Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
programmatesch, politesch oder och nëmme

statistesch, datt kee ka realistesch unhuelen,

datt och nëmmen eng Chance besteet, fir déi

Ziler iwwerhaapt ze erreechen. E gutt Beispill

heifir sinn d‘„millennium development goals“.

Si gi mat Sécherheet net bis 2015 erreecht. Jo,

si kënnen iwwerhaapt net erreecht ginn! Déi

Fro, ob déi Ziler iwwerhaapt sënnvoll definéiert

goufen, stellt awer bal keen.

Mir bei der ADR géifen eis awer wënschen,

datt, ier mir drun denken, fir eis Efforten nach

ze verstäerken, virun allem och emol d‘Effortë

vun deene Länner, wou d‘Hëllef higeet, verstäerkt

ginn. Zur Illustratioun hei just een Zitat

vum Begrënner vun der Cap Anamur - also net

vun der ADR: „Die Entwicklungshilfe der vergangenen

Jahrzehnte hat keine positive Wirkung

gehabt, sie hat im Gegenteil die Ineffizienz

und Korruption meistens gefördert, korrupte

Machthaber finanziert und stabilisiert

und damit eine negative Wirkung auf Afrikas

Entwicklung ausgeübt. Das System der Entwicklungshilfe

hat es den Regierungen ermöglicht,

politische, soziale und wirtschaftliche Reformen

zu unterlassen, Armut und Not zu festigen und

die Mehrung eigener Macht und persönlichen

Reichtums zu betreiben.“

Dat ass vläicht och fir eis eng Iddi ze vill kategoresch

formuléiert, awer ganz sécher net

falsch. Jiddefalls awer ass déi do Kritik méi wéi

eng Iwwerleeung wäert.

A wa mer schonns vun der Korruptioun schwätzen,

da si mer och scho beim Thema vun der

Budgetshëllef, Madame Minister. Dat ass en interessante

Sujet. An ech wëll mat engem

Auszuch aus engem Interview vum „Lëtzebuerger

Wort“ ufänken, deen d‘Madame Jacobs de

15. September ginn huet. D‘Fro vun der Journalistin:

„Frankreich wird im Augenblick von

einem Skandal erschüttert. Wie es heißt, sollen

Gelder aus verschiedenen afrikanischen Ländern

direkt in die Taschen einiger Politiker geflossen

sein. Wäre ein solcher Fall in Luxemburg

denkbar?“ D‘Madame Jacobs äntwert: „Luxemburg

hat sich immer geweigert, direkte Haushaltshilfe

zu leisten. Wir geben kein Geld an die

Regierungen. All unsere Mittel sind unmittelbar

an Projekte gebunden. Das heißt, die Gelder

kommen dort an, wo sie auch gebraucht werden.“

Haut hutt Der awer hei de Contraire gesot. Dir

hutt jo gesot: „Mir taaschten eis virsiichteg

erun un déi Saach.“ An an eiser Kommissiounssitzung,

Madame Jacobs, hat Der nach ganz

anescht geschwat, well do hat Der gesot, Lëtzebuerg

géif zënter enger gewëssener Zäit och

Budgetshëllef ginn. Dat ass anescht wéi dat,

wat Der den Zeitungen erzielt a wat Der hei sot

an an der Kommissiounssitzung.

Also, boert Geld an de Budget oder d‘Fonge vu

verschiddene Länner, an zwar jiddefalls emol

un de Cap-Vert. Do hu mer dat jo gemaach.

Natierlech soll dat Geld u gewëssen Zwecker

gebonne sinn - Dir hutt gesot: d’Beruffsausbildung

- an natierlech soll d‘Utilisatioun vun

deene Mëttelen och duerch e gemëschtene

Grupp kontrolléiert ginn.

Dir sot an der Kommissioun, wann ech mech

richteg erënneren, datt d‘Erfahrung awer gewisen

hätt, ech zitéieren: „datt een net soll verstäerkt

op dee Wee goen“ - Enn Zitat -, an datt

Dir, och wann ech mech richteg erënneren, Ënnerstëtzung

fir dédiéiert extrabudgetär Fonge

géift ginn, zum Beispill am Gesondheetssecteur

an Nicaragua, an dann nach en Appui sectoriel

am Statsbudget an anere Länner, mat engem

Mécanisme de suivi. Wat also ass wouer, Madame

Jacobs? Vläicht kéint Dir eis dat dann

haut erklären.

Den Här Neudeck - fir deen nach eng Kéier ze

zitéieren - sot iwwregens zu dem Thema Budgetshëllef:

„Das soll dem Prinzip der Ownership

und der Verantwortung des Empfängerlandes

am besten entsprechen. Aber dafür muss ein

Land eine wirklich nicht korrupte Führung und

Finanzverwaltung haben, was in den wenigsten

Ländern der Fall ist. Stattdessen werden damit

Korruption und Unterschlagung erleichtert.“

Iwwert d‘Kontrollméiglechkeete sollte mir eis

net ze vill Illusioune maachen, et sief dann, mir

huelen déi Fiduciaire, déi och bei ProActif esou

gutt geschafft huet.

(Hilarité)

Mä loosse mir just emol méi e kritesche Bléck

op e puer vun eise Partnerlänner werfen, andeem

mir eis hiren net esou terribel respektable

Ranking am international percevéierte Korruptiounsindex

vun Transparency international

ukucken. Cap-Vert: 45, Senegal: 105, Mali:

116, Niger: 123, Burkina Faso: 98, El Salvador:

73, Nicaragua: 127, Laos: 154 a Vietnam: 116.

14

Séance 2 MeRcRedi, 12 OcTOBRe 2011

www.chd.lu

Här President, mir gi gär zou, datt deen Index

vun Transparency international selwer an héijem

Mooss kritikabel ass, mä hei ass de Message

awer kloer: Mir gi Lëtzebuerger Steiersuen

op Plazen, wou d‘Kontroll eng reng Illusioun

ass. D‘Madame Jacobs kann eis vläicht herno

detailléiert opzielen, wéi vill Geld vum Lëtzebuerger

Steierbezueler schonn iwwert de Wee

vun esou Budgetshëllef duerch de Kamäin

gaangen ass. Mat deem Geld hätt een och do

op der Plaz oder och hei am Land ganz sécher

vill méi Sënnvolles kënne maachen!

Loosst mech kloer soen: Wann d’ADR och mat

konkrete Projeten am Déngscht vun der Populatioun,

vun deenen aarme Leit, selbstverständlech

ënner strenge Konditiounen a mat enger onofhängeger

Kontroll, kann d’accord sinn, dann

awer ganz sécher net mat esou enger Budgetshëllef.

Mir hunn zum Beispill eng Budgetshëllef

un de Cap-Vert ginn - Nummer 45 am Korruptiounsindex

-, an e sougenannte Groupe technique

soll dann elo kucken, wou dat Geld

hikomm ass. Mir wënschen hinne vill Gléck. Et

ass et bëssen d’„Jäger des verlorenen Schatzes“.

D’Madame Jacobs mengt, esou sot si an enger

Kommissiounssitzung, datt d’Budgetshëllef och

soll dozou déngen, datt déi Leit solle léieren,

mat Suen ëmzegoen. Also, gemengt sinn déi

Länner, wou mer d’Suen higinn. Mä, Madame

Minister, dann awer wann ech gelift net mat de

Sue vum Lëtzebuerger Steierbezueler. Dir sidd

jo net an der Regierung, fir Monopoly mat eise

Suen ze spillen!

(Interruption)

Här President, loosst mech vläicht och soen,

datt vill vun eise Partnerlänner och nach genuch

Sue rescht hunn, fir sech en anstännege

Militärbudget ze leeschten. De Senegal: ronn

100 Milliarden CFA am Joer 2010, de Cap-Vert

713 Milliounen Dollar, de Mali 87 Milliarden

CFA, an esou virun. Dat sinn d‘Donnéeë vum

SIPRI. Natierlech sinn esou Zuele schwéier mateneen

ze vergläichen, mä mir däerfen eis jo

awer och froen, ob déi Länner, deene mir hëllefen

a wou mir Suen hischécken, och zum Deel

mat direkter Budgetshëllef, wéi Der elo wësst,

mat hiren eegene Suen ëmmer vernünfteg

genuch ëmginn an ob si déi richteg Prioritéite

setzen.

Här President, vill Jore laang krute mir d‘Virdeeler

vun der Mikrofinanz opgezielt, besonnesch -

esou huet et geheescht - fir d‘Fraen ze stäerken.

Eis gouf hei erzielt, mat deem plakative Sexismus,

deen dee moderne politeschen Discours

kennzeechent, datt d‘Männer systematesch

géifen d‘Sue versaufen an d‘Frae géife sech ëmmer

virbildlech ëm alles këmmeren. Dont acte.

D‘Madame Jacobs huet zum Beispill enger Organisatioun

mam Numm „Women‘s World

Banking“ zwou Milliounen Euro gi fir Mikrofinanzprojeten,

an dat och nach zu engem Zäitpunkt,

wou erauskoum, datt an Indien am Uttar

Pradesh mat Mikrofinanzgelder Televisioune

kaaft goufen.

D‘Realitéit am Beräich vun der Mikrofinanz

stellt eis awer virun eng ganz Rei vu Froen, well

de Mëssbrauch an d‘Gefore vun de Mikrokreditter

sinn op enger ganzer Rei vu Plazen dokumentéiert

ginn. Am Dezember 2010 huet

Norwegen - an dat si jo och där Gudder - eng

Rei vun Enquêtë géint d‘Grameen Bank vum

Professer Muhammad Yunus opgemaach. De

Minister Erik Solheim sot: „It is totally unacceptable

that aid is used for other purposes than

intended.“

En Documentaire op der norwegescher Televisioun

huet etabléiert, datt ëmmer méi Leit

duerch Mikrokreditter a Bangladesch, Indien a

Mexiko an eng schwéier Scholdesituatioun

gerode sinn. De Journalist sot op der BBC:

„I found out that poor people are getting into

more an more debt because of micro-credit

loans.“

Den „Spiegel“ schreift am Mäerz 2011: „So

habe die Grameen Bank zweckgebundene Entwicklungsgelder

aus Norwegen, Deutschland,

den Niederlanden, Schweden und aus den USA

ohne Wissen der Geber in andere Projekte gesteckt.“

Do stelle mir eis natierlech Froen: Sinn

eventuell och Suen aus Lëtzebuerg an déi Bank

gefloss? A wa jo, ass kontrolléiert ginn, wat mat

deem Geld geschitt ass?

Trotz alle Problemer, loosse mer hei festhalen:

Alles dat sinn Initiativen, iwwert déi ee kann

nodenken, déi een eventuell och kann ënnerstëtzen,

wa wierklech garantéiert ass, datt esou

Initiative seriö sinn, datt si de Leit, de Leit alleguer

- de Leit alleguer, Madame Jacobs! - konkret

hëllefen an datt se net nei Aarmut verursaachen.

Ob et awer un eis ass, fir anere Länner mat

anere Kulturen an aneren Traditiounen no westleche

Moossstief wëlle gesellschaftlech Reformen

opzedrängen an e sougenannten „society

building“ ze maachen, ass awer eng ganz komplizéiert

Fro, déi och eng ganz Rei ethesch

Aspekter huet.

D’ADR plädéiert jiddefalls géint eng westlech

kolonialistesch Mentalitéit an der Entwécklungshëllef,

a fir de Respekt virun de Mënschen

an hire Kulturen an deem materiell manner

räichen Deel vun der Welt.

Niewent enger ethescher Fro ass et och eng

politesch a strategesch. Aner Länner, déi ouni

vill Préconditioune grouss Infrastrukturen an

Afrika bauen, kréien do Afloss, Muecht a Buedemräichtum,

vun deem mir eis vläicht privéieren.

Och dat ass eng Fro vu Kohärenz an

der Entwécklungspolitik, an zwar eng besonnesch

wichteg: Muss d’Entwécklungshëllef net

och, a vläicht fir d’Alleréischt, am Déngscht vun

eise baussepoliteschen, ekonomeschen a kommerziellen

Interesse stoen? Ass et net nëmmen

esou, wéi dat villt Geld, wat mir do ausginn, ka

virun dem Steierbezueler justifiéiert ginn? Firwat

ass haut den Här Krecké net och hei?

Et ass och eng politesch Fro, ob grad mir Lëtzebuerger

méi gescheit an der Entwécklungs hëllef

si wéi aner europäesch Natiounen. Wa Länner

wéi Schweden sech aus Partnerstaten zréckzéien,

well si der Meenung sinn, datt déi Länner

d’Konditioune fir d’Entwécklungshëllef net

méi erfëllen, wéi zum Beispill am Vietnam, firwat

solle mir da grad dohi goen? Eise Bäitrag

fir esou Länner soll net e PIC de consolidation

sinn, mä et gudden Handelsvertrag an eng Missioun

vum Commerce extérieur, zum Beispill zu

Hanoi oder zu Saigon.

Sécher gëtt et nach vill Aarmut an deene Länner,

mä dorëm soll sech déi lokal Regierung

këmmeren; ëmmerhin ass et jo am Vietnam

och eng kommunistesch. Ähnlech Iwwerleeunge

gëlle fir de Laos, wou och eis Benelux-

Partner sech bal ganz zréckgezunn hunn. Natierlech

solle mir deene Länner weider hëllefen,

zum Beispill doduerch, datt mir hirer Leit op

eiser Uni, op der School of Finance oder an der

Hotelschoul ophuelen. Mä mir mussen awer

och wëssen, wéini et endlech un der Zäit ass,

fir Entwécklungshëllefpartnerschaften definitiv

op en Enn ze bréngen.

D’ADR hat hei schonn an der Vergaangenheet

kritiséiert, datt mir am Laos e Spidol op eng

falsch Plaz gesat hunn. Eis Press huet dat net

opgegraff, an ausser der ADR schéngt kee Politiker

sech Froen iwwert d’Verschwendung vun

eise Steiergelder fir schlecht geplangte Projeten

an der Entwécklungshëllef ze stellen. A leider

iwwerhëlt keen déi politesch Verantwortung fir

esou Saachen.

Mir recommandéieren awer d’Lecture vun esou

Artikelen, wéi dee vum Här Jos Spartz vum

Oktober 2010 mam Titel: «Gaspillage irresponsable

de notre aide publique au développement»,

wou hien ënner anerem kritiséiert,

datt mir ze vill Projeten an ze ville Länner hunn,

ze vill Frais de fonctionnement, vill falsch Projeten,

notamment am Laos, keng onofhängeg

Evaluatioun vun de Projeten an esou virun.

D’ADR stellt och fest, datt een an deem Rapport

vum Ministère… - dee jo net duerch seng

Transparenz a seng Objektivitéit glänzt, mä

éischter duerch de Pabeier, op deem e gedréckt

gouf -, datt mir mat deene Suen aus der Entwécklungshëllef

dozou bäidroen, d’Paie vu

70.000 Fonctionnairen an de besate palästinenseschen

Territoiren ze bezuelen. Dat sinn der

dräimol méi wéi Lëtzebuerg der huet, Madame

Jacobs.

Här President, d’Madame Minister huet jo och

eng grouss Gender-Dimensioun an hirer Politik,

woumat si awer konkret d’Fraerechter mengt.

Vläicht ka si eis och eemol soen, wou si sech a

leschter Zäit fir Männer agesat hätt, zum Beispill

fir Sklavenaarbechter oder Kannerzaldoten,

déi jo zu iwwer 95% Jonge sinn.

Mä wat sinn am Kontext vun eisem Thema vun

haut Fraerechter? Prinzipiell a ganz selbstverständlech

si mir all heibannen d’accord, datt

mir d’Gesondheet vun der Mamm a vum Kand

während der Schwangerschaft an duerno

musse schützen. Datt dofir Mëttele vun der

Entwécklungshëllef gebraucht ginn, fënnt bestëmmt

och eisen eestëmmegen Accord. Awer

bei der Ofdreiwung gëtt et op d’mannst eng

Géigestëmm, an zwar meng!

Dofir d’Fro: Wat genee mengt d’Regierung mat

esou engem Wuert wéi „Santé reproductive“

vun de Fraen? Heescht dat fir si vläicht och

Ofdreiwung? D’Fro ass berechtegt, well déi kathoulesch

Noriichtenagentur „kath.net“ huet

de 6. August 2011 en Artikel publizéiert ënnert

dem Titel: „Europäische UN-Delegationen setzen

Lateinamerika unter Druck“, an deem et

housch: „Luxemburg drängt El Salvador, den

Zugang für Frauen zu Rechten und Einrichtungen

sexueller und reproduktiver Gesundheit zu

verbessern.“

Doropshin hat ech eng parlamentaresch Fro

gestallt, an an hirer Äntwert huet d’Madame

Minister gesot, datt Lëtzebuerg de Sujet géif

thematiséieren a Fäll, wou d’Liewe vun der

Mamm a Gefor wär. Domadder kann och meng

Partei selbstverständlech d’accord sinn, well hei

ass ee Liewen, dat muss geschützt ginn, eventuell

op d‘Käschte vun engem anere Liewen.

Trotzdeem, d‘Madame Minister huet och zouginn,

datt Lëtzebuerg El Salvador recommandéiert

hat, fir «améliorer l‘accès des femmes

aux services de santé sexuelle et génétique ainsi

que l‘exercice de leurs droits dans ce domaine».

Do kann ee sech awer nees Froe stellen. Wat

heescht hei „santé génétique“ an der Madame

Jacobs hiren Aen? Dat ass jo jiddefalls...

Ech wollt just soen, Här President, wou Dir fort

waart hat ech eng länger Fro an d‘Madame

Polfer, déi deen Abléck presidéiert huet, hat

mer versprach, si géif dat considéréieren.

w M. le Président.- Et sinn 20 Sekonnen, déi

Der bäikritt.

w M. Fernand Kartheiser (ADR).- Jo, Merci.

Dat ass ganz generéis, Här President. D‘Leit doheem

kënnen dat och nomoossen.

Do kann ee sech awer nees Froe stellen. Dat ass

jo jiddefalls medezinesch net datselwecht wéi

eng liewensbedrohlech gesondheetlech Situatioun

fir d‘Kand. Wann een dofir plädéiert, wéi

eis Regierung dat ze maache schéngt, opgrond

vu genetesche Kritären - also „santé génétique“

- Liewen ze selektionéieren, da kann ee jo och

Situatioune favoriséieren, wou - och dat sief hei

gesot - Kanner zum Beispill en fonction vun hirem

Geschlecht kënnen ofgedriwwe ginn. Oder

wéi eng genetesch Selektioun ass erlaabt a wéi

eng net? Kënnen an den Ae vun eiser Regierung

Kanner mat bestëmmte Krankheeten

ofgedriwwe ginn?

Ech muss Iech soen, datt ech als Katholik strikt

refuséieren, eng genetesch Selektioun vu

Liewen iwwerhaapt an d‘Aen ze faassen. An

eng Ministesch, déi fir eng anscheinend

chrëschtlech Partei an der Regierung sëtzt,

kann eis hei ganz sécher e puer interessant Informatioune

ginn.

(Interruption)

Här President, eng weider Fro, déi sech stellt,

ass déi, wéi ee politesche Stellewäert mir de bilaterale

Relatioune mat eise Partnerlänner ginn.

Et ass eis opgefall, datt, wou de Cap-Vert de

35. Gebuertsdag vu senger Onofhängegkeet

gefeiert huet, Lëtzebuerg duerch d‘Madame

Minister fir Entwécklungshëllef vertruede war.

Dat ass an eisen Aen net déi richteg Décisioun.

Fir esou feierlech politesch Zeremonië soll Lëtzebuerg

duerch säi Bausseminister vertruede

sinn.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech

wéilt - an do, fir Är 20 Sekonnen optimal ze

notzen, sidd Der bestëmmt d‘accord - der Madame

Minister och e Luef ausschwätzen.

(Brouhaha)

Elo kréien ech der bestëmmt nach méi.

De Projet „emergency.lu“, Madame Minister,

deen zesumme vum Stat a vu privaten Entreprisen

op d‘Bee gesat gouf, deen huet och eis voll

Ënnerstëtzung. Mir hoffen, datt dës Infrastruktur

kann dozou bäidroen, ville Leit an Nout eng

séier an effikass Hëllef zoukommen ze loossen.

Ech soen Iech Merci - no 20 Minutten, 26

Sekonnen -, villmools Merci, Här President.

w M. le Président.- Merci, Här Kartheiser. Als

nächste Riedner ass den Här André Hoffmann

agedroen. Här Hoffmann, Dir hutt d‘Wuert.

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- Här President,

léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hoffen,

dass ech och e puer Froe gestallt kréien

zwëschenduerch,...

(Hilarité)

...fir meng Zäit ze verlängeren.

Ech wëll zréckkommen op d‘Fro vun der Kohärenz,

well dat ass fir mech eng entscheedend

Fro an der Fro vun der Entwécklungspolitik. Dat

heescht, d‘Fro, ob déi verschidde Politiken an

deene verschiddene Beräicher mat den Ziler

vun der Entwécklungspolitik vereinbar sinn, se

souguer ënnerstëtzen, oder awer am Contraire

deenen Ziler widderspriechen.

Déi Fro gëllt net nëmme fir d‘Politiken am enke

Sënn vum Wuert. Déi Fro gëllt och vill méi allgemeng

fir eise Wirtschaftssystem, fir eis europäesch

Agrarpolitik, fir eis Handelsbezéiungen

an iwwerhaapt ganz allgemeng fir eise Gesellschaftsmodell.

An déi Froe stelle sech souwuel

um nationale Plang wéi och um europäesche

Plang wéi och, wéi den Här Braz et ganz richteg

ervirgehuewen huet, um Niveau vun den

internationalen Institutiounen, wou mir Member

sinn a wou mer eis mussen d‘Fro stellen, ob

d‘Politik vum Weltwährungsfong oder vun der

Weltbank kompatibel ass mat den Ziler vun der

Entwécklungspolitik.

Awer wann een no Äntwerten op déi Froe vun

der Kohärenz sicht, da stéisst een direkt emol

op eng äusserst mangelhaft Transparenz. E Beispill:

A wéi engem Ausmooss dass eis Finanzplaz

implizéiert ass a Steierflucht aus den Ent-