22.06.2013 Views

La chambre Des Députés

La chambre Des Députés

La chambre Des Députés

SHOW MORE
SHOW LESS

You also want an ePaper? Increase the reach of your titles

YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.

fir hiren Asaz fir méi eng staark Roll vun der Fra

geéiert.

Ech hat virun zwee Joer d‘Geleeënheet, d‘Presidentin

vu Liberia, d’Ellen Johnson Sirleaf, perséinlech

kennenzeléieren a mech mat hir

iwwert d‘Situatioun an hirem Land ze ënnerhalen.

Dëst Gespréich hat mech deemools a

menger Iwwerzeegung bestäerkt, datt d‘Froe

vu Sécherheet an Entwécklung enk matenee

verknäppt sinn an datt een esou fragilë Situatiounen

am beschte mat enger regionaler Approche

begéint.

An der Stratégie sectorielle „Genre“ ënnersträiche

mer déi eminent wichteg Roll, déi de Fraen

an esou Situatiounen an am Développement

am Groussen zoukënnt. Den Zivilcourage, deen

déi dräi Laureatinne vun dësem Joer auszeechent,

selbstverständlech wéi och déi aner Laureatin,

ass natierlech zentral, wann een als Fra

an deene leschte Jore mat de Problemer vum

Liberia a vum Jemen ze kämpfen hat. De Friddensnobelcomité

huet dëst Joer mat senger

Décisioun Wäisheet a Wäitsiicht bewisen.

Här President, d‘nächst Joer, 2012, ass zu Rio

de Janeiro e wichtege Rendez-vous fir all déi,

deenen d‘nohalteg Entwécklung um Häerz läit.

Da sinn et nämlech 20 Joer hier, datt 1992 -

och zu Rio - de Weltsommet iwwert den Développement

durable ofgehale gouf, mat Verspriechen

an Orientatiounen, déi bis haut

d‘Ent wécklungspolitike ronderëm d‘Welt mat

prägen.

Zu Rio wäert d‘nächst Joer versicht ginn, pertinent

Äntwerten op déi global Erausfuerderunge

vum 21. Jorhonnert ze fannen. Mir, déi bekannterweis

d‘nohalteg Entwécklung als eng gemeinsam

global Erausfuerderung gesinn, wäerten

eis mat beschtem Wëssen, mat all eise

Moyenen an opgrond vun eisen Erfahrungen

an déi Diskussioun abréngen.

Fir d‘Lëtzebuerger Kooperatioun wor d’Joer

1992 ëmmer duebel wichteg: zéng Joer nodeems

datt mer fir d‘Éischt d‘Gesetz haten, dat

déi staatlech Entwécklungspolitik verankert

huet, an 1992 hat zu Rio den deemolege Lëtzebuerger

Statsminister Jacques Santer ugekënnegt,

datt eis Entwécklungshëllef bis d‘Joer

2000 soll op 0,7% vum RNB eropgoen. Een

Objektiv, dat jo zilstrebeg vun deenen nofolgende

Regierungen ënnert dem Premier Jean-

Claude Juncker a mat groussem Asaz vu menge

Virgängerinnen a Virgänger, Statssekretärinnen

a Statssekretär a Ministere vun der Kooperatioun

ëmgesat a souguer eropgesat gouf.

1992 wor fir d‘Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht

net nëmme wéinst deem

quantitativen Zil wichteg, dat festgehale gouf;

1992 wor dat Joer, an deem mir Member vum

Comité d‘aide au développement, dem CAD

vun der OECD, gi sinn. Eng Memberschaft, déi

zemools duerch déi regelméisseg Exame vun

der Qualitéit vun der Lëtzebuerger Kooperatioun,

den „peer reviews“, bestëmmt gëtt.

Zënter 20 Joer steet d‘Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht

deemno op deenen

zwee onzertrennleche Piliere vun engersäits

zouverlässeger Qualitéit (veuillez lire: Quantitéit)

an anerersäits ambitiéiser Qualitéit am

Déngscht vun der Aarmutsbekämpfung. Dat

ass eng zolidd Basis, op där mer konkret Resultater

konnte realiséieren an op där eisen éierlechen

an effikassen internationalen Effort berout,

dee mer jo och vun dobaussen unerkannt

kréien.

À propos konkret Resultater: Erlaabt mer, e puer

Resultater a Beispiller opzezielen, op déi mer an

deene leschte Jore besonnesch houfreg woren.

Et gëtt där Beispiller selbstverständlech vill, mä

vill leien der och viru menger Zäit, an dofir wëll

ech déi net opzielen, well ech mech net wëll

mat deenen anere Leit hire Méritter hei bretzen.

Ech wéilt duerno op dat eminent wichtegt

Thema vun der Politikkohärenz kommen, dann

drop agoen, wéi eis Aarbecht aus internationaler

Perspektiv gekuckt, gepréift an och ageschätzt

gëtt, ier ech d‘Situatioun an deene verschiddene

Partnerlänner kommentéieren a mat

der humanitärer Hëllef géif ofschléissen.

Här President, zu de Resultater:

Am Cap-Vert kruten 2011 573 jonk Leit

opgrond vun hirer Beruffsausbildung e Stage

an enger Entreprise. 2008 woren dat der just

57. Am Senegal goufe 642 Dierfer mat ronn

250.000 Awunner un d‘Drénkwaasser an un

d‘Ofwaasserbesäitegung ugeschloss. Zu Rundu

an zu Katima Mulilo an Namibien profitéieren

haut 86.000 Leit vun enger geregelter Planung

vun hire Wunnquartieren, an dat bedeit Zougang

zu Drénkwaasser a Kanal, mä awer och

Zougang zu de Mikrokreditter.

6

Séance 2 MeRcRedi, 12 OcTOBRe 2011

www.chd.lu

An der Hotelschoul zu Hué am Vietnam ginn all

Joer 1.000 Schüler ausgebilt, a mir wäerten

dem Grand-Duc am November bei der Statsvisite

dës Schoul gäre weisen. Am Vietnam ass

och e Bewässerungssystem agefouert ginn,

deen eng drëtt Räisrécolte méiglech mécht. Pro

Hektar ass d‘Akommes vun 300 op 1.000 Dollar

d‘Joer eropgaangen.

Am Bezierk Dosso am Niger sinn d‘Scolarisatiounstauxe

vun de Kanner am Schoulalter vu

67% op 75% eropgaangen. A wat nach méi

wichteg ass: Den Taux vun deene Kanner, déi

hir éischt sechs Schouljoren ofschléissen, ass

vun 32% op 53% geklommen.

An 13 Gemengen am El Salvador ginn haut

90% vun de Gebuerte vun Hiewannen assistéiert;

ee vun deene Sujeten, déi mer d‘nächst

Woch mam Direkter vun dem UNO-Populatiounsfong

wäerten diskutéieren, wann deen

hei zu Lëtzebuerg ass.

Am Nicaragua an am Burkina Faso gëtt et haut

keng improviséiert Blutttransfusiounen tëschent

Familljemembere méi. Virun e puer Joer huet

dës geféierlech Behandlungsmethod nach 50%

vun den Transfusiounen ausgemaach. Zënterhier

ass d‘Kollekt vu Bluttreserven am Burkina

ëm bal 100% eropgaangen an am Nicaragua

iwwer 50%.

Wéinst de Kantinsprogrammen an de Schoule

vum Burkina Faso schécken ëmmer méi Pappen

hir Meedercher an d‘Schoul. Mä d‘Josette Sheeran,

d‘Direktesch vum Welternährungsprogramm,

huet eis viru Kuerzem nach eng aner

iwweraus begréissenswäert Konsequenz vun

eisen Hëllefen op deem Gebitt beschriwwen:

Wéinst enger Extraportioun Iesswueren, déi

d‘Meedercher eng Kéier an der Woch ausgedeelt

kréien, halen hir Pappen drop, datt si ëmmer

méi laang sollen an d‘Schoul goen.

Dowéinst gi si dann och méi spéit bestuet a

kréien och méi spéit Kanner. Zum Beispill amplaz

am Alter vu 14 Joer kréie se elo d‘Kanner

mat 16 oder 17 Joer, wann hire Kierper och

ewell méi staark ass a si domadder och méi gesond

Kanner kënnen op d‘Welt setzen.

Am Kampf géint den Aids hunn haut sechs Millioune

Patienten Accès zur antiretroviraler

Behandlung, an d‘Zuel vun der Iwwerdroung

vun der Mamm op d‘Kand ass staark zréckgaangen.

Net méi spéit wéi muer wäert de

Michel Sidibé, den Direkter vun UNAIDS, hei zu

Lëtzebuerg sinn, fir iwwert d’Aids-Problematik

an der Welt ze schwätzen. Hien huet jo och eng

Entrevue mat där zoustänneger Chamberskommissioun.

Zënter datt mer am Burkina Faso hëllefen,

d‘Biodiversitéit ze schützen, konnt an engem

vun deene rare Bëscher vum Land d‘Aartevillfalt

vun 49 op 65 Zorten eropgesat ginn, an amplaz

vu 96 Beem gëtt et der haut 490 pro Hektar.

Global Partnerschafte fir d‘Ëmsetzung vun de

Millenniumsziler huet Lëtzebuerg virun allem

doduerch ënnerstëtzt, datt mer déi Éischt

woren, déi am Juni vun dësem Joer véier Haaptpartner

vun de Multilateralen - den UNO-Entwécklungsfong,

den UNO-Populatiounsfong,

d‘Unicef an den UNO-Fong fir lokal Entwécklung

a Mikrofinanz - dozou bruecht hunn,

een an deeselwechten Accord-cadre mat eis ze

ënnerschreiwen, am Sënn vun der Harmoniséierung

vun de Prozeduren a fir et eise Partnerlänner

am Süde méi einfach ze maachen,

mat deene sëllechen Entwécklungsacteuren

eens ze ginn. Vill vun eise Partnerlänner sinn

elo grad genannt ginn.

Natierlech sinn d‘Resultater, déi ech opgezielt

hunn, nëmmen an Zesummenaarbecht mat

den nationalen Autoritéite méiglech ginn. An

deem Kontext géif ech och gären d‘Ambassadeuren

aus eise Partnerlänner begréissen, déi

de Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn, fir duerch

hir Präsenz de Mëtteg an der Chamber de

Geescht vun dem Partenariat ze bezeien, an

deem mer zënter Jore matenee schaffen.

Déi meescht vun de Resultater kommen

opgrond vu Projeten zustanen, déi mer mat

eiser nationaler Agence Lux-Development ëmsetzen.

Vun dëser Plaz aus géif ech wëllen e

grousse Merci soen dem Generaldirekter

Gaston Schwartz a senger Équipe, mä och de

Membere vun dem Verwaltungsrot, fir hiren

Asaz a fir hire Professionalismus. D’Aktivitéite

vu Lux-Development ginn iwwregens an dësem

Moment engem Audit vun der Cour des

Comptes ënnerzunn. De Ministère steet der

Agence a selbstverständlech de Contrôleuren

zur Säit.

Et ass deem engen oder deem anere vun Iech

sécher net entgaangen, datt d’Lëscht vun

deene konkrete Resultater net zoufälleg esou

opgestallt gouf. All dës Resultater entspriechen

nämlech op d’mannst engem vun deenen

aacht Millenniumsentwécklungsziler, wéi se am

Joer 2000 vun de Stats- a Regierungschefe bei

der UNO ugeholl goufen. Mir wëssen haut,

datt mer dës Ziler leider net alleguerten an net

iwwerall bis 2015 wäerte kënnen ëmsetzen.

Dräi Joer virum Stéchdatum schéngt et mer

duerfir ëmsou méi wichteg, preuve à l’appui,

net nëmme kënnen nozeweisen, datt eppes geschitt,

mä och, wat geschitt a wat funktionéiert.

Opgrond vun de positive Resultater wéi dëse

muss et méiglech sinn, an deenen nächste

Joren d’Ëmsetzung vun de Millenniumsziler méi

séier ëmzesetzen an deenen Honnertdausenden,

déi haut nach ausgeschloss sinn, esou

séier wéi méiglech ze hëllefen.

Här President, et wor mer wichteg, dësen

Échantillon vu konkrete Resultater kënne virzedroen.

Ech ginn nämlech dovun aus, datt

d’Chamber, mä och all Lëtzebuerger an all Leit,

déi hei wunnen, am grousse Ganzen e Recht

drop hunn, net nëmmen ze wëssen, wat mat

de Lëtzebuerger Entwécklungsgelder geschitt -

duerfir maache mir jo de Rapport annuel -, mä

si hunn och d‘Recht ze gesinn, wat effektiv

duerch eis Aktioune bewierkt gëtt a wat derbäi

als nohalteg Entwécklung erauskënnt.

Et ass och esou, wéi ech den Ënnerscheed verstinn,

deen haut an der internationaler Diskussioun

tëschent Efficacité de l’aide an Efficacité

du développement gemaach gëtt. Duerfir

wäerte mir an Zukunft, am Kader vun eiser

Kom munikatiounsstrategie, méi dacks a méi

de tailléiert Resultater vun der Lëtzebuerger

Koo peratioun virstellen.

D’Resultater vun den Evaluatiounen, déi mer

regelméisseg vun den Aktivitéite mat eise

Partner - der Lux-Development, den ONGen an

den internationalen Organisatiounen - an Optrag

ginn, wäerten an Zukunft verstäerkt ausgetosch

ginn. D’Entwécklungszesummenaarbecht

ass keng exakt Wëssenschaft, an och dee

beschte Projet kann nach verbessert ginn an

och nach ausgebaut ginn.

D’Recommandatioune vun den Evaluatioune

weisen eis engersäits, wou et néideg ass nozebesseren,

an anerersäits, wat sech als gutt

Praxis erwisen huet an derwäert ass, widderholl

ze ginn. Am Kontext vun enger Evaluatiounsstrategie

sollen dës Erfahrungswäerter kënnen

erfaasst ginn an als Orientatioun an d‘Gestaltung

vun eiser Kooperatiounspolitik afléissen.

Mir wëssen, datt am Développement d’Suen

eleng net duerginn. D’Qualitéit an d’Éierlechkeet

am gemeinsamen Effort sinn onëmgänglech,

fir nohalteg déi Changementer an enger

Gesellschaft ervirzebréngen, déi der grousser

Zuel vu vernoléissegte Fraen, Männer a Kanner,

déi wéinst der Aarmut um Rand vun der Gesellschaft

liewen, Zougang zu deenen elementaarste

Rechter a soziale Servicer ginn. Den

Invest an déi mënschlech an déi institutionell

Capacitéite vun eise Partnerlänner ass op

d’mannst esou wichteg wéi den Invest an Infrastrukturen

an an technesch Équipementer.

Dës Suerg ëm de Renforcement des capacités

hu mir kierzlech, no engem Échange mat Lux-

Development a mam Cercle des ONG, och a

Form vun enger Stratégie sectorielle zu Pabeier

bruecht. D’Beispiller, déi ech opgezielt hunn,

illustréieren, datt nohalteg Resultater méiglech

sinn, wann de politesche Wëllen, dat finanziellt

a mënschlecht Kapital an déi néideg technesch

Mëttele gebündelt dozou agesat ginn, fir positiv

Changementer erbäizeféieren.

Dat verlaangt ee laangwieregen Asaz an eng

permanent Bereetschaft, d’Hänn net an de

Schouss ze leeën, och wann d’Resultater sech

net ëmmer esou séier astellen, wéi ee sech dat

géif wënschen, a wann et Réckschléi gëtt, zum

Beispill wéinst engem Coup d’État oder enger

Weltwirtschaftskris oder heiansdo aus vill méi

banale Grënn.

D’Lëtzebuerger Entwécklungs-ONGen, déi Dag

fir Dag mat hire lokale Partnerorganisatiounen

um Terrain schaffen, wësse vu wat ech schwätzen.

An erlaabt mer op dëser Plaz, hiren Asaz,

dee jo zum Deel méi laang dauert wéi dee vun

der öffentlecher Säit, ze wierdegen an hinnen e

grousse Merci ze soe fir déi konstruktiv Zesummenaarbecht

mam Ministère, am Interessi

vun deenen äermste Populatioune ronderëm

d’Welt.

Ech géif wëlle stellvertriedend fir si alleguerten

hei den Här Jos Hilger ervirhiewen, deen no 45

Joer aktiver Aarbecht an Asaz fir d‘Fondatioun

Raoul Follereau dëst Joer a senger Organisatioun

de Presidenteposten ofginn huet.

w Mme Anne Brasseur (DP).- Très bien!

w Mme Marie-Josée Jacobs, Ministre de la

Coopération et de l‘Action humanitaire.- Mir wëssen

d‘Begeeschterung vun den ONGe fir

d’Saach ze schätzen, grad wéi hir Roll als proaktiven

Deel vun enger engagéierter Zivilgesellschaft,

déi legitimerweis hire Suergen, Iwwerleeungen,

Propositiounen a Fuerderungen Ausdrock

muss kënne ginn. Den Dialog mam Ministère

leeft zënter Joren iwwer flexibel strukturéiert

Weeër, sief et am regelméissegen Aarbechtsgrupp

mam Cercle des ONG, am direkte

Gespréich mat de Mataarbechter aus dem Ministère

oder, wéi kierzlech erëm, während den

Assisen.

Mir deelen d’Suerg vun den ONGen ëm d’Nohaltegkeet

vum internationalen an och vum

nationalen Effort an der Entwécklungszesummenaarbecht,

ouni déi d’Fortschrëtter bis haut

an d’Perspektive fir muer riskéieren ze verdämpen.

Mir deelen och d’Suerg vun den ONGen ëm

d’Effikassitéit vun der Hëllef an ëm d’Kohärenz

vun de Politiken, déi Effikassitéit vum Développement

soll mat vergréisseren. Als Regierung

kënne mer eis natierlech net erlaben, mat öffentleche

Gelder kontraproduktiv Politiken ze

maachen. D’Gréisst an d’Organisatioun vum

Regierungsverwaltungsapparat grad wéi vun

eisem öffentleche Liewen am grousse Ganzen

erlaabt eis nach ëmmer ze wëssen, datt déi

lénks Hand weess, wat déi riets Hand mécht.

D‘Kohärenz vu Politike kann een deemno zu

Lëtzebuerg gutt organiséieren; et kann ee se

allerdéngs net dekretéieren!

Fir d’Diskussioun ëm d’Kohärenz vun de Politike

fir den Développement ze féieren, hu mer

de Comité interministériel, deen, wéi d’Gesetz

et virgesäit, vun der Regierung agesat gouf an

deen den Optrag huet, zu alle Froe ronderëm

d’Kooperatioun, also och zur Kohärenz vun de

Politike fir d’Entwécklung, Stellung ze huelen

an der Regierung Avisen ze maachen.

Zënter engem gudde Joer huet dëse Comité

regelméisseg en Austausch mat den ONGen,

an den Direkter vun der Kooperatioun, als

President vum Comité interministériel, suergt

fir dee konkrete Suivi an engem Fall vu Politikinkohärenz,

deen der Entwécklung am Süde

kéint schueden. De Comité hëlt awer keng Décisiounen.

All Comité ass e konsultativt Organ a

kann also keng Décisioun huelen. Seng

Compte-renduë kréien ech, oder Dir fannt se

awer selbstverständlech um Internet. Wann et

néideg ass a méi wéi ee Minister betraff ass, gesinn

ech mech an der Flicht, de Sujet um adequaten

Niveau opzewerfen, zum Beispill am

Regierungsrot.

Hei e Beispill, fir ze illustréieren, wéi dat an der

Praxis ka goen: Viru genee véier Méint, den 12.

Juli, hunn d’ONGen, am Gespréich mam Comité

interministériel, bedauert, datt Indien an

de Verhandlunge mat der Europäescher Kommissioun

ëm en Accord de libre échange bis elo

refuséiert huet, eng Klausel iwwert den Développement

durable mat anzebauen. Ee Fall vu

Politikinkohärenz, deen effektiv d’Suerg ëm

d’nohalteg Entwécklung an Indien kéint verwässeren.

Deemno d’Fro vun den ONGen un

d’Regierung, zu Bréissel ze intervenéieren, fir

hirer Revendicatioun, déi eis absolut legitim

schéngt, Nodrock ze ginn.

Net méi spéit wéi de 26. September huet beim

Ministeschconseil iwwert den Aussenhandel de

Lëtzebuerger Vertrieder, zesumme mat de Vertrieder

vun Dänemark an Holland, dëse Punkt

nach eng Kéier opgeworf, wourop den zoustännege

Kommissär Karel De Gucht sech

enga géiert huet, dës Fro erëm mat den indeschen

Autoritéiten opzewerfen an drop ze insistéieren,

wéi wichteg ee Verweis op nohalteg

Entwécklung der Europäescher Unioun an

engem internationale Vertrag iwwer Aussenhandel

ass.

Deemno ass et haut net nëmme virgesinn, datt

hei zu Lëtzebuerg d’Ministèren an d’Verwaltunge

grad wéi och d’Zivilgesellschaft Froen

zur vermeintlecher Politikinkohärenz am Kontext

Développement kënnen an engem zoustännege

Gremium opwerfen, mä et besteet

och, wéi d’Beispill et weist, eng effikass Prozedur,

fir Fäll vu konkreter Inkohärenz ze behandelen

an ze tranchéieren.

Et ass mir als Kooperatiounsministesch ëmsou

méi wichteg, dat behaapten ze kënnen, well de

Comité d’aide au développement vun der

OECD eis 2008 ugeroden hat, eis ëm eng effikass

Manéier ze beméien, fir d’Kohärenz vun de

Politike fir den Développement ze garan téieren.

En anert Beispill, bei deem d’Kohärenz vun de

Lëtzebuerger Politiken a Fro gestallt gëtt, well

negativ Auswierkungen op den Développement

vun den Entwécklungslänner ze fäerte sinn, ass

de Kampf géint de Klimawandel. An do kréien

ech heiansdo ënnerstallt, ech géif näischt verstoen,

an d’Kooperatiounspolitik géif no de

Prioritéite vun anere Politikberäicher gestalt

ginn. Dat stëmmt selbstverständlech net!

Mä de Minister fir nohalteg Entwécklung géréiert

de Kyoto-Fong, an net de Kooperatiounsminister;

gradesou wéi den Aussenhandelsminister

d’Lëtzebuerger Wirtschaft am Ausland

promouvéiert, an net de Kooperatiounsminister.

Den Immigratiounsminister an de Familljeminister

këmmere sech zu Lëtzebuerg ëm

d’Flüchtlingen, an och net de Kooperatiounsminister

- wann dat och zoufälleg op enger vun

deenen zwou Plazen deeselwechten dës Kéier

ass.

Hooray! Your file is uploaded and ready to be published.

Saved successfully!

Ooh no, something went wrong!