You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
maach. Dat soll dann an d’Chamber kommen,

datt mer am Laf vun 2014 net ufänke mat plangen,

mä datt de Bau ugefaange ka ginn, datt

d’Pläng fäerdeg sinn. Datselwecht gëllt fir Déifferdeng.

An deem Kontext hunn ech och kee Problem,

déi Motioun unzehuelen, déi Der iwwer Mondorf

hei déposéiert hutt, well ech menge wierklech,

datt d’Planificatioun och elo soll iergendwou

gemaach ginn, datt mer, wa mer d’Finanzméiglechkeeten

hunn, och direkt kënnen

ufänke mat deem Bau, sou datt ech dann hei

de Fraktioune proposéieren, datt mer déi, esou

wéi se elo formuléiert ass... ausser, Här Etgen,

„Clerf“ misst Der „Clervaux“ schreiwen.

(Hilarité)

w M. Fernand Etgen (DP).- D’accord.

w M. Claude Wiseler, Ministre du Développement

durable et des Infrastructures.- Da sinn

ech d’accord dermat, okay!

(Interruptions et hilarité)

An da seet den Här Etgen - ech muss dat awer

och verbesseren - Prioritéite setzen ass net, déi

Projeten erauswielen, déi net solle gebaut ginn.

Ech wëll just soen, dat kann ech unhuelen, mä

Prioritéite setzen ass awer och décidéieren, wat

fir eng gebaut ginn a wat fir eng net gebaut

ginn. Prioritéite setzen heescht awer och, datt

een décidéiere muss - a Prioritéite setzen

heescht awer net, datt een d’Lëscht vun alle

Projeten, déi ee sech nëmme kann erdenken,

opzielt a seet, dat do wären déi, déi mir gebaut

hätten -, well si sinn alleguer prioritär! Dat

heescht awer och, kloer an däitlech, datt ee

muss eng Kéier soen, wat ee wëllt bauen a wat

een net wëllt bauen, well een et net ka bauen

dëse Moment, mä datt een et op spéider verschiebt.

Dat heescht awer Prioritéite setzen,

précisément.

Dann zu der Madame Lorsché, e puer Punkten,

déi ech awer wëll kloerstellen. Dir hutt gefrot:

„Wéi kann ee kontrolléieren, wann eng Entreprise

eppes baut, datt et och duerno esou ass?“

Do gëtt et am Prinzip de Cahier des charges.

Wann ee prezis genuch ugëtt, da baut d’Entreprise,

an d’Entreprise, déi muss dann..., da

gëtt duerno am Fong dat, wat agebaut ginn

ass, ofgeholl, an dat muss deene Konditiounen

entspriechen, déi am Cahier des charges

stinn.

Dat ass am Fong déi eenzeg Aart a Weis, déi

een huet, fir ze kontrolléieren, ob et effektiv am

Bau esou ass, wéi dat wat geliwwert ginn ass.

An duerno mussen d’Resultater natierlech gekuckt

ginn, au fur et à mesure vun dem Gebrauch

vun engem Gebai. Mä et ass ëmmer

d’Prezisioun vun engem Cahier des charges,

déi engem d’Méiglechkeet gëtt, eng minimal

Kontroll ze maachen. Eppes anescht huet een

net.

Wat d’Energiespueren ugeet, do ass et ganz

kloer esou, datt mer eis an deene Projeten, déi

mer ëmmer maachen, am Fong en Energiesystem

erauswielen, deen esou einfach wéi méiglech

ass. Genau well mer wëssen, datt déi Leit,

déi domat schaffen, d’Portieren oder anerer,

déi dat musse kënne bedéngen, natierlech heiansdo

Schwieregkeeten hunn - wann s de muss

Ingenieur sinn, fir de System ze bedéngen!

Duerfir: esou einfach wéi méiglech, natierlech

Belëftung, natierlech Ofkillung, natierlech Erwiermung,

datt am Fong esou mann wéi méiglech

muss gehandhaabt ginn an datt et esou

einfach wéi méiglech - haaptsächlech, wann

och nach Schüler dra sinn -, esou einfach wéi

méiglech ka gemaach ginn.

An déi zwee Projeten, déi mer hunn, den Ettelbrécker

LTPS an d’Naturverwaltung, sinn energiepositiv

Gebaier, mä si wäerten awer eis elo

emol haaptsächlech déngen, wa mer se bauen,

datt och d’Administratioun kann Experienze

kréien, wéi et geet a wéi mer dat sollen uerdentlech

ëmsetzen. A wa mer déi Experienzen

hunn, hoffe mer automatesch, datt eis Entreprisen

d’Experienz kréien, a sécherlech hunn

och d’Entreprisë vu sech aus Formatioune genuch

gemaach, fir op déi do Saachen awer hir

eenzel Membere virzebereeden. Et ass sécherlech

een Challenge, a mir mussen och kucken,

datt d’Lëtzebuerger Entreprisen an deem ähnleche

Rhythmus kënne mathalen, datt mer dat

kënnen ëmsetzen.

Zum Här Henckes e puer Saachen. D’Kasären

um Härebierg musse gebaut ginn - mä d’Ka sären

um Härebierg, Här Henckes, sinn am gaang

ëmgebaut ze ginn! Et ass elo de toute façon

schonn de ganzen Ëmbau vun de Kanalisatiounen,

vun dem ganze System, deen amgaangen

ass gemaach ze ginn. Duerno sinn an

der Planificatioun déi ganz Projeten, wat den

Hall logistique ugeet, an da kommen och déi

26

Séance 3 JeUdi, 13 OcTOBRe 2011

www.chd.lu

Projeten, wa mer vun de Kasäre selwer, dem

Bau selwer schwätzen, et ass e ganzen Ensemble

a fënnef Etappen, wou mer amgaange sinn,

wou eng no där anerer selbstverständlech muss

ëmgesat ginn.

Dir hutt vum Tram geschwat a vun den Études

environnementales, déi do gemaach ginn. Dat,

wat domat gemengt ass, Här Henckes, dat ass

eng normal Prozedur. Mir nennen dat am technesche

Jargon 97/11/CE-Prozedur, wat eng

europäesch Direktiv ass, an déi Direktiv gesäit

vir, datt s de bei all groussem Projet, deen iergendwelchen

Impakt huet, muss déi Etüd maachen.

A mir maache se net hei, well et nécessairement

en Impakt op den Environnement

naturel huet,...

w M. le Président.- Här Minister, Dir misst

zwar lues awer sécher zum Schluss kommen!

w M. Claude Wiseler, Ministre du Développement

durable et des Infrastructures.- Lues,

awer sécher!

(Interruptions)

Neen, loosst mech elo dem Här Henckes äntwerten.

Dir hutt mech elo aus dem Konzept

bruecht, Här President.

w M. Jacques-Yves Henckes (ADR).- Mir

ginn him nach e bësse Riedezäit vun ons!

w M. le Président.- Dir maacht déi Etüd,

fir...

w M. Claude Wiseler, Ministre du Développement

durable et des Infrastructures.- Mir maachen

déi Etüd net onbedéngt, well et sech ëm

den Environnement naturel handelt - ausser bei

enger klenger Partie hanne bei dem Bësch, do,

wou mer de Centre de remisage bauen -, mä

haaptsächlech, well d’Direktiv och virgesäit,

datt mer mussen agoen op den Environnement

humain. An evidenterweis huet natierlech en

Tram an enger Stad eng Influenz op déi Leit,

déi do wunnen, an op hir Ëmwelt. An duerfir

muss studéiert ginn, wat dat ass.

An et ass gesot ginn, an et ass och hei virgesinn,

datt déi ganz Prozedur - an dat gëtt 2012

da gemaach - eng gréisser Publizitéit muss

hunn, datt muss kënne consultéiert ginn an

datt d’Leit musse kënnen an all Detail informéiert

ginn, an dat ass eben dat, wat 2012

usteet.

(Interruptions diverses)

w M. Gast Gibéryen (ADR).- ...well déi geet

laanscht de Rousegäertchen op der Paräisser

Plaz.

w Une voix.- Déi aner wär méi schlëmm gi

wéi déi hei!

w M. Claude Wiseler, Ministre du Développement

durable et des Infrastructures.- Däerf ech

weiderfueren?

w M. le Président.- Här Minister, fuert virun!

w M. Claude Wiseler, Ministre du Développement

durable et des Infrastructures.- Okay, dee

leschte Punkt ass fir den Här Negri, deem ech

wollt soen, datt evidenterweis - Dir hutt vun

der Gare Zéisseng geschwat a vun der Streck

Esch-Lëtzebuerg - d’Streck Esch-Lëtzebuerg

mo mentan wierklech net dee Besoin ass, dee

mer prioritär hunn. Duerfir, et ass eng vun

deene Saachen, déi elo net um Programm momentan

stinn. D’Gare Zéisseng ass an den

Dimen siounen, esou wéi se geplangt war, eng

Gare, déi sënnvoll ass, wann ukënnt do op där

enger Säit natierlech déi Escher Streck, op där

anerer Säit awer och den Tram, dee jo an enger

zweeter Etapp soll dohinner gebaut ginn, esou

datt mir der Iwwerzeegung sinn, datt déi Hollerecher

Gare elo fir déi nächst 10, 15, 20 Joer

sënnvoll ass, an den Ausbau.

An da muss ee sech iwwerleeën, wann den

Tram eng Kéier bis dorower kënnt - mä dat ass

dann an enger zweeter Etapp, wann déi ganz

Hollerecher Strooss nei gebaut ass, wann dee

ganze Quartier ëmgebaut ass, dat brauch nach

eng Rei Joren! -, da musse mer erëm iwwert déi

Zéissenger Gare schwätzen, wéi wäit se sënnvoll

ass an a wat fir engem Kontext mer se da

bauen.

An dat Lescht, dat ass, déi lescht Saach, dat ass

déi - neen, den Här Hoffmann huet och nach

eng, dann ass dat hei déi virlescht -, dat ass déi

Geschicht vun dem Zuch ënnert der Rouder

Bréck, wann en do hält, a mir huelen déi Zich

aus Frankräich, der Belsch an deelweis aus

Däitschland dohinner, do huet d’CFL ganz genau

gekuckt, wat d’Planificatioun ka sinn. Et

kann ee sechs Zich d’Stonn dohinner leeden,

an d’Fro ass: Wou kënne se gedréit ginn? Dat

ass och gekuckt ginn: Et sinn Dummeldeng,

Luerenzweiler a Miersch, wou op deene Garë

Raum genuch ass, fir déi Zich kënne stoen ze

loosse respektiv zréckzehuelen. Éier mer esou

eppes avancéiert hunn, huet d’CFL dee ganze

Plang eng Kéier duerchgekuckt, fir eis déi Méiglech

keeten do ze soen. Ech krut gesot, dat géif

kloer an däitlech goen, soss hätte mer dat

heiten net avancéiert als Projet, an ech ginn

dovunner aus, datt dat och da klappt.

An dat Lescht, dat ass déi Fro, déi den Här Hoffmann

gestallt huet. Ech verstinn, datt dat fir

hien a fir ganz vill aner Leit eng ganz wichteg

Fro ass, well et einfach eng ass, déi vu Sensibilitéit

ofhänkt. Mir hu se momentan net am Programm

stoen, mir musse kucken, wéini et

finan ziell méiglech ass. Ech kann Iech awer momentan

keng Äntwert doriwwer ginn. Ech huelen

deen do Wonsch an déi do Ugeleeënheet,

déi Iech um Häerz läit, als lescht Ugeleeënheet

da mat.

Merci.

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- Merci.

w M. le Président.- Merci dem Här Nohaltegkeetsminister.

Domadder wier d’Diskussioun

ofgeschloss.

Motions

Mir kommen elo zur Ofstëmmung iwwert

d’Motiounen. Fir d’Éischt d’Motioun N°1, déi

vum Här Fernand Boden agereecht ginn ass.

Motion 1

Kënne mer do à main levée ofstëmmen?

Vote sur la motion 1

Wien ass mat där Motioun d’accord?

Wien ass do dergéint?

Wien enthält sech?

Domadder wär déi Motioun mat enger grousser

Majoritéit ugeholl.

Motion 2

Da kënnt nach d’Motioun N°2 vum Här

Fernand Etgen. Do hunn ech verstanen, datt

den zoustännege Minister déi kéint unhuelen.

Kann ech dann och dovunner ausgoen?

Den Här Fayot freet awer nach dozou d’Wuert.

w M. Ben Fayot (LSAP).- Här President, ech

wollt just eng Fro stellen iwwert deen éischte

Considérant. Do seet d’Motioun: «saluant la

décision du Gouvernement de lever la mise en

suspens des projets de lycées prévus à Clervaux

et à Differdange;». Mir si selbstverständlech

frou, wann d’Aarbechten dorunner viruginn,

mä ech hat verstanen, wann ech dat elo richteg

gesinn hunn, dass mer e Plan sectoriel

hätten , an deem waren déi Lycéeën do an der

zweeter Rei, no där éischter Rei, wou Jonglënster

- wat nach? - do war. Elo froen ech, déi

Formulatioun: «lever la mise en suspens», ob

dat ganz stëmmt.

w M. Claude Wiseler, Ministre du Développement

durable et des Infrastructures.- Also, ech

woen net, wann den Här Fayot d’Interpretatioun

an engem franséischen Text mécht -

dee fréier mäi Franséischproff war -, him ze

soen, wéi ech et interpretéiert hunn, wann dat

liicht anescht war, wéi dat wat hie gemaach

hätt.

Elo soen ech emol, wéi ech et verstanen hunn.

Ech hunn et esou verstanen, datt mer... Mir

sinn de toute façon amgaangen, bei deenen do

zwee Lycéeë weider ze plangen. Do ass schonn

- ech hunn Iech et virdru gesot - den APS bei

Clierf fäerdeg, den APD ass amgaange gemaach

ze ginn. Mä den Här Frieden huet gesot,

si sinn elo fix 2014 och an de Programm,

de finanzielle Programm ageschriwwe ginn. An

ech hunn dat einfach als eng Interpretatioun

vun deem, wat den Här Frieden esou gesot

huet, verstanen. Wann et anescht gemengt

war, dann hätt den Här Fayot recht. Wann et

esou gemengt ass, mengen ech, kann een et

esou a priori stoe loossen.

w M. le Président.- Gutt, kënne mer dann à

main levée iwwert déi Motioun ofstëmmen?

Vote sur la motion 2

Wien ass domadder d’accord?

Dat schéngt mer d’Unanimitéit vun dësem

héijen Haus ze sinn. Domadder wär déi Motioun

ugeholl.

Fir haut de Mëtteg huet d’DP-Fraktioun eng

Aktualitéitsstonn iwwert d’Sécherheet vun der

Atomzentral zu Cattenom ugefrot. D’Riedezäit

ass hei nom Artikel 84 Alinéa 2 vum Chambersreglement

festgehalen a gesäit Folgendes vir:

Där Fraktioun, déi d’Aktualitéitsstonn ugefrot

huet, stinn zéng Minutten zou, deenen anere

Fraktioune jeeweils fënnef Minutten, de Sensibilités

politiques zwou Minutten an der Regierung

eng Véirelstonn. Et hu sech bis elo ageschriwwen:

déi Hären Negri, Gibéryen an Hoffmann.

D’Wuert huet elo den honorabelen Här Eugène

Berger als Vertrieder vun der DP-Fraktioun.

w Une voix.- An de Buergermeeschter hei vu

Réimech.

w M. le Président.- Et ass gutt, da schreiwe

mer den Här Buergermeeschter vu Réimech

nach derbäi.

4. Heure d’actualité du groupe DP

sur les normes de sécurité de la centrale

nucléaire de Cattenom et la politique

d’information de l’exploitant

de la centrale en question

Exposé

w M. Eugène Berger (DP).- Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, den 11.

Mäerz 2011 huet definitiv och dee leschte

Frënd vun der Atomenergie missen agesinn

hunn, datt et keng absolut Sécherheet bei

Atomkraaftwierker gëtt. Och wann - ech géif

bal soe leider - Fukushima net méi all Dag an

der Medienaktualitéit ass, strahlt et weider a Japan,

an d’Schied fir d’Ëmwelt an d’Leed fir

d’Mënsche sinn enorm!

De Misär fir d’Mënschen a Japan, mä och op

anere Plaze vum Planéit - well mir wësse jo och,

datt déi Strahlung, déi weidergeet, net nëmmen

eleng sech dohannen op Japan begrenzt,

mä praktesch iwwer all d’Landesgrenzen ewech

um Planéit sech ausdehnt -, dat wäert nach

laang undaueren, an et kann een och net ofschätzen,

mat wat fir enge Laangzäitfolgen een

alles muss rechnen. Eppes also ass definitiv

kloer ginn: D’Atomenergie ass net sécher! Si

wäert et och ni ginn, an dofir musse mer alles

maachen, fir definitiv aus dëser Energie erauszeklammen.

D’DP huet an deene leschte Joren a Méint ëmmer

erëm Propositioune gemaach, wéi een dat

ka maachen. Mir wëssen dat och alleguerten.

Mir hunn och do schonn e relativ grousse Konsens,

net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mä praktesch

weltwäit. D’Förderung vun erneierbaren

Energien, Energieeffizienz, an och besonnesch

hei zu Lëtzebuerg kéint ee ganz vill beim Energiespueren

am Hausbau maachen. Ech wëll och

nach eng Kéier vun der Geleeënheet profitéieren,

wéi ech dat all Kéier maachen, fir och nach

eng Kéier eise Modell vun enger Klimabank ze

rappeléieren.

Mir wëssen, et gëtt de Moment eng ganz Rei

Zentralen, déi a Betrib sinn, wou een net mëttelfristeg

mä kuerzfristeg eng Solutioun muss

fannen an am beschten och déi Zentralen esou

schnell wéi méiglech muss vum Netz huelen.

Dat sinn net Zentralen, déi wäit ewech leien, a

Japan oder iergendwou wäit a Russland, mä

ganz no bei eis: déi verschidden Atomzentralen

an der, géif ech soen, Groussregioun, déi ganz

problematesch sinn, wéi Chooz, Fessenheim,

Biblis - ech wëll se elo net alleguerten opzielen

-, a besonnesch jo och eng direkt niewent eiser

Hausdier hei, zu Cattenom.

(Mme Lydie Polfer prend la présidence.)

Ouni elo wëllen den Däiwel un d’Mauer ze molen

- mir haten am Fréijoer jo eng Debatt -, mä

mir sinn eis all bewosst, wann do eng Kéier

wierklech géif e Super-GAU zu Cattenom passéieren,

da géif Lëtzebuerg wuel vun der Landkaart

verschwannen. Mir mussen eis also dofir

kloer derfir asetzen, datt all déi Zentralen, a besonnesch

Cattenom, esou schnell wéi méiglech

zougemaach ginn.

Ech wëll drun erënneren, datt och e groussen

nationalen Aktiounscomité géint d’Atomkraaft

sech staark dofir asetzt. Bal 23.000 Bierger

hunn hei zu Lëtzebuerg - dat sinn der eng ganz

Rei! - eng Petitioun ënnerschriwwen a fuerderen

och, datt dës Zentralen, besonnesch Cattenom,

zougemaach solle ginn. D’lescht Woch ass jo

och déi Petitioun déposéiert ginn. Ech gesinn

och hei, de Gesondheetsminister ass jo do, an

hien hat jo och do d’Éier oder d’Laascht, fir déi

schwéier Këscht do dann an de Ministère eranzedroen.

D’Regierung ass also gefuerdert, fir

dësem Optrag esou schnell wéi méiglech dann

nozekommen, oder dëser Petitioun nozekommen.

Et ass jo och kloer: Cattenom däerf och elo net

eng Verlängerung vun hirer Lafzäit kréien. Si

huet schonns vill Joren um Bockel. An et gëtt

dann och ëmmer erëm nach Tëschefäll zu

Cattenom. Tëschefäll, wou et schwéier ass,

richteg erauszefannen, wéi eng Gravitéit se

hunn, a wou - et muss ee soen - d’Informatiouns

politik vun de Bedreiwer, der EDF, an och

vun den zoustännegen Autoritéiten a Fran kräich

ferm ze wënschen iwwreg léisst.

Sou gouf et fir d’Lescht den 19. Juli an der Zentral

en Tëschefall, wou anscheinend duerch e

Montagefeeler de Killsystem am Reakter 2 net

fonctionnéiert huet. Säit Fukushima wësse mer,

och alleguerten d’Laie wëssen, wann de Killsystem

ausfält, dat kann extrem problematesch

ginn.

Ech wëll elo net gesot hunn, datt hei elo wierklech

e seriöen Accident geschitt war, mä wat

mech, wat d’DP stéiert, dat ass, datt d’Informatioun

iwwert deen Inzident eréischt den 28.

Juli, also zéng Deeg duerno an d’Öffentlechkeet

komm ass. Och wann et vläicht e ganz klengen

Inzident war, deen net schlëmm war, ass et