You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
schriwwent Zil vun de Vereenten Natiounen

iwwerschratt. Et gëtt am Moment nëmme fënnef

Länner op der Welt, déi dëst erreecht hunn.

Mat dësen Zuele kënnt eist Land och op déi

éischt Plaz vun de 27 Memberlänner vun der

Unioun, an op der Weltranglëscht si mir op der

zweeter Plaz mat Norwegen.

Eist Land investéiert also trotz schwieregen

Zäite weiderhin an d‘Entwécklungshëllef. De

grousse Konsens en faveur vun der Entwécklungshëllef

an der Lëtzebuerger Gesellschaft

huet dëse Projet all déi Joren iwwer gedroen.

Nom Motto „d‘Haut ass mer méi no wéi

d‘Hiem“ hëlt an der europäescher Moyenne

d‘Wichtegkeet vun der Entwécklungshëllef of,

wéi aus dem Eurobarometer vun 2010 erauskënnt.

Am Géigendeel zu dësem Trend bekenne

sech d‘Leit zu Lëtzebuerg zu eiser Entwécklungspolitik.

Ëm déi 60% ongeféier halen

d‘Entwécklungspolitik fir ganz wichteg.

A mir, op jidde Fall d‘Demokratesch Partei, akzeptéieren

net, dass een a Krisenzäite probéiert,

d‘Entwécklungspolitik als Thema ze benotzen,

fir ze soen: „Kuckt, mir hunn awer och aarm

Leit hei am Land an et muss een deenen hëllefen,

an dat dote si Suen, déi mer nëmme just

duerch d‘Fënster geheien an déi souwisou néierens

ukommen.“ Esou Themen, esou pauschal

Phrasë kënne mir net akzeptéieren! Mir sollen

och wëssen, vu wou mir kommen. A mir waren

och frou, wa Leit eis gehollef hunn, wa mir se

gebraucht hunn!

w Une voix.- Très bien!

w M. Xavier Bettel (DP).- „Tout est au

mieux dans le meilleur des mondes possibles“,

sot Der Iech elo. Mä net ganz, well dës Zuele

brauchen eng aner Approche wéi eng, déi sech

erëm op de Montant, dee mer an d‘Entwécklungshëllef

investéieren, bezitt. Geld eenzeg an

eleng geet also net duer, et sinn och virun

allem d‘Resultater, déi hei zielen. Wat bréngen

also schlussendlech déi Milliounen, déi mer investéieren,

fir deenen Äermste vun den Äermsten

ze hëllefen?

Här President, wat ech domadder mengen,

wéilt ech gäre mat enger aktueller Katastroph

verdäitlechen. Während e puer Wochen hunn

eis ganz schlëmm Biller vun Hongerkatastrophen

a Somalien erreecht. Kee vun eis ka bei

esou Reportagen ewechkucken. Ëm déi zwielef

Millioune Leit aus dem Horn vun Afrika riskéieren,

virun den Ae vun der ganzer Welt ze stierwen.

A wéi dacks bei esou dramatesche Situatiounen,

sinn déi schwaachst vun hinnen

d‘Kanner an d‘Fraen.

Säit e puer Wochen awer mécht dës verzweifelt

Situatioun net méi d‘Schlagzeile vun all den

Zeitungen a vun de Journalen - vläicht kritt se e

puer Zeile gewidmet -, well et aner Sujete gëtt,

déi soi-disant méi wichteg sinn. Contrairement

zu deem, wat een awer kéint mengen, geet

den Horrorzeenario weider. Ëm 30.000 Kanner

sinn eleng an dräi Méint ëm d‘Liewe komm!

D‘Fro, déi mer eis elo musse stellen, ass déi, ob

dës Katastrophen net hätte kënne verhënnert

ginn. De Klimawandel huet sécher säin Deel

dozou bäigedroen. Nach ni hat et an dëse Géigende

schonn esou laang net méi gereent. Et

gouf onméiglech, op dësem Land eppes ze kultivéieren

oder Déieren ze halen. Fakt ass awer

och, dass déi éischt Livraisoun un Aide humanitaire

séier um Terrain war, mä dass rebellesch

Gruppe Problemer gemaach hunn.

Sou schwéier et ass, sech dat anzegestoen, dass

humanitär Katastrophe virauszegesi wieren: Si

huet sech lues awer sécher entwéckelt virun

den Ae vun der internationaler Communautéit,

déi du gemaach huet, wéi wann dës zwielef

Millioune Leit vun haut op muer am schlëmmste

Misär géife liewen! Et ass awer keen Zoufall,

dass am Horn vun Afrika grad déi Regiounen

am schlëmmste betraff sinn, déi och scho virdrun

déi äermst waren.

Här President, och wa Lëtzebuerg elo keng direkt

bilateral Kooperatioun mat Somalien huet,

ass dëst awer eng Lektioun fir d‘Entwécklungshëllef

am Allgemengen. Et geet och net duer,

dass mir elo hei an och op anere Plazen erëm

de Constat maachen, dass dat heiten ni méi

dierf geschéien. Mä et muss ee sech och déi

néideg Moyenë ginn, souwuel um aussepolitesche

Plang wéi selbstverständlech och um entwécklungspolitesche

Plang, mä awer och besonnesch

um Plang vum Klimaschutz.

Hei muss jo keen drun erënnert ginn, dass

d‘Entwécklung vun engem Land e laange Wee

ass. Laangfristeg Visiounen a global Projete

mussen dofir ëmgesat ginn. Entwécklungshëllef

muss - muss! - weider op nohalteg Projete

setzen . Am Fall vum Horn vun Afrika kann een

op e puer Facteuren hiweisen.

10

Séance 2 MeRcRedi, 12 OcTOBRe 2011

www.chd.lu

Zum Beispill muss een Deel vun der internationaler

Hëllef, deen un d‘Landwirtschaft geet,

nees erweidert ginn. D‘Efforten an deem

Domän si ganz staark zréckgaangen. An 30 Joer

ass d‘international Hëllef an der Landwirtschaft

ëm 75% gekierzt ginn. Dat sinn alarmant Zuelen,

wann ee weess, dass bal 80% an deem

Land vum Secteur vun der Agrikultur ofhängeg

sinn. An a Somalien gëtt awer manner wéi 1%

vun der Hëllef an d‘Landwirtschaft - an an den

Nopeschlänner sinn d‘Zuelen net vill besser -

investéiert.

Derbäi kënnt och nach d‘Éducatioun, wat awer

ee vun deene wichtegste Piliere fir d‘Entwécklung

vun engem Land ass an déi net unzetreffen

ass. En immens héijen Taux vun Natalitéit

verschlëmmert déi scho verzweifelt Situatioun

vu chronesch ënnerernierte Kanner. Et ass

wouer, dass d‘Konditioune fir eng Éducatiounsa

Gesondheetspolitik einfach net do sinn. En

Usaz vu Strukturen an Institutiounen ass da

meeschtens der Korruptioun verfall, a vun Demokratie

brauche mer a verschiddene Länner

guer net ze schwätzen.

Mä och an dësen Domäne muss d‘international

Communautéit duerchgräifen. Mir als kleng

Lëtzebuerger hunn net déi Iwwerzeegungskraaft,

fir do alles ze änneren. Ech wënschen

der Madame Ministesch awer bonne Chance!

Här President, d‘Aarmut an der Welt an och de

Klimawandel, dee sécherlech d‘Konditiounen

net verbessert, mussen am Kader vun enger

nohalteger Entwécklung bekämpft ginn. Individuell,

isoléiert a punktuell Projete sinn do net

déi richteg Äntwert. Eng permanent Nees-

Afrostellung an Upassung ass déi richteg Approche.

Den Triptyque vun der Entwécklung,

deen aus dem wirtschaftspoliteschen, sozialpoliteschen

an ëmweltpoliteschen Element besteet,

muss dobäi fest am A behale ginn. Dëst

muss sech a kohärenten an effektive Projeten

och dann erëmspigelen.

Déi verschidde Ministèren, déi eng Roll an der

Ëmsetzung vum Projet spillen, mussen zesummeschaffen.

Nëmme wann déi jeeweileg Kompetenzen

hiren Deel bäidroen, kënnen och

komplett Projete presentéiert ginn.

D‘DP huet zum Beispill an hirem Positiounspabeier

op d‘Schafung vun enger Klimabank

higewisen. Mir hu proposéiert, ze préiwen,

awéifern och an der Entwécklungshëllef eng

Klimabank eng Roll spille kann.

w Plusieurs voix.- Très bien!

w M. Xavier Bettel (DP).- Do gesinn ech

sécherlech weider Opportunitéiten, déi ee weider

verdéiwe soll.

Ech wëll awer och hei de groussen Engagement

vun deene Leit um Terrain wierklech ervirhiewen.

D‘Aide humanitaire d‘urgence an de Katastrophefäll

ass déi éischt Viraussetzung, fir

weiderhin d‘Land op de Wee vun der Entwécklung

ze bréngen. D‘Lëtzebuerger Regierung

huet eng finanziell Hëllef vun 3,5

Milliounen Euro fir d‘Aide alimentaire am Horn

vun Afrika virgesinn. Mä soubal déi akut Noutsituatioun

behuewe ginn ass, mussen d‘Projeten

d‘Relève huelen, fir do am Land op Dauer

weider Katastrophen évitéieren ze kënnen. Fir

dëst Zil ze erreechen, muss d‘Kooperatioun

héichwäerteg sinn, andeems d‘Projete kënne

laangfristeg a global Resultater matbréngen.

Här President, ech hu virdru vun der Qualitéit

an der Entwécklungshëllef geschwat. D‘Aarbecht

vum Cercle de coopération zur Effikassitéit

vun der Hëllef verdéngt, hei och ugeschwat

ze ginn. Duerch d‘Consultatioune bei

sengen ONGen huet de Cercle en Dokument

vun de Lignes directrices zesummegestallt. Dës

Richtlinië sollen dozou bäidroen, d‘Lëtzebuerger

Engagementer am Kader vun der OCDE an

der Convention de Paris ze verbesseren.

Bei där Konventioun, wéi hiren Numm et och

schonn undeit, geet et haaptsächlech drëms, déi

gemeinsam international Efforten zesummenzebréngen

an dorauser eng kohärent an effikass

Hëllef ze maachen. Den nächste Mount wäerten

a Südkorea jo op deem véierte Forum iwwert

d‘Effikassitéit vun der Hëllef d‘Mängel vun der

Entwécklungshëllef beschwat ginn. Dobäi hoffen

ech selbstverständlech, dass dës gutt Virsätz,

op déi ech elo aginn, och kënnen ëmgesat ginn.

Entwécklungs- a Kooperatiounshëllef soll aus

équi tabelen a solidaresche Partenariate bestoen.

D‘Bedierfnisser vun de Partnerlänner

sollen identifizéiert ginn, Objektiver gesat an

Evaluatiounen duerchgefouert ginn.

Weiderhi läit jo och de Projet de loi um Dësch,

deen d‘Gesetz vu ‚96 iwwert d‘Entwécklung reforméiere

soll. Et gëtt och eng Proposition de

loi jo vum Här Angel a vun der Madame Err.

Dëst aalt Gesetz, also dëst 15 Joer aalt Gesetz

soll elo vun engem Projet de loi complétéiert

ginn, fir et der heiteger Realitéit unzepassen.

D‘Action humanitaire géif doduerch och hir

rechtlech Basis kréien, a verschidde Konditioune

fir d‘Hëllef géifen och preziséiert ginn.

Et soll awer och virun allem drëms goen, den

nohaltege Charakter vun der Kooperatioun ze

verbesseren. An deem Kontext deelt och d‘DP

den Avis vum Statsrot, deen der Meenung ass,

dass dëse Projet net wäit genuch geet. Mir hätten

eis e méi ambitiéise Projet gewënscht, deen

d‘Kritike vun der OCDE - d’„peer reviews“ - berücksichtegt.

Deemno ass am Domän vun der

Kohärenz vun der Hëllef nach en Effort ze maachen.

Een interministerielle Comité sollt dëst

behiewen. De Projet de loi huet dës Recommandatioun

awer net berücksichtegt.

Derbäi kënnt, dass verschidden Definitiounen

net iwwerschafft goufen. Et gëtt och kee Wuert

iwwert den Evaluatiounssystem vun der Entwécklungspolitik

verluer. Och déi nei Roll vun

de Gemengen an dëser Politik gouf net genuch

analyséiert. Zu de Mandater, déi de Ministère

un d‘Organisatioune wéi zum Beispill Lux-Dev

gëtt an déi eng immens wichteg Roll an de bilaterale

Projete spillen, äussert sech de Projet

och net. Et ass wichteg, dass dëst héicht a komplett

iwwerschaffte Gesetz virgeluecht gëtt.

D‘Entwécklungshëllef ass eent vun deene wichtegsten

Elementer vun eiser lëtzebuergescher

Aussepolitik. A souguer déi traditionell Instrumenter

vun enger Aussepolitik spillen do all

eng grouss Roll. Do denken ech zum Beispill un

d‘Arméi, déi am Kader vu Friddensmissioune

vun de Vereenten Natiounen, wéi an Afghanistan,

oder an der Europäescher Unioun am

Kongo Viraussetzunge fir d‘Entwécklungshëllef

schaaft.

Här President, ëmmer nach am Zesummenhang

vun der Qualitéit vun der Hëllef wëll ech

nach zwou Approchen uschwätzen. A mengen

Ae ginn dës nach vill ze mann berücksichtegt,

obwuel een e positivt Resultat erwaarde kéint.

Ouni elo déi eenzeg Form vun Hëllef ze sinn,

ass d‘Aide budgétaire fir e Partnerland en

éischte Schrëtt, fir d‘Versprieche vum Partenariat

anzegoen. Encadréiert vu kloere Kritären,

Rot a gesaten Ziler, soll dës Form vun Hëllef eist

Partnerland responsabiliséieren. D‘Qualitéit vun

der Entwécklungshëllef geet awer och iwwert

d‘Upassung vun de Bedierfnisser vun engem

Land. Hei schwätzen ech vun den Exitstrategië

fir d‘Länner, déi elo eleng hir Entwécklung droe

kënnen. Och hei geet et net drëms, se eleng ze

loossen. Dës Transitioun soll an Etappe geschéien,

an et soll encadréiert esou gutt wéi

méiglech gemaach ginn. Um gudde Wee an

déi Richtung si Länner wéi de Vietnam, El Salvador

oder Namibien. Hir Autonomie kéint als

grouss Réussite fir de Projet vun der Entwécklungshëllef

gëllen.

Här President, niewent senge reng bilaterale

Projeten engagéiert sech Lëtzebuerg an de

groussen internationalen Organisatiounen. Vun

den 303 Millioune vun der Aide publique au

développement ginn ongeféier 36% un d‘multilateral

Kooperatioun. D‘Vereenten Natiounen

an op der zweeter Plaz d‘Europäesch Unioun

zielen zu den zwou groussen Institutiounen,

wou zesummegerechent e Véierel vun der Lëtzebuerger

Aide hifléisst. A wéi ech och schonn

am Ufank vun der Ried ervirgehuewen hunn,

mécht eis Regierung do en exzellente Score.

Mä nees hei: Wat bedeiten dës Zuelen, wann

ee weess, dass a puncto Qualitéit och nach Verbesserunge

kënne gemaach ginn? Oft ris kéieren

déi verschidde Politiken, kontradiktoresch ze

sinn. Entwécklungshëllef dierf net do als elengstoend

Politik betruecht ginn. Et ass nëmmen

duerch eng Zesummenaarbecht mat anere

Politiken, wou déi bescht Resultater och kënnen

erreecht ginn.

Här President, d‘Lëtzebuerger Entwécklungshëllef

ka sech op der ganzer Welt weise loossen.

Konkret Resultater sinn opweisbar, a verschidde

vun eise Partnerlänner kënnen elo scho

quasi op eege Bee stoen. An och duerch eist

Engagement an den internationalen Organisatiounen

huet Lëtzebuerg bewisen, een internationalen

Acteur kënnen ze sinn.

Lëtzebuerg zielt zu deene wéinege Länner, déi

de Prozentsaz vun der Aide publique au développement

vun 0,7 erreecht hunn. An der Europäescher

Unioun hunn eis 1,0% - nee, 1,09% -

déi éischt Plaz verschaf. Esou ee virbildleche

Schüler muss seng Positioun kënnen zu Notzen

zéien. Si erlaabt eis, ee Leader a puncto Entwécklungshëllef

ze sinn an esou aner Länner ze

inspiréieren an ze beroden, fir esou séier wéi

méiglech eisem Beispill ze follegen.

Dobäi denken ech och nach un d‘Opportunitéit,

déi e Sëtz am UNO-Sécherheetsrot kéint

verschafen. Dëst wier eng eemoleg Geleeënheet,

mat eiser Kooperatiounspolitik ee Moossstaf

ze setzen. Dës erfollegräich Politik ass eent

vun den Elementer, dat Lëtzebuerg zum glafwierdege

Member vum UNO-Sécherheetsrot

kéint maachen.

Här President, d‘Zoustëmmung vun eise Bierger

a puncto Kooperatiounspolitik, an dëst och a

manner rosegen Zäiten, gëtt eis recht, mat

dëser Politik weiderzefueren, mä et bréngt och

eng Rëtsch vu Responsabilitéiten. Et wier naiv

an och gelunn, wann ee géif soen, dass d‘Kooperatiounspolitik

am Allgemengen op rengem

Altruismus berout.

Wa mir de Problem vun de Flüchtlingen hei zu

Lëtzebuerg uschwätzen, ass et net, dass mir dës

Leit net wëllen hei hunn. Et ass ganz kloer, dass

politesch Réfugiéë mussen Asyl bei eis fanne

kënnen. Et sinn déi wirtschaftlech Réfugiéiert,

déi mir an eisem Land net kënnen all ophuelen!

Derbäi kënnt och, dass et meeschtens jonk Leit

sinn, déi hiert Land verloossen. Et sinn awer si,

déi grad an hirem Land gebraucht ginn, fir

d‘Land nees kënnen opzebauen!

An deem Kontext wëll ech och op d‘Wichtegkeet

vun der Entwécklungspolitik an eise Partnerlänner

hiweisen. Mir kënnen hinnen eis

gréissten Hëllef ubidden, andeem mir hinnen

hëllefen, hiert eegent Land ze entwéckelen.

Ech begréissen och d‘Ukënnegung vun der Regierung,

fir zesumme mat State wéi Serbien,

wou aktuell déi meeschte Flüchtlingen hierkommen,

ze kucken, wéi een dëse Flux ka

bremsen an d‘Situatioun vun de Sinti a Roma a

Serbien ka verbesseren. Sech eleng op dës Problematik

ze beschränken, wier awer ze kuerzsichteg.

Serbien ass en EU-Bäitrëttskandidat an

e staarke regionalen ekonomeschen a politeschen

Acteur. Et läit eiser Meenung no am

Interessi vu béide Säiten, dass gutt ekonomesch

Lienen tëschent béide Länner entstinn. Well

d‘wirtschaftlech Entwécklung vun engem Land

ass nach ëmmer déi nohaltegst Form vun

Hëllef , déi mir engem Land kënnen ubidden.

Esou „win-win-situations“ sollte mer an Zukunft

nieft der klassescher Entwécklungshëllef méi oft

sichen, fir a Schwellelänner aktiv ze ginn an dobäi

zur wirtschaftlecher Entwécklung vum Land

bäizedroen. Beispiller wéi déi vun der Kooperatioun

tëschent Lëtzebuerg an dem Vietnam um

Niveau vun der Bourse sinn e gutt Beispill.

Här President, Dir gesitt, dass d‘Entwécklungshëllef

sech net eenzeg an eleng op déi Länner

bezitt, déi eis de prime abord géifen als evident

ervirschéngen. Ech hunn an dëser Ried probéiert,

drop hinzeweisen, dass Entwécklungshëllef

am 21. Jorhonnert sech net méi eenzeg

an eleng drop limitéiert, deenen Äermste vun

deenen Äermsten ënnert d‘Äerm ze gräifen.

D‘Entwécklungshëllef ass eng global Erausfuerderung,

déi souwuel eng op eenzel Länner

bezunnen Approche verlaangt, wéi och eng

global Approche verlaangt - zum Beispill Klimawandel.

Et wier mer och wichteg - an dat hutt Der

eraushéieren -, ganz staark op d‘Qualitéit vun

der Entwécklungshëllef hinzeweisen, wou net

nëmme mir, mä och déi Länner, déi sech an

deem Domän engagéieren, nach grouss Effortë

musse maachen.

An deem Sënn soen ech Iech Merci, an Dir

wësst, Madame Ministesch, dass Der op eis

kënnt als faire Partner zielen, wann et drëms

geet, deenen anere Leit ze hëllefen.

w Plusieurs voix.- Très bien!

w M. le Président.- Ech soen dem Här Bettel

Merci. Als nächste Riedner ass den Här Marc

Angel agedroen.

w M. Marc Angel (LSAP).- Här President,

Madame Ministesch, Dir Dammen an Dir

Hären, ech wëll gläich am Ufank soen, wéi frou

ech sinn, dass mer bei dësem Débat ëmmer

d‘Diplomatinnen an d‘Diplomate vun eise Partnerlänner

hei am Sall hunn. Ech mengen, dat

ass e Bewäis derfir, dass si déi Aarbecht wierdegen,

déi net nëmmen d‘Regierung mécht,

mä och, dass se gesinn, dass d‘Chamber e

wichtege Partner ass an der Entwécklungshëllef.

Dat honoréiert eis, an ech soen hinne

villmools Merci, dass se hei sinn. An ech wollt

Iech, Här President, Merci soen, dass Der keng

Käschte scheit, fir och eng Interpretatioun ze

hunn, dass och d’Diplomaten dës Rieden op

Franséisch iwwersat kréien.

(Mme Lydie Polfer prend la présidence.)

Ech si frou, dass mer déi Ried iwwert d‘Entwécklungszesummenaarbecht

elo dëst Joer am Oktober

halen. Ech mengen, dat war eng laang

Demande vun der LSAP-Fraktioun, well mer

ëmmer d‘Gefill haten, dass déi Ried ëmmer méi

zu enger Formsaach ginn ass, déi weder no

baussen nach op d‘Politik vun der Regierung

vill Impakt hat.

Zum Deel hat dat domat ze dinn, dass mer eis

an deene leschte Jore bei dësem Débat op de

Rapport annuel vum virleschte Joer ëmmer

bezunn hunn. Hätte mer wéi soss d‘Kooperatiounsried

dëst Joer, wéi all déi Jore virdrun,

am Mäerz gehalen, hätte mer als leschte

Jores bericht dee vun 2009 virleie gehat. Dat

mécht an eisen Aen net vill Sënn. Et geet jo

awer och drëm, e Lien hierzestellen tëschent

deem, wat bis elo gemaach gouf, an der

Ausriichtung vun der Politik an de kommende

Joren a Méint.