You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
Ech mengen, dat ass e seriöe Problem zu Lëtzebuerg,

iwwert dee mer ons Gedanke musse

maachen. Ech sinn och der Meenung, dass mer

als Chamber do héchstwahrscheinlech net ganz

vill kënne maachen. Mä ech mengen, d‘Regierung

muss wierklech och oppassen, dass mer

net der Spekulatioun Opdrifft gi mat der gudder

Absicht, fir en anstännegen Aménagement

du Territoire ze maache mat Plan-sectorielen,

déi Kapp a Schwanz hunn. Mir mussen déi

Spekulatioun do ënnerbannen.

Merci.

Ah! Entschëllegt, elo hat ech mat deem ganzen

Déngen nach bal ons Motioun vergiess.

w M. François Bausch (déi gréng).- Wéi?

Maacht Dir eng Motioun?

w M. Ben Fayot (LSAP).- Ech wollt soen, dass

mer als Majoritéitsfraktiounen eng Motioun virleeën,

déi grosso modo dat enthält, wat ech a

mengen Ausféierungen hei gesot hunn. An ech

géif Iech also bieden, och där Motioun do Är

Approbatioun ze ginn.

Motion 3

La Chambre des Députés,

- au vu du programme gouvernemental qui retient

que «le Gouvernement, en accord avec les

principes de l‘aménagement du territoire, a désigné

Livange comme lieu d‘implantation du stade

national de football dans le cadre d‘un nouvel

ensemble commercial. Le Gouvernement accompagnera

la Fédération de Football pour ses arrangements

conventionnels avec le promoteur qui

mettra le stade à la disposition de la FLF»;

- considérant que le Conseil de Gouvernement a

approuvé en date du 23 juillet 2010 le masterplan

de Livange, en faisant référence dans le résumé

public de ses travaux à un accord trouvé

entre le Gouvernement et le promoteur, à savoir

une planification intégrée en vue de la réalisation

d‘un projet d‘ensemble sur le site en question

autour d‘un nouveau stade national de football

avec les infrastructures commerciales nécessaires

à la viabilité financière du projet de stade. À la

même occasion, le Conseil de Gouvernement constate

que le plan tient compte de toutes les

contraintes du site: insertion paysagère, gestion

du bruit en provenance de l‘autoroute, gestion de

l‘eau, insertion par rapport à la structure villageoise;

- considérant que le Conseil de Gouvernement a

réitéré son soutien à la réalisation du projet en

conformité avec le masterplan et dans le respect

de toutes les dispositions légales et réglementaires

concernées en date du 8 juillet 2011, suite à une

discussion menée au sujet du projet d‘ensemble

autour du stade national de football prévu à

Livange dans le contexte de la parution de l‘avis

de la commission d‘aménagement concernant la

modification projetée à cet effet du plan d‘aménagement

général de la commune de Roeser et à

l‘occasion de la présentation publique du masterplan

de Livange;

- soucieuse d‘une planification transparente et

d‘une prise de décision basée sur des critères objectifs;

- soucieuse de respecter la volonté des citoyens

concernés et de recueillir leur avis, le cas échéant

par la voie d‘un référendum consultatif communal

à décider par les responsables de la commune de

Roeser;

invite le Gouvernement,

- en ordre principal, de poursuivre le contact avec

les responsables communaux de la commune de

Roeser et avec les promoteurs en cause, en vue de

la réalisation d‘un stade de football et des commerces

nécessaires à sa viabilisation, en prenant

en compte les considérations ci-dessus;

- à reconsidérer, dans l‘optique du respect de

l‘équilibre commercial sur le plan régional, les

dimen sions de l‘infrastructure commerciale qui

doit permettre la viabilisation du stade de football;

- en ordre subsidiaire, au cas où une décision négative

du conseil communal, un référendum négatif

ou des incompatibilités avec les dispositions

légales et réglementaires en vigueur qui apparaîtraient

au cours de la procédure d‘autorisation ne

permettraient pas la réalisation du projet à Livange

tel que prévu par le masterplan, à rechercher

un site alternatif pour la construction d‘un

stade de football national.

(s.) Ben Fayot, Fernand Diederich, Norbert Haupert,

Ali Kaes, Roger Negri.

w Une voix.- Très bien!

w M. le Président.- Merci dem Här Fayot.

Elo kritt den Här André Hoffmann d‘Wuert.

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- Här President,

elo wësse mer also nach net, ob de Pro-

34

Séance 3 JeUdi, 13 OcTOBRe 2011

www.chd.lu

jet begruewen ass, definitiv oder net, oder ob

en erëm opsteet. Ech wëll zu deem, wat den

Här Fayot gesot huet, direkt…

(Interruption)

Jo, ech wollt dat och soen, awer ech fannen,

dat wär net de goût parfait. Dofir hunn ech et

net gesot. Dat war eng Äntwert op keng Fro,

mä…

w M. le Président.- Ech hunn dat esou verstanen,

Här Hoffmann.

(Hilarité)

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- Ech wéilt

awer zu deem, wat den Här Fayot elo hei gesot

huet, vläicht zwou Remarquë maachen.

Fir d’Éischt déi hei: Et ass zwar richteg, dass zu

Réiser kann de Projet gestoppt ginn. Et ass awer

méi richteg, dass d’Haaptverantwortung bei

der Regierung läit. Et ass am Regierungsprogramm,

wou steet, de Stadion géif zesumme

mat engem Centre commercial zu Léiweng gebaut

ginn. Ech weess net, wat deemools zu

Réiser gesot ginn ass, mä dat steet am Regierungsprogramm.

An do läit also d’Haaptverantwortung.

Dat huelen ech awer elo erëm zréck, well soss

géif ech der Séparation des pouvoirs jo net entspriechen.

D‘Haaptverantwortung läit hei an

der Chamber, well d‘Regierung ass en Exekutivorgan.

Mir décidéieren hei am Prinzip, ob a wéi

a wou dass e Stadion gebaut gëtt.

w Une voix.- Richteg!

w Plusieurs voix.- Très bien!

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- Zweetens,

déi Fro vun der Prioritéit. Ech sinn och der

Meenung, dass ee misst kënnen driwwer diskutéieren,

ob de Fussballstadion eng Prioritéit ass

oder net. Et muss ee sech dann awer wierklech

entscheeden: Entweder ass de Stadion eng

öffent lech Prioritéit oder net. A wann en eng

öffentlech Prioritéit ass, dann ass et d‘Aufgab

vum Stat als öffentlech Exekutiv, dann an deem

Moment dee Stadion ze realiséieren an net

mussen zréckzegräifen op e private Financier,

well dorobber kënnt et jo eraus.

Och wa mer de Projet opginn, wat jo nach e

bëssen esou am Raum steet, mengen ech, dass

mer domadder d‘Diskussioun net ofgeschloss

hunn, well ech mengen, dass aus där ganzer

Affär hei entscheedend Lektiounen ze zéie sinn.

An dat fänkt u mat dem Respekt vis-à-vis vun

eisen eegenen Dokumenter, eisen eegenen

Texter, souwuel wat d‘Landesplanung betrëfft

wéi och wat d‘nohalteg Entwécklung betrëfft.

Ech géif den Här Wiseler herno gäre froen, ob

si als Nohaltegkeetsministère deenen anere Ministèrë

wierklech an och sech selwer den nationalen

Nohaltegkeetsplang zoukomme gelooss

hunn, an ob en iwwerall och opmierksam gelies

ginn ass. Well wann dat esou wär, dann

hätt dee Projet Léiweng iwwerhaapt net dierfen

op den Dësch kommen, well do gëtt et eng

ganz Rei vun - ech ka se net zitéieren, ech hu

keng Zäit - Unhaltspunkten, wou ee ka soen:

Dat do widdersprécht deem, wat mir selwer als

Dokument erausginn iwwert d‘nohalteg Entwécklung

hei zu Lëtzebuerg.

Deen éischten Deel vun deem Nohaltegkeetsplang

- dat ass jo deen, deen am meeschte gelueft

ginn ass -, dat ass dee vun den negativen

Tendenzen hei zu Lëtzebuerg. An ech soen

Iech, wa mir Léiweng an där doter Form bauen,

da kommen an deem nächsten Nohaltegkeetsplang,

wann e seriö ausgeschafft gëtt, nach e

puer weider negativ Tendenzen derbäi: dat,

wat d‘Landesplanung betrëfft, dat, wat d‘urban

Zentre betrëfft - dat hunn ech schonn hei an

der Kommissiounsréunioun gesot -, dat, wat

den Naturschutz betrëfft, dat, wat d‘Konsumobsessioun

betrëfft an esou weider an esou

fort.

Dann e Wuert och zu den Aarbechtsplazen. Déi

Fro ass schonn hei ugeschnidde ginn. Dat ass

jo nawell gären en Argument, fir all méiglech

Saachen ze rechtfertegen, andeem een op

Aarbechtsplazen hiweist. Da soen ech Iech:

Maacht emol fir d’Éischt Är Aufgab zu Schëffleng

an zu Rodange!

(Interruptions)

Kuckt emol fir d’Éischt do déi Aarbechtsplazen

ze halen, déi a Gefor sinn, a wou ee mat enger

gewësser Wahrscheinlechkeet kann ausgoen,

wann d‘Regierung net do mat der Fauscht op

den Dësch schléit, dass dann déi zwee Siten

ofgebaut ginn an déi Aarbechtsplazen ofgeschaaft

ginn!

Ofgesinn dovunner, an dat ass jo hei scho gesot

ginn, wann ee seet „schafen“, muss een

ëmmer dergéintrechnen, op wéi enger anerer

Plaz dass Aarbechtsplazen ofgebaut ginn. Den

Här Bausch huet dat scho genuch op eng genau

Aart a Weis duergestallt.

Fir mech stellt sech an där ganzer Fro, wat

d‘Relatiounen tëschent Stat a Privatwirtschaft

oder Privatentrepreneuren oder -investisseure

betrëfft, stellt sech fir mech eng prinzipiell Fro

an eng systemesch Fro, déi mer mat der Deontologie

eleng net geléist kréien. Ech sinn also

selbstverständlech d‘accord, dass mer eis och

eng Deontologie gi fir Regierungsmemberen a

Statsbeamten. Et stellt sech hei awer vill méi e

prinzipielle Problem, nämlech dee vun dem allgemenge

Verhältnis tëschent dem Stat als Vertrieder

- prinzipiell, theoretesch - vun der Allgemengheet

op där enger Säit, an der privater

Wirtschaft mat hiren Aktionären op där anerer

Säit.

An da soen ech Iech, et liest ee jo heiansdo, de

Wirtschaftsliberalismus, dee géif verlaangen, de

Stat misst sech aus der Privatwirtschaft erauszéien.

Ce n‘est pas vrai! De Wirtschaftsliberalismus

a sengen extreme Forme verlaangt, dass

de Stat d‘Privatwirtschaft accompagnéiert, an

zwar esou gutt wéi méiglech! Dat heescht, dass

en esou gutt wéi méiglech derfir suergt, dass

d‘Privatwirtschaft floréiert an dass d‘Privataktionäre

selbstverständlech esou vill wéi méiglech

kënnen asäckelen.

An da maache mir dat, wat mer elo maachen.

Da maache mer PPPen, mir maache Privatiséierungen

op europäeschem Niveau an esou weider

an esou fort. An hei loosse mer eis dann e

Stadion bauen, wou mer ganz genau wëssen,

dee gëtt net gebaut aus Sportsinteressen, mä

wou mer ganz genau wëssen, eigentlech geet

et dorëm, Aktionären ënnert d‘Äerm ze gräifen,

fir e gutt Geschäft ze maachen.

Also nach eng Kéier: Ech hoffen, dass mer et

fäerdegbréngen, e Stadion ze bauen, wann et

eng öffentlech Prioritéit ass, an öffentlecher

Hand, an dass mer dee Projet Léiweng opginn,

an dass d‘Regierung en opgëtt oder dass mir

en hei opginn, an dass mer net d‘Verantwortung

einfach ofleeden op d‘Gemeng Réiser.

Merci.

w Plusieurs voix.- Très bien!

w M. le Président.- Merci dem Här Hoffmann.

Elo kritt d‘Regierung d‘Wuert. Wien intervenéiert

fir d‘Éischt?

w M. Jean-Marie Halsdorf, Ministre de l‘Intérieur

et à la Grande Région.- Här President,

ech...

w M. le Président.- Den Här Innenminister.

w M. Jean-Marie Halsdorf, Ministre de l‘Intérieur

et à la Grande Région.- ...hunn déi Éier,

unzefänken, fir Kloerheet ze bréngen op engem

Punkt, deen eis alleguerten interesséiert. Dat

ass deen: Wou si mer drun an der Prozedur vun

der Ännerung vum Bebauungsplang vun der

Gemeng Réiser, wou jo do e Vote provisoire

stattfonnt huet?

Ech kann Iech kloer soen, dass, wat déi Prozedur

ugeet, do déi ganz Dispositiounen alleguerte

respektéiert goufen. Dat heescht, de

Projet ass erakomm an enger Étude préparatoire

an d’Commission d‘aménagement, déi

hiren Avis ginn huet de 17. Juni, an duerno

huet d‘Gemeng hire Vote geholl. Ech hu mech

an déi Prozeduren ageklickt, wat u sech net

normal ass, well et ëmmer esou ass, dass den

Innenminister d‘Legalitéit vun der Prozedur

kuckt beim Vote définitif. Firwat hunn ech dat

gemaach?

Nun, well jo gesot ginn ass an der Press, d‘Madame

Ferro-Ruckert hätt Terrainen. An duerfir

hunn ech dann den Distriktskommissär domat

beoptragt, wat ech och schonn déi leschte

Kéier gesot hunn, eng detailléiert Enquête ze

maachen. A wann ech déi Enquête hunn, da

wäert ech och kënne Kloertext schwätzen.

D‘Fro ass déi, ob d‘Madame Ferro-Knepper...,

Ferro-Ruckert, pardon, déi bei der Prozedur gehollef

huet am Schäfferot, ob hir Präsenz am

Schäfferot unzegesinn ass als eng Décisioun,

eng Aart Délibératioun oder net. Dat ass e juristescht

Gutachten, op dat ech waarden.

Wann et elo nach net do ass, huet dat dermat

ze dinn, dass am Fong geholl elo Gemengewahle

waren an d‘Distriktskommissariater gradesou

wéi de Ministère relativ vill mat där Problematik

vun de Kandidaten an alles beschäftegt

waren. De leschte Sonndeg eleng hu 57

Leit geschafft, sou dass ech dovunner ausginn,

dass entweder muer oder d‘nächst Woch ech

wäert déi detailléiert Enquête hunn an dass ech

da wäert soen, wo es langgeht, ob wierklech

déi Prozedur iwwert de PAG, iwwert de Bebauungsplang,

iwwer eng Modifikatioun dovu ka

weidergoen oder ob déi muss gestoppt ginn.

Wéi gesot, mir mussen eis nach gedëllege bis

d‘nächst Woch.

w M. le Président.- Merci dem Här Innenminister.

Wie schwätzt elo?

(Interruptions)

D‘Madame Mëttelstandsministesch Françoise

Hetto-Gaasch.

w Mme Françoise Hetto-Gaasch, Ministre

des Classes moyennes et du Tourisme.- Majo, ech

si gefrot ginn, ob ech dee Projet... (interférérences

sonores causées par un téléphone portable) ...

autoriséiert hätt oder net. Also, ech wëll Iech

just soen, dass den deemolege Mëttelstandsminister

net mat engem Projet befaasst

war, mat engem konkrete Projet, an den aktuelle

Mëttelstandsminister ass och nach net

mat engem konkrete Projet befaasst, sou dass

mer am Fong geholl kënne weder e Refus nach

eng Autorisatioun ginn.

Ech wëll Iech awer soen - et ass wichteg, dass

Der dat wësst -, dass mir haut dat Argument,

wat mer soss haten, fir ze soen, mir schwätzen

hei vun engem Déséquilibre commercial, dat

Argument, dat kënne mer, wéinst der Direktiv

„services“ an och no der Reform vum Droit

d‘établissement, net méi huelen.

Mir hunn haut just nëmmen d‘Argument, wat

spillt: Wat fir eng Auswierkungen huet dee Projet

do a Saachen Aménagement du Territoire

respektiv och op de Flux de transport? Dat sinn

déi Argumenter, déi mir musse mat considéréieren.

An dat heescht, do kënne mir net méi

vun Déséquilibre commercial schwätzen.

Ech wëll awer och soen, dass mer hei ganz am

Ufank vun enger Prozedur sinn. Mir schwätzen

hei iwwer eppes, wat kéint dohinnerkommen,

mä mir hunn de Projet emol nach net autoriséiert.

D‘Modification partielle ass emol nach

net definitiv gestëmmt.

(Interruptions)

Duerfir, mengen ech, sollt een einfach där ganzer

Saach elo emol hir Zäit ginn an dee ganze

Prozess duerchlafe loossen.

Da wëll ech awer och soen zum Thema Outlet

selwer. Ech sinn iwwerzeegt, dass en Outlet fir

Lëtzebuerg Sënn mécht. An zwar ass dat attraktiv

fir déi Leit, déi hei wunnen. Et ass attraktiv

fir déi Leit, déi permanent op eiser Autobunn

derduerchfueren. Et ass attraktiv fir d‘Touristen,

déi heihinnerkommen. An ech sinn och der

Meenung, dass en Outlet soll komplementär

sinn zu enger städtescher Offre commerciale.

An duerfir wëll ech dovir warnen, dass mer net

erëm et solle verpassen, esou e Magnéit op Lëtzebuerg

ze kréien. Well dat wär nämlech net fir

d‘Éischt. Et wär jo emol flott, wa mer emol eng

Kéier e Magnéit géifen op Lëtzebuerg kréien an

en och hei behalen.

Dann, wëll ech soen, fannen ech déi Motioun,

déi elo just vun der Majoritéit eragereecht ginn

ass, begréissen ech. Ech mengen, dat, wat

deene meeschte Leit jo och um Häerz hei läit,

dat ass de Problem vun der Envergure vun

deem Ganzen, wou dat soll kréien. Duerfir fannen

ech an deem Sënn déi Motioun do begréissenswäert.

Si seet ganz kloer, „à reconsidérer

(...) les dimensions de l‘infrastructure commerciale“,

an ech mengen, do kann ech mech

als Mëttelstandsministesch nëmme ralliéieren.

w M. le Président.- Merci der Mëttelstandsministesch.

Dann huet den Nohaltegkeetsminister,

den Här Wiseler, d’Wuert.

w M. Claude Wiseler, Ministre du Développement

durable et des Infrastructures.- Merci,

Här President. Och zu de Froen, déi u mech elo

direkt adresséiert waren.

Éischtens, déi Fro, déi un d‘Landesplanung

geet, fir ze soen, datt et evident ass, datt mir

op déi Instrumenter vun der Landesplanung,

déi mer brauchen, gradesou ongedëlleg waarden,

wéi d‘Oppositioun dat elo ausgedréckt

huet. Dir wësst, datt mer haaptsächlech d‘Gesetz

iwwert den Aménagement du Territoire

mussen hunn, wou eng Rei wesentlech Prinzipien

drastinn, wéi d‘Prozedure fir d‘Plansectoriele

sinn, mä wou awer och ee grousse

Prinzip drasteet, deen enorm wichteg ass, wa

mer déi Landesplanung da wëllen esou

usichen.

Dat heescht, dat Element, wat eis erlaabt, datt

de Stat kann Expropriatioune maachen, wann

en Terrainen onbedéngt brauch an anescht net

eens gëtt, an d‘Expropriatioune ka maachen zu

engem Präis vun der Valeur vun den Terrainen,

wéi se virun engem Klassement waren. Dat ass

dat wichtegst Element, wat mer brauchen.

Da muss natierlech déi Gesetzesmodifikatioun

kommen. Dir wësst, datt de Conseil d‘État virun

dräi Woche ronn säin Avis ofginn huet. Deen

Avis, dat hunn ech mam Fernand Boden ofgeschwat,

huele mer esou schnell wéi méiglech

elo an d‘Kommissioun, datt mer och an deem

Text do weiderkommen. An da sofort, wann

den Text do ass, kënnen déi Plan-sectorielen op

de Wee geschéckt ginn. Dat gëtt eis dann Instrumenter,

fir déi Landesplanung wesentlech

méi effikass ze maachen. Mir waarden ongedëlleg

dorop.

Da soen ech awer hannendrun: An dësem Projet,

wann ech awer elo kucken, wéi déi Plansectorielen

een an deen anere sinn, an ech sinn

d‘lescht Kéier am Detail drop agaangen, dann,

muss ech soen, ass deen hei Projet awer no

deene Plan-sectorielen, widdersprécht en de