devoirs de disponibilité,

d’indépendance et de neutralité»;

- notant que le Règlement grand-ducal du

16 octo bre 1993 fixant les conditions générales

du statut des agents de la Banque et Caisse

d’Épargne de l’État retient à l’article 1er «Les

agents de la Banque et Caisse d’Épargne de l’État,

Luxembourg dénommée ci-après la banque, ont

un statut de droit public assimilé à celui des employés

de l’État. Sans préjudice des dispositions du

présent règlement, sont applicables aux agents de

la banque, le cas échéant par application analogique

et compte tenu du caractère contractuel de

l’engagement: a) les articles [...], 9 à 16 (devoirs

des fonctionnaires), [...];

- soulignant ledit article 14 et ses alinéas réglementant

l’activité accessoire du fonctionnaire de

l’État;

- relevant que la Constitution prévoit à l’article 79

que «[l]es membres du Gouvernement sont responsables»

et à l’article 82 que «[l]a Chambre a

le droit d’accuser les membres du Gouvernement.

- Une loi déterminera les cas de responsabilités,

les peines à infliger et le mode de procéder, soit

sur l’accusation admise par la Chambre, soit sur

la poursuite des parties lésées»;

- considérant l’article 167 du Règlement de la

Chambre des Députés retenant que «[l]es députés

exercent leur mandat de façon indépendante. Ils

ne peuvent être liés par des instructions ni recevoir

de mandat impératif»;

- notant que les textes en vigueur ne donnent pas

de réponse satisfaisante aux situations évoquées

ci-contre;

décide

- d’instaurer un code de déontologie susceptible

de fixer des normes et des règles pour les agents

publics, les mandataires politiques locaux et nationaux

ainsi que les membres du Gouvernement

afin de préserver les valeurs de la fonction publique

luxembourgeoise afin d’éviter à l’avenir

tout conflit d’intérêts.

(s.) François Bausch, Eugène Berger, Fernand

Etgen, Camille Gira, Claude Meisch.

w M. le Président.- Gutt. Also kënne mer

dann iwwert déi Resolutioun ofstëmmen à

main levée?

(Assentiment)

Vote sur la résolution 1 modifiée

Wien ass mat där Resolutioun d‘accord?

w Une voix.- Jiddwereen.

w M. le Président.- Dat schéngt mer d‘Unanimitéit

ze sinn.

Da géif ech Iech Merci soen. Domadder wier

dee Punkt ofgeschloss, a mir sinn och um Enn

vun eiser Sitzung.

Déi nächst Sitzunge si virgesi fir de 15., 16. a

17. November.

D‘Sitzung ass opgehuewen.

(Fin de la séance publique à 18.48 heures)