Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
dat hei huet näischt mat Promoteuren ze dinn

- de Betrib bezuelen. Ëmmer!

(Interruptions diverses)

Neen, dat ass ëmmer esou!

(Interruptions diverses)

Et deet mer leed, dat ass d’Regel. De Betrib bezilt.

w M. François Bausch (déi gréng).- Här

Krecké, hei geet jo...

w M. le Président.- Här Bausch.

w M. François Bausch (déi gréng).- Mä ech

muss awer soen... Här President, hei geet et jo

net... Den Ausléiser, fir dat hei ze kréien, ass jo

net ee Privaten, deen iergendeppes wëllt maachen,

mä et ass d’Regierung, déi Demandeur

ass, am Numm vun der öffentlecher Hand, fir

eppes ze kréien. An do ass et fir mech awer net

normal, datt an esou enger Situatioun de private

Promoteur all d’Etüde finanzéiert an och

maache léisst! Hei hätt d’Regierung misse kucken,

fir dat vu sech aus ze maachen.

Wann ee Privaten dat mécht, wann ee Privaten

e Projet huet vu sech aus selwer, ouni datt d’Regierung

en Intérêt huet, ass dat dat Normaalst

vun der Welt, mä net an deem heite Fall. Dat

ka jo net sinn!

w M. Jeannot Krecké, Ministre de l’Économie

et du Commerce extérieur.- Also, ech bleiwen

nach eng Kéier derbäi, d’Regierung huet hei

net agegraff. Et ass e private Projet. Et ass jo

kee PPP. Et ass e private Projet. An e Promoteur

geet hin a geet eng Etüd maachen. Dat ass säi

Recht, fir ze kucken, ob beispillsweis d’Zone de

chalandise, ob déi entsprécht an ob déi mat

sech bréngt, dass esou eng Zon iwwerhaapt

machbar a rentabel ass. Dat huet hien interesséiert,

an en huet dat maache gelooss. Mä,

wann Dir se gär hätt, frot en! Ech ka se net...

(Interruption)

Lauschtert, wann ech gelift, dat si Konklusiounen,

déi hien zitt. An dat huet bei him...

w M. Xavier Bettel (DP).- Fir säin Intérêt!

An der Stad

um Kanal S29 (Coditel) oder

um Kanal S40 (Eltrona/Siemens)

Zu Esch

um Kanal www.chd.lu S24 / 455.25 Mhz

36

Séance 3 JeUdi, 13 OcTOBRe 2011

ChaMbre

des déPutés

Chamber TV

weist all

öffentlech

Sëtzung

live an integral

w M. François Bausch (déi gréng).- Fir säin

Intérêt. Dat ass jo evident.

w M. Jeannot Krecké, Ministre de l’Économie

et du Commerce extérieur.- Ma neen, hie geet

kucken...

w M. le Président.- Här Bettel, loosst de Minister

äntwerten!

w M. Jeannot Krecké, Ministre de l’Économie

et du Commerce extérieur.- Hie geet... Also, Här

President, wann ech gelift, ech hu si jo och net

ënnerbrach.

(Interruption)

w M. le Président.- Jo, jo. Dir kritt déi Äntwert

elo, an da kënnt...

w M. François Bausch (déi gréng).- Dir sidd

elo e bësse schlecht drun.

(Interruptions diverses)

w M. Jeannot Krecké, Ministre de l’Économie

et du Commerce extérieur.- Et ass evident, et ass

an all Projet esou. Wann ech muer e Geschäft

opmaachen, kucken ech, ob op där Plaz, mat

deem Angebot, wat ech wëlles hunn ze maachen,

ob dann déi Rechnung bei mir opgeet.

Duerfir maachen ech fir d’Éischt...

(Interruption)

w M. le Président.- Neen, Här... Loosst elo

fir d’Éischt de Minister äntwerten!

w M. Jeannot Krecké, Ministre de l’Économie

et du Commerce extérieur.- Duerfir maachen ech

fir d’Éischt eng Etüd, an déi ass gemaach ginn.

An déi gehéiert dem Promoteur. A wann ee se

gär consultéiere géif, da geet e bei en an e freet

en, ob en déi kann... Et ass eng reng privat

Etüd, an e wäert nach staunen, wat do vu Konklusiounen

erauskomm ass, wat d’Etüd vun der

Stad Lëtzebuerg ubelaangt.

w Une voix.- Eng reng privat Etüd.

w M. le Président.- Do waren awer dräi

Froen, Här Wirtschaftsminister, wann Der erlaabt.

Mä vläicht der Rei no, den Här Helminger

hat d’Wuert gefrot, den Här Hoffmann an nach

eng Kéier den Här Bausch.

w M. Paul Helminger (DP).- Här President,

et ass dach en Ënnerscheed tëschent engem

Businessplang, deen effektiv e Promoteur opstellt,

fir ze justifiéieren, ob säi Plang opgeet

oder eng Chance huet, fir opzegoen oder net.

Hei si mer jo awer net nëmmen... oder wa

mer dat elo haut héieren, da muss ech soen, da

verstinn ech d’Welt awer guer net méi. Wa

mer elo haut nëmmen nach an engem Projet

vu privater Promotioun sinn, da verstinn ech

iwwerhaapt net, woufir dass d’Regierung sech

engagéiert a seet, et wier e Projet d’intérêt national.

Wann et awer e Projet d’intérêt national ass,

mat allem, wat dozougehéiert, dann ass et déi

verdammte Flicht vun der Regierung, fir ze

kucken , wat fir eng Répercussiounen dee Businessplang,

deen de Promoteur virleet, op de

Rescht vum Land huet. An et ass net um Promoteur,

fir déi Etüd ze maachen, mä et ass un

der Regierung, fir déi ze maachen!

A wann Dir doriwwer Problemer hutt mat där

Etüd, déi d’Stad Lëtzebuerg gemaach huet, da

solle mir eis vläicht eng Kéier zesummesetzen,

fir ze kucken, wou déi Problemer sinn. Et kann

dach net sinn, dass Dir einfach tëschent dem

Promoteur an enger Etüd, vun där Dir anscheinend

schonn, opgrond vun de Konklusioune

vum Promoteur, mengt, se wier näischt wäert,

géift décidéieren, dat do ass an der Rei. Dat

kann et dach net sinn!

w M. Jeannot Krecké, Ministre de l’Économie

et du Commerce extérieur.- Bon, ech proposéieren

- mä et ass awer net meng Décisioun -,

dass déi Etüden öffentlech gemaach ginn, da

ka jiddweree sech domat ausenanersetzen a

sech selwer e Bild maachen, ob et seriö genuch

ass oder net. Dat ass dat Éischt.

w M. Paul Helminger (DP).- Ma, ech fannen

et iwwerhaapt komesch, dass hei de Wirt-

An der Gemeng Déifferdang

um Kanal S29

An der Gemeng Diddeleng

um Kanal S32

An der Gemeng Nidderaanwen

Kanal S29

An der Gemeng Bartreng

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

Zu Walfer

um Kanal S29 / 367.25 Mhz

Zu Biwer an zu Wecker

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

An der Gemeng Bous

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

An der Gemeng Bërmereng

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

An der Gemeng Konter

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

An der Gemeng Dippech

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

schaftsminister an net de Mëttelstandsminister

de Promoteur vun deem Déngen ass.

(Interruptions diverses)

w M. le Président.- Ech hätt elo gären, wa

mer géifen der Rei no fueren. Den Här Hoffmann

hat d’Wuert gefrot.

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- Also, de

Punkt ass net, ob déi Etüd öffentlech gemaach

gëtt oder net - dat ass zwar och interessant a

wichteg, mä dat ass net de Punkt. De Punkt

ass, wat eng Etüd ënnersicht vun engem private

Promoteur a wat op där anerer Säit eng

Etüd ënnersicht, déi vun der Regierung selwer

an Optrag gi gëtt.

De private Promoteur, dee ka rechnen. Hien zitt

en Deel vun der Kafkraaft, hie bréngt et fäerdeg,

hien zitt en Deel vun der Kafkraaft aus anere Regiounen

op sech. Dann ass hien zefridden.

Wann domadder op anere Plaze Geschäfter futtiginn,

respektiv op enger anerer Plaz Aarbechtsplazen

ofgebaut ginn, da spillt dat am Businessplang

keng Roll. Am Géigendeel, dat ass dann

en faveur vun deem private Promoteur.

Fir déi do Auswierkungen...

w M. Claude Meisch (DP).- Wat eng Leçon

fir d’Sozialisten!

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- Fir déi

do Auswierkungen ze iwwerkucken, do brauch

een eng onofhängeg Etüd. An déi kann nëmme

vun der Regierung an Optrag gi ginn an natierlech

dann och vun der Regierung finanzéiert

ginn.

w M. le Président.- Okay. Elo kritt nach...

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- Wéi mir

zu Esch konfrontéiert ware mam Standuert

Belval, hu mir enger däitscher Firma, déi näischt

mat engem Promoteur ze dinn hat, den Optrag

ginn - Empirica war dat -, fir ze kucken: Wéi

entwéckelt dat do sech? Wéi entwéckelt do

d’Verhältnis sech tëschent Belval an dem Stadzentrum

vun Esch? An esou weider an esou

fort. Wéi gutt déi Etüd ass, dat ass eng aner

Fro. Mä esou ass awer de Wee!

An der Gemeng Dikrech

um Kanal S19 / 287.25 MHZ

Zu Iermsdref

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

Zu Esch-Sauer

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

Zu Nidder- an Uewerfeelen

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

An der Gemeng Gréiwemaacher

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

An der Gemeng Hieffenech

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

An der Gemeng Hesper

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

Zu Kielen (& Brameschhaff),

Keespelt, Meespelt,

Ollem an Nouspelt

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

An der Gemeng Mamer

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

An der Gemeng Manternach

um Kanal S40 / 455.25 Mhz

An der Gemeng Medernach

um Kanal S40 / 455.25 Mhz