You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
séieren, oder en Terrain zur Verfügung ze

stellen, oder finalement zur gudder Lescht dann

awer ze riskéieren, Schuedensersaz missen ze

bezuelen.

Nom Studéiere vun den Äntwerte vun der Regierung

stelle sech fir eis eng Rei vu Froen:

Huet d‘Regierung de Stat mat deem doten Accord,

mat deem dote confidentiellë Bréif engagéiert?

- Mir mengen, jo. Geet de Bréif iwwer

en „memorandum of understanding“, wéi et

d‘lescht Woch hei duergestallt ginn ass, eraus?

- Mir mengen, jo. Riskéiert de Stat hei finalement

musse Schuedensersaz ze bezuelen? - Mir

mengen, jo. Huet de Stat hei, huet d‘Regierung

hei e finanziellen Engagement geholl, an dat

laanscht d‘Chamber? - Och do menge mer jo.

Fir awer Kloerheet an deenen dote Froen ze

kréien, huet d‘Fraktioun vun der Demokratescher

Partei en Avis juridique an Optrag ginn,

an ech huelen dann un, wa mer dee virleien

hunn, da kënne mer nach eng Kéier iwwert déi

dote Froe weiderhin diskutéieren.

Da war ee vun den Themen, déi mer d‘lescht

Woch hei behandelt hunn, déi mer awer och

an der Finanzkommissioun an an der Comexbu

e Méindeg behandelt hunn, jo d‘Relatioun tëschent

engem vun de besotene Promoteuren,

der Spuerkeess, an och eenzelne private Persounen.

Ee vun de Sujeten do, op deen ech ganz kuerz

nach eng Kéier wëll hei zréckkommen, well

villes vun deem an der Kommissioun, mengen

ech, zum Deel ofschléissend behandelt gi war,

ass deen, ob dann elo d‘CSSF eng Warnung

erausginn huet am Zesummenhang mat den

Engagementer, déi d‘Spuerkeess geholl huet fir

de Promoteur vum Projet Léiweng.

D‘Äntwert vun de Responsabele vun der Spuerkeess

war ganz kloer neen. Ech hunn och nach

eng Kéier nogefrot, ob dat eng Warnung oder

eng Recommandatioun oder soss iergendwéi

en Dokument oder eng Aktioun gewiescht wär

an deem Zesummenhang. D‘Äntwert war ganz

kloer neen.

Wat awer feststeet, dat ass, datt Warnungen

erauskomm sinn iwwert den Immobiliësecteur

am Allgemengen, iwwert déi Risiken, déi hei an

enger Immobiliëblos amgaange sinn ze entstoen.

An dat sollt eis dach, och wann et net

am direkten Zesummenhang mat dësem Dossier

ass, sollt dat eis net egal sinn a sollte mer

dach kucken, eng Kéier seriö doriwwer ze

diskutéieren.

Ech mengen, sënnvoll wär et, do d‘CSSF, déi jo

déi Warnung do ausgeschwat huet, eng Kéier

an der Finanzkommissioun ze gesinn, fir ze

héieren, wéi eescht datt déi Risiken do ze huele

sinn.

Dann an dësem Dossier hu mer iwwer eng Rei

vun Interessenskonflikter misse schwätzen. Datt

de Generaldirekter vun der Spuerkeess Member

ass an dem Conseil d‘administration vun enger

Sociétéit, déi dem Promoteur vum Projet Léiweng

gehéiert. Datt deen Direkter säin Haus

och un deeselwechte Promoteur verkaaft huet.

Datt an deem Haus duerno de fréieren Ëmweltminister

gewunnt huet. Alles eenzel Faiten, déi

sécherlech kee Rechtsverstouss duerstellen, mä

trotzdeem dach eng ganz Rei vun Zoufäll sinn

hei an engem ganz enken Zäitraum, déi dach

matenee jo awer d‘Leit erstaunen dinn.

Duerfir wollte mer dat opgräifen, wat och dee

leschte Mëttwoch hei schonn an der Kommissiounssëtzung,

ënner anerem och vum Premier,

mat proposéiert ginn ass, nämlech sech eng

Kéier seriö Gedanken ze maachen iwwer e

Code de déontologie fir d‘Décideuren hei am

Land, fir Politiker, fir héich Statsbeamten, fir

och Décideuren an där enger oder där anerer

staatlecher Entreprise, fir datt esou Interessenskonflikter

wéi déi doten net an e falscht Liicht

geroden, Phenomeener wéi déi doten, datt ee

kloer och kann tranchéieren, wat geet a wat

geet net.

De Kolleeg Fränz Bausch vun deene Grénge

wäert dann och deementspriechend eng Motioun

herno hei abréngen, déi mer zesumme

mat hinnen ausgeschafft hunn.

Wat awer och opgefall ass d‘lescht Woch hei an

där doter Debatt, dat ass, wéi schlecht eigentlech

d‘Politique foncière vun der Regierung ass.

Wann d‘Ministere sech heihinner erkläre kommen

a soen, fir e Fussballstadion ze baue gëtt

et keng aner Plaz am Land wéi déi doten, dann,

mengen ech, huet d‘Regierung oder vläicht

hunn déi Regierunge virdru versot, fir dach

dem Stat déi néideg Terraine mat Zäiten ze reservéieren,

fir Terrainen opkafen ze goen.

Anscheinend - an och dat ass awer de leschte

Mëttwoch hei an der Kommissiounssëtzung

gesot ginn an eigentlech och confirméiert gi vu

30

Séance 3 JeUdi, 13 OcTOBRe 2011

www.chd.lu

Regierungssäit - si Privatpromoteuren amgaangen,

eng Hällewull vun Terraine ganz no bei de

Perimeteren, déi ganz interessant och leie fir

zukünfteg Développementer hei am Land, opzekafen.

Dat, mengen ech, soll eis wierklech ze

denke ginn, ob net de Stat do méi aktiv misst

virgoen, fir dach op d‘mannst mat deemselwechten

Engagement wéi eenzel Privatpromoteuren

ze kucken, sech eng Rei vun interessanten

Terraine mat Zäiten ze reservéieren.

Wat awer mech am meeschten opgereegt huet,

dat ass, datt mer aus dem Mond vum Wirtschaftsminister

Jeannot Krecké héieren hunn,

datt et offensichtlech eng Fuite gëtt, eng Fuite

vun Dokumenter iwwert d‘Plan-sectorielen,

datt offensichtlech Leit dobausse Bescheed

wës sen, wat fir eng Terrainen dann an Zukunft

wéi hei am Land solle kënne genotzt gi respektiv

wéi solle klasséiert ginn! Dat ass dat, wat de

Jeannot Krecké d‘lescht Woch hei an der Kommissiounssëtzung

gesot huet. An dat ass awer

och eppes, wat eis net dierf kalloossen, iwwert

dat mer net einfach esou däerfen ewechgoen!

Wann dat esou ass, da fannen ech et awer normal,

datt déi zoustänneg Ministeren, déi do

Kompetenzen hu fir déi Plan-sectorielen, sech

drusetzen an eng ganz seriö Enquête interne

do lancéieren, fir erauszefannen, wou déi Fuiten

dann do wann ech gelift sollten hierkommen.

Well wann et esou wär, da wär dat ganz,

ganz grave.

w Une voix.- Très bien!

w M. Claude Meisch (DP).- Dann zu Lescht

awer och nach e puer Wuert zum eigentleche

Projet Léiweng, iwwert dee jo och nach eng

Kéier an deem heiten Zesummenhang geschwat

ginn ass, och wa meng Fraktioun do

scho kloer Positioun virdru bezunn hat.

Mä et huet sech nach eng Kéier erausgestallt,

datt d‘Envergure commerciale vun deem Projet,

déi Surfacen, déi do geplangt sinn, 75.000

Quadratmeter, einfach ze vill importent sinn op

där enger Säit fir dat, wat Lëtzebuerg kéint

packen; op där anerer Säit einfach och doduerjer

hierkommen, well hei d‘Philosophie jo déi

war, datt esou vill Surface commerciale muss

geschafe ginn, fir datt op där anerer Säit duerch

déi Plus-value, déi geschafe gëtt, e Stadion sech

quasi géif matfinanzéieren. Dat ass an eisen Ae

sécherlech dee falsche Wee.

Wa mer Geschäftszentre maachen - a mir sollen

och nach Geschäftszentren zu Lëtzebuerg schafen

-, da musse mer kucken: Wat ass den Équiliber

tëschent Offer an der Demande, dee ka gehale

ginn? Da musse mer kucken: Wat sinn nei

Aarbechtsplazen, déi kënne geschafe ginn? Déi

sinn d‘lescht Woch hei genannt gi vun der Regierung,

awer gläichzäiteg déi och op d‘Wo

leeën op där anerer Säit, déi riskéieren, da verluer

ze goen a bestehende Commercer, a bestehende

Betriber. An och do kucken, ob dat sech

dann op d‘mannst den Équiliber kann halen.

Da musse mer awer och kucken: Wou sinn déi

richteg Plazen, fir esou Surfaces commerciales

hei am Land ze schafen?, virun allem fir dat

mat den Ae vun engem kohärenten Aménagement

du Territoire kënnen ze gesinn.

Hei ass et ebe just dorëms gaangen, en Terrain

ze fannen, deen duerch e Reklassement esou

vill Plus-value géif schafen, fir datt e Stadion

sech einfach géif matfinanzéieren. Dat solle

mer eigentlech an Zukunft net maachen, well

do ass dann och eppes derbäi erauskomm, wat

absolut net méi eisen eegene Regele vun der

Landesplanung entsprécht.

Wa Wickreng, wann d’Regierung seet, de Projet

Wickreng war net IVL-konform, a gläichzäiteg

seet se, de Projet Léiweng, dee wier IVL-konform,

a mer wëssen, datt zu Wickreng awer e

klenge Projet eigentlech sollt realiséiert gi par

rapport zu deem grousse Megaprojet, deen zu

Léiweng sollt realiséiert ginn, dann, mengen

ech, versteet kee méi, wéi dat doten, déi doten

Attitüd vun der Regierung nach konform ass zu

engem IVL, zu de Kritäre vun der Landesplanung.

D’lescht Woch huet dann och an der Chamber

hei de fréiere Sportsminister, de Jeannot Krecké,

erkläert, wéi et dozou komm ass, firwat en op

de Wee gaangen ass, fir zesumme mat privaten

Acteuren esou e Projet ze realiséieren, eng national

Infrastruktur ze realiséieren, well e gesot

huet, en hätt net gemengt, datt d’Chamber

him géif den Optrag ginn an de Go ginn, fir

dat eenzel als Lëtzebuerger Stat kënnen ze

bauen.

Nun, mir mengen awer, datt mer, wann ech

dat doten héieren, dann an der Chamber hei

sollen deen Optrag do ginn an der Regierung

mat op de Wee ginn: Da sicht wann ech gelift

en Terrain, wou mer separat e Fussballstadion

kënne bauen, wa mer deen da brauchen, wou

e gutt läit, wou e gutt ugeschloss ass, wou mer

déi Infrastruktur herno och nach vläicht fir aner

Zwecker kënnen notzen. A mer vergiessen awer

och op där anerer Säit dann déi Kombinatioun

tëschent Fussballstadion a Commerce, déi et jo

offensichtlech onméiglech gemaach huet, hei

en Terrain ze fannen.

Och an deene puer Stonnen, déi mer d’lescht

Woch hei zesummesouzen, hate mer jo eigentlech

herno bal an der Diskussioun, um Enn vun

där Diskussioun e Konsens iwwer e Standuert: Et

ass dee vum „Midfield“ gewiescht, dee sé cher -

lech, mengen ech, nach eng Kéier herno soll

analyséiert ginn, respektiv anerer och nach eng

Kéier solle gekuckt ginn. Mir sinn op jidde Fall

der Meenung, datt dat dee richtege Wee wier.

Wann et dat war, wat d’Regierung dru gehënnert

huet, op deen dote Wee ze goen, datt ebe

just den Accord vun der Chamber gefeelt huet,

da sollte mer haut deen Accord do ginn. Duerfir

hunn och d’Demokratesch Partei, d’Fraktioun

vun der Demokratescher Partei, an déi

gréng Fraktioun zesummen an deem Sënn eng

Motioun hei déposéiert, an ech huelen da jo

un, datt mer eng breet Majoritéit derfir haut

hei wäerte kréien.

Motion 1

La Chambre des Députés,

- tenant compte de la volonté du Gouvernement

à réaliser un projet de stade de football lié à un

centre commercial à Livange;

- considérant les répercussions négatives sur la

haute qualité écologique et paysagère du site, qui

a amené la commission d’aménagement en 2008

à formuler un avis négatif en vue d’une activité

commerciale;

- considérant les répercussions négatives du projet

sur le commerce existant, tant dans les pôles de

développement de la ville de Luxembourg et

d’Esch-sur-Alzette, que sur le commerce local dans

les villages avoisinants;

- considérant que les coûts d’infrastructure engendrés

par la réalisation du projet de Livange s’élèveront

à quelque 70 millions d’euros;

- considérant les déclarations de Monsieur le Ministre

des Sports lors d’une réunion jointe de la

Commission des Classes moyennes et du Tourisme

et de la Commission du Développement durable

en date du 19 mai 2010, qu’il estimerait les coûts

de construction d’un seul stade de football à

quelque 20 à 25 millions d’euros;

- alarmée par l’évolution des finances publiques

qui ne laissent qu’une marge de manœuvre très

restreinte à la réalisation de tels projets sportifs;

- constatant néanmoins que le Luxembourg ne

dispose actuellement pas d’un stade de football

correspondant aux critères de l’UEFA pour accueillir

des compétitions internationales;

- saluant les déclarations faites par Monsieur le

Ministre de l’Économie et Monsieur le Ministre des

Sports lors de la réunion jointe de la Commission

du Développement durable et de la Commission

de l’Éducation nationale et des Sports du 5 octobre

2011, laissant entrevoir qu’ils seraient favorables

à la réalisation d’un stade de football d’envergure

nationale, sans que celui-ci soit lié pour

autant à la réalisation d’un centre commercial;

invite le Gouvernement:

- à entreprendre les démarches nécessaires en

vue d’une réalisation d’un stade de football

d’envergure nationale;

- à abandonner le projet d’un stade de football lié

à un centre commercial sur le site de Livange.

(s.) Claude Meisch, François Bausch, Eugène

Berger, Fernand Etgen, Camille Gira.

Wat fir e Fazit kënne mer aus där doter Affär

zéien? Et ass, mengen ech, nach net all Fro definitiv

an ofschléissend beäntwert. A wéi ech

virdru gesot hunn, eng Rei vun Äntwerten

hunn nei Froen opgeworf, an eng Rei vun Äntwerte

mussen awer och nach eng Kéier op hir,

jo, op hir juristesch Konsistenz hin iwwerpréift

ginn. Mir mengen, datt een e PPP, en „public

private partnership“ wuel ka maachen, mä

awer net an där doter Form; datt dat dee falsche

Wee war, fir öffentlech Interessien a privat

Interessië mat ënner een Hutt ze kréien; datt

mer, wa mer e Stadion brauchen, dee vun der

öffentlecher Hand solle baue loossen.

Mir mengen awer och, datt dat doten nach

eng Kéier de Bewäis ass - an de Mëtteg hu mer

jo schonn doriwwer geschwat -, datt mer ganz,

ganz dréngend eis Instrumenter brauchen, fir

eis Landesplanung dann och wierklech kënnen

ëmzesetzen, fir och Planungssécherheet ze

kréien, fir och doduerjer méi attraktiv ze gi fir

Investisseuren, déi aus dem Ausland kommen.

Well wann der do kommen, déi soen, mir

wëllen e Projet zu Wickreng maachen oder zu

Léiweng oder soss iergendwou, an all Kéiers

gëtt dat deen Duerjerneen, wéi mer en hei

hunn, dat ass sécherlech net dat, wat mer brauchen

als Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, deen

Image de marque, dee mer do brauchen, fir attraktiv

fir Investitioune vu baussen ze sinn.

Mir brauchen eng aner Politique foncière. Dat

ass awer och eng ganz nei Konklusioun aus där

Debatt, déi mer hei d’lescht Woch gefouert

hunn. A mer sollen eis wierklech eng Kéier an

aller Rou zesummesetzen, fir ze kucken: Wéi

kënne mer esou eventuell Interessenskonflikter

tëschent privaten Interessien an öffentlechen

Interessien dann och regelen an auserneenhalen?

An och, wa Léiweng elo net gebaut

gëtt, ech mengen, dës Diskussioun hei, déi

wäert eis nach eng Zäitche beschäftegen, an

d’Konklusiounen, déi kënnen eis nach wäit

bréngen.

Merci.

w Plusieurs voix.- Très bien!

w M. le Président.- Ech soen dem Här

Meisch Merci. Als nächste Riedner ass den Här

François Bausch agedroen. Här Bausch, Dir hutt

d’Wuert.

w M. François Bausch (déi gréng).- Här President,

Dir Dammen an Dir Hären, ech wëll op

véier Punkten an där Debatt hei agoen, am

Zesummenhang mat der Geschicht Léiweng

respektiv alles dat, wat sech ronderëm an der

Diskussioun erausgestallt huet.

Beim éischte Punkt wëll ech zréckkommen op

dat, wat mäi Kolleeg Camille Gira an der Kommissioun

d’lescht Kéier hei opgeworf huet, wou

e sech beschäftegt huet nach eng Kéier mam

Historique vun deenen Terrainen do respektiv

domat, wat alles scho virgesi war, a mat den

Ursaachen, firwat datt déi fréier Reklassementer

net autoriséiert gi si vun deene verschiddenste

Ministeren.

An ech wëll virun allem nach eng Kéier zréckkommen

op deen zweete Refus vun 1991, deemools

vum deemolegen Ëmweltminister Alex

Bodry, well mir hu jo elo am Kader vun den

Äntwerte vun der Regierung hei eng Duerstellung

kritt, déi eigentlech relativ seltsam ass.

Et gëtt, éischtens, sech drop bezunn nëmmen

op den eigentlechen Naturschutz a virun allem

op d’Iwwerschwemmungsproblematik, an et

gëtt gesot, et wier jo par rapport zu deemools

haut eng ganz aner Situatioun. Bei den Iwwerschwemmungsgebidder

hat de Minister deemools

gesot, dat hunn ech iwwregens - also

d’lescht Woch gesot - relativ speziell fonnt, et

hätt een elo, ech mengen, en hat sech ausgedréckt,

mechanesch Méiglechkeete fonnt, fir déi

Iwwerschwemmungsproblematik do an de Grëff

ze kréien an Zukunft. Dat ass relativ speziell.

Mä wat mech virun allem schockéiert, dat ass

an den Äntwerten, wann ech liesen hei, datt

gesot gëtt, datt vun deemools op haut eng Rei

nei Faits accomplis geschitt wiere ronderëm déi

Zon, déi jo eng ganz aner Situatioun géifen

hierstellen.

Do gëtt, éischtens, drop higewisen, datt entretemps

vis-à-vis en Hotel gebaut gi wier, datt

d’Autobunn virgesi wier, fir déi do op sechs

Bunnen, also zweemol dräi Spuren auszebauen,

an datt donc déi Argumentatioun, déi den Här

Bodry 1991 gefouert hat, firwat en e Refus ginn

hätt fir deemools dee Projet aus Naturschutzgrënn,

net méi gi wier, well jo haut

souwisou d’Situatioun eng aner wier.

Bon, éischtens muss ee soen, wa mer den

Natur schutz esou seriö huelen, datt mer zwar

engersäits mengen 1991, et wier derwäert, datt

een dat als Naturschutzzon klasséiert, an dann

awer einfach lauter Faits accomplis schaaft ronderëm,

an dann einfach herno mécht, seet,

d’Situatioun hätt sech geännert, da fannen ech

dat relativ schlëmm.

Ech wëll och do soen, datt all normale Bierger,

all klenge Mann, deen e Gaardenhaischen

nëmme wëllt bauen hannenaus bei sengem

Haus, wann et an engem Naturschutzgebitt ass

oder nëmmen drukënnt, dee kritt dat refuséiert!

A mir ginn do als Stat, als Öffentlechkeet gi

mer e Bild of fir den normale Bierger dobaussen,

dat desastréis ass, well mer einfach hei

soen, et gëtt zwou Kategorië vu Bierger an

deem Land: Et gëtt den normale Bierger, dee

fir säi Gaardenhaischen net däerf dat maachen,

an et gëtt e Promoteur, deen, wann e wëllt,

alles duerchgesat kritt, wat e wëllt. Dat ass dat

Bild, wat mer ofginn, dat ass einfach desastréis,

a mir kënnen esou eng Argumentatioun wierklech

net akzeptéieren!

Et kënnt awer dann en anere Punkt derbäi, op

dee gëtt nach ëmmer net geäntwert. An zwar

huet de Camille Gira d’lescht Woch gesot, datt

net nëmmen d’Naturschutzgesetzgebung vum

Minister Bodry deemools ugewannt ginn ass,

fir de Refus ze maachen, mä och d’Gesetz

iwwert de Vulleschutz an d’Vulleschutzdirektiv

vun 1979. Am Text stoung, firwat de Refus gemaach

ginn ass. An an där Hisiicht huet sech

mat Sécherheet näischt geännert, esou datt mir

Iech wäerten hei viraussoen, datt Der hei wäert

Kloe kréie géint déi ganz Geschicht do, an datt

déi Kloen och, eiser Meenung no, ganz grouss

Chancë wäerten hunn, e Succès ze hunn; wa se

en net virun de Lëtzebuerger Geriichter hunn,

da mindestens beim Europäesche Geriichtshaff.

Well et ass eng europäesch Direktiv, déi hei dra-