22.06.2013 Views

La chambre Des Députés

La chambre Des Députés

La chambre Des Députés

SHOW MORE
SHOW LESS

You also want an ePaper? Increase the reach of your titles

YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.

Projet eng Chance hätt, oder ob och fir

d’Regierung dee Projet dout ass. Da soll se dat

kloer soen, da kann een nämlech dat Blat ëmdréien

an et kann een un en anere Projet seriö

erugoen.

Wann een natierlech elo hei seet als Regierung,

dee Projet wier nach net gestuerwen, an et fiert

ee virun, iwwer Wochen, Méint, vläicht Joren

nach ze diskutéieren, an et kënnt een awer net

zu engem Resultat, da muss d’Regierung och

selbstverständlech déi Responsabilitéit iwwerhuelen,

datt se dann ebe Méint a Jore weiderhin,

einfach aus Iwwerhieflechkeet, e Projet

wëllt an der Riicht halen, fir einfach net wëllen

anzegestoen zu engem fréien Zäitpunkt, datt

esou e Projet net gutt wier, datt en net iwwerliewensfäeg

wier an datt e gestuerwe wier.

Här President, an deene fënnef Minutten, wou

mer bleiwen, wëll ech duerfir op e puer méi

prezis Punkten agoen.

Mir waren déi leschte Kéier e bëssen enttäuscht,

datt bei deene sechs Regierungsvertrieder

am Fong dee Member vun der Regierung,

nämlech d’Madame Mëttelstandsministesch,

net derbäi war. Et ass sécherlech eng Ursaach

ginn. Duerfir si mer haut ëmsou méi frou,

datt se hei ass, well et ass nämlech hei un dem

Mëttelstandsministère, fir am Fong déi enorm

Surface vu Commerce, déi do soll entstoen, ze

autoriséieren.

Mir wëssen, datt d’Regierung - den Här Juncker

an zwee Ministeren - deene Promoteuren e

Bréif geschriwwen huet, wou se am Numm vun

der Regierung dee Bréif geschriwwen hunn a

gesot hunn, datt d’Regierung géif alles maachen,

fir datt déi Projeten do kéinte realiséiert

ginn. Duerfir geet d’Fro och un d’Madame

Mëttelstandsministesch, ob si deemools - well

dat jo am Numm vun der Regierung war, da

muss se och Bescheed gewosst hunn -, ob si als

Mëttelstandsministesch da wierklech bereet

war, deemools an och haut, fir esou eng grouss

Surface commerciale ze autoriséieren.

Ech soen nach eng Kéier, déi dräi Ministeren

hunn am Numm vun der Regierung geschwat,

an den Här Statsminister huet och hei gesot, de

Regierungsrot hätt en domadder befaasst, also

kënne mer erwaarden, datt dann d’Mëttelstands

ministesch ons och ka soen, datt si dee

Projet an där dote Gréisstenuerdnung autoriséiert

hätt. Oder huet si am Kader vun der Regierung

do hir Oppositioun ugemellt?

Dat Zweet, wat ech wëll wëssen, dat ass vun

deene Bréiwer, déi tëschent de Promoteuren an

der Regierung gelaf sinn, an de Kolleeg Claude

Meisch huet et och schonn hei ernimmt.

Schwätze mer hei wierklech vun enger Obligation

de résultat oder enger Obligation de

moyens?

Da soll d’Regierung eis och déi Fro nach eng

Kéier hei op dëser Plaz kloer beäntwerten. Well

wann et eng Obligation de moyens ass, da

wäert d’Regierung jo ni an déi Situatioun kommen,

wann aus deem Projet näischt gëtt, datt

de Stat belaangt gëtt, fir eng Indemnisatioun

ze bezuelen. Duerfir hätte mer also och gäre

vun der Regierung an där doter preziser Fro

eng Äntwert.

Här President, well dee Projet fir eis gestuerwen

ass a well den zoustännege Minister vun der

Ekonomie, e fréiere Sportsminister, den Här

Krecké, hei gesot huet, hien hätt keen Optrag

vun der Regierung, fir soss e Projet als Stadion

ze bauen, deen nëmmen e Stadion wier. En

huet awer och zur gläicher Zäit gesot, datt et

een Terrain hei zu Lëtzebuerg gëtt, nämlech

den „Midfield“ zu Hollerech…, Gaasperech villméi,

doënne bei dem Centre douanier, datt dat

een Terrain wier, wou ee kéint ee Stadion esou

bauen, ouni Surface commerciale, mä en hätt

keen Optrag vun der Regierung, fir esou eppes

ze maachen.

Duerfir, Här President, hu mir eis och erlaabt,

wéi dat deemools schonn ugekënnegt ginn ass,

fir eng Motioun hei ze deponéieren, fir dann

eben, wat den Här Minister net vun der Regierung

kritt huet, mä da vun der Chamber eben

en Optrag ze kréien, fir esou e Stadion op där

Plaz do ze plangen an ze bauen.

Ech hunn nëmmen eng Ënnerschrëft drënner

dropgemaach, Här President, fir och der CSV

an der LSAP an deenen anere Parteien

d’Geleeënheet ze ginn, fir déi Motioun do kënnen

ze ënnerschreiwen.

Motion 2

La Chambre des Députés,

considérant:

- que le stade de football «national» Josy-Barthel,

construit en 1931 et rénové en 1989-1990, ne

correspond plus aux normes sportives et de

32

Séance 3 JeUdi, 13 OcTOBRe 2011

www.chd.lu

confort actuellement requises pour les manifestations

sportives;

- que ni le stade Josy-Barthel, ni aucun autre terrain

de football situé au Luxembourg, n’est

conforme aux normes de la FlFA pour le déroulement

de compétitions internationales;

- les débats en cours concernant le projet de

construction d’un stade «national» à Livange,

dépendant de la construction d’un immense

centre commercial, y compris les explications des

ministres concernés à la Chambre des Députés;

- les coûts d’infrastructure à charge de l’État en

cas de viabilisation du site de Livange qui

dépassent le montant de 70 millions d’euros;

- que Monsieur le Ministre des Sports a déclaré le

5 octobre, lors de la réunion jointe des Commissions

du Développement durable, des Affaires intérieures

et de I’Éducation nationale et des Sports,

que le terrain «Midfield» situé à Luxembourg-Gasperich,

entièrement en propriété de l’État, offre

une surface suffisante pour la construction d’un

stade sportif d’envergure nationale;

- l’urgence pour la Fédération luxembourgeoise de

football (FLF) de disposer d’un stade aux normes

de la FIFA;

demande au Gouvernement

- de réaliser dans les meilleurs délais, en régie

propre, un stade sportif répondant aux normes de

la FIFA, au lieu-dit «Midfield» à Luxembourg-Gasperich.

(s.) Gast Gibéryen, Jean Colombera, Jacques-Yves

Henckes, André Hoffmann, Fernand Kartheiser.

Just e lescht Wuert. Et ass d’lescht Woch vill

iwwert d’Spuerkeess geschwat ginn, an ech

mengen, mir haten déi vun der Generaldirektioun

vun der Spuerkeess an der zoustänneger

Kommissioun. Ech mengen, do muss ee fairerweis

soen, datt vun der Spuerkeess-Säit hei an

dësem Dossier näischt Falsches, keng Illegalitéite

gemaach gi sinn. Dat ass op jidde Fall déi

Iwwerzeegung, déi mir no där Sitzung haten.

Dat Eenzegt, wat bleift, dat ass déi Fro vum

Conflit d’intérêts, wou och hei schonn d’Kolleege

virdru geschwat hunn, fir eventuell e

Code de déontologie ze maache fir Politiker, fir

héich Fonctionnairen oder fir Leit aus der

Spuer keess, déi och ee kann als Fonctionnairen

ugesinn, mä wou ech awer op där anerer Säit

soen, Här President, et ass awer op där anerer

Säit och en Aarmutszeugnis, wa mir als Politiker

higinn a mir soen, mir mussen eis e Code de

déontologie ginn, fir datt mer ons ebe korrekt

als Politiker verhalen.

Ech géif et besser gesinn, mir géife soen, mir

verzichten drop, a jiddwereen, opgrond vu senger

Éier a Gewëssen, deen engagéiert sech

esou hei an der Politik an a sengem private

Liewen , datt en net an déi doten Interessenskonflikter

géif kommen.

An ech mengen, mir hunn och doduerch, datt

mer déi Diskussioun opgemaach hunn, jo hei

enger Rei vu Regierungsmemberen d’Geleeënheet

ginn, datt se sech konnten dozou äusseren.

D’Spuerkeess-Generaldirektioun konnt

sech dozou äusseren. Ech mengen, op där enger

Säit si mir net géint e Code de déontologie,

mä ech soen awer genausou kloer, et ass och

en Aarmutszeugnis, wa mir als Politiker soen,

mir mussen eis e Code de déontologie ginn, fir

datt mer eis u verschidde Spillregelen halen,

déi menger Meenung no fir all Deputéierten an

all Politiker missten eng Selbstverständlechkeet

sinn.

Ech soen Iech Merci.

w Plusieurs voix.- Très bien!

w M. le Président.- Merci dem Här Gibéryen.

Als nächste Riedner ass den Här Norbert

Haupert agedroen. Här Haupert, Dir hutt

d’Wuert.

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- Här President,

hat ech mech net gemellt?

w M. le Président.- Dach, mä Dir kommt

nach drun. Dir waart kee vun de Signatairen,

duerfir kommt Dir zum Schluss.

w Une voix.- Et ass eng Steigerung.

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- Ah!

w M. Norbert Haupert (CSV).- Den Här

Hoffmann ass elo duerjerneen.

w M. André Hoffmann (déi Lénk).- A wéi

geet dat dann?

(Interruptions et hilarité)

w M. Norbert Haupert (CSV).- Här President,

Dir Dammen an Dir Hären, nodeems datt

d’lescht Woch am Kader vun enger öffentlecher

Kommissiounssëtzung en Débat iwwert d’Problematik

vun de Stellungnahme vun der Regierung

zu de Projete Léiweng a Wickreng stattfonnt

huet, wouriwwer en ausféierleche Rapport

virläit, an d’Regierung och nach zousätzlech

Äntwerten op weider Froe vun den Deputéierten

nogereecht huet, hunn ech mer d’Fro

vun dem Sënn an der Noutwendegkeet vun

engem weideren Débat hei an der Plénière gestallt.

(Brouhaha)

Et sief, et wéilt een de Projet „Fussballstadion

kombinéiert mat engem Akafszenter zu Léiweng“

reng sachlech a sengem sportlechen,

landesplanereschen, ëmweltproblemateschen a

kommerzielle Kontext beliichten. Dat ass bis elo

och deelweis geschitt, a well mir den Débat

esou verstan hunn, wéilt ech och meng Ausféierung

a meng Froen an deem Kontext

stellen.

Här President, wat de sportleche Kontext ubelaangt,

kann ee sech d’Fro stellen, ob eist Land

e moderne Fussballstadion brauch. E Stadion,

wou net nëmmen d’Éieregäscht, mä och déi

zahlend Zuschauer eng iwwerdeckte Sëtzplaz

virfannen. E Fussballsterrain, wou de Spectateur

no um Spill deelhuele kann an net duerch eng

Lafpist derzou forcéiert gëtt, op Distanz de

Fussballsmatch nokucken ze mussen.

w Une voix.- Très bien!

w M. Norbert Haupert (CSV).- Brauche mer

en Terrain, wou de Spiller déi néideg sanitär a

physiotherapeutesch Installatioune fir Soinë virfënnt?

E Fussballstadion, wou d’Press an uerdentleche

Konditioune schaffe kann? A last but

not least e Stadion, wou d’Federatioun déi néideg

Raimlechkeete virfënnt fir en dezenten Empfang

an d’Betreiung vun hiren nationalen an

internationalen Éieregäscht?

Dës Froe kann eis Fraktioun mat engem kloren

„Jo“ beäntwerten an dofir hu mir och d’Beméiunge

vum deemolege Sportsminister begréisst,

fir esou ee Stadion ze fannen. A well et

sech ëm en nationale Stadion handelt, si mer

och der Meenung, datt d’Regierung sech beméie

soll, fir datt de Projet esou schnell wéi

méiglech, ouni ze vill administrativ Hindernisser,

realiséiert ka ginn.

Well ech awer aus menger berufflecher Vergaangenheet

wousst, datt op deem virgeschloene

Site an den 90er Joren e Projet fir de

Bau vun engem Akafszenter aus ëmweltproblemateschen

a landesplanereschen Iwwerleeunge

verworf gi war, a well ech vun der Noutwendeg

keet vun engem moderne Fussballstadion

iwwerzeegt war an och nach sinn, am Géigendeel

zu deem, wat verschidde Leit mer deemools

ënnerstelle wollten, a well ech net wollt,

datt de Fussballstadion esou wéi de Velodrom

an enger „never-ending story“ ausaarte sollt,

hunn ech virun zwee Joer der Regierung d’Fro

gestallt, wat déi nei Momenter an d’Iwwerleeunge

wären, fir datt d’Ursaachen, fir an den

90er Joren en Akafszenter ze refuséieren, haut

net méi géife gëllen, Fro, op déi den Här

Bausch och haut schonn agaangen ass.

Här President, d’Fro, déi sech nach stellt, ass

déi vun der Kombinatioun vun engem Fussballstadion

an engem Akafszenter a vun der

„public private partnership“ fir de Bau vun esou

engem Komplex. Wann eng Privatentreprise

gewëllt ass, esou e Projet ze finanzéieren, da

kann een dat begréissen, wuel wëssend, datt ee

private Promoteur dat net aus renger Léift zum

Fussball an ouni kommerziellen Hannergedanke

mécht.

Hie brauch Commerçanten, déi bereet sinn,

sech an deem Komplex néierzeloossen, fir de

Projet ze rentabiliséieren. Dofir brauch hien eng

Autorisatioun vum Mëttelstandsminister, dee

bei senger Décisioun den Impakt vun esou

engem Projet op den nationalen a regionalen

Équiliber vum Commerce berücksichtege soll. A

well de Projet vun engem moderne Fussballstadion

en nationale Charakter huet, kann een

d’Beméiung vun der Regierung, fir de Projet

Wickreng, wou eng Autorisatioun vum Mëttelstandsminister

virlouch, mat dem Projet Léiweng

ze kombinéieren, och verstoen. Dës Beméiunge

gräifen awer net der Autorisatioun,

déi de Mëttelstandsminister am Kader vu Léiweng

muss ginn, vir.

Dofir wollt ech vun der Regierung wëssen, ob

eng Demande fir de Projet Akafszenter Léiweng

virläit a wellech d’Envergure vun dëser Demande

ass an ob déi Surface den nationalen a

regionalen Équiliber vun eisem Commerce a

Gefor bréngt. Des Weidere muss ee sech d’Fro

stellen, wat fir eng Nofolgekäschten d’Locatioun

an den Ënnerhalt vum Fussballstadion fir

d’Federatioun respektiv d’Regierung oder de

Lëtzebuerger Stat wäerten hunn, a wat geschitt,

wann de Komplex vum kommerzielle

Standpunkt eng eidel Schuel sollt bleiwen. Ausserdeem

wollt ech vun der Regierung wëssen,

wien d’Käschte vun de Stroosseninfrastrukturen

um Site vun dësem Komplex dréit.

Här President, net vun ongeféier maachen

d’Leit aus den ëmleienden Dierfer sech Suergen

iwwert den Impakt vum Akafszenter an och vun

de grousse sportlechen Evenementer op de

Verkéier an hiren Uertschaften. Dofir ass et

wichteg, vun der Regierung ze wëssen, wéi den

deegleche Verkéier, bedéngt duerch den Akafs-

zenter, souwéi den zousätzleche Verkéier bei

grousse Fussballsmatcher drainéiert ka ginn, fir

datt d’Liewensqualitéit vun de Leit aus deene

concernéierten Uertschaften net ze staark beanträchtegt

gëtt.

Et däerf een awer bei all deem net aus den Ae

verléieren, datt mer mat eisen allze vill enk gestréckten

Iwwerleeunge riskéiere kënnen, datt

ee Promoteur mat engem fir eis Ekonomie,

eisen Aarbechtsmaart an eise Sport interessante

Projet dësen ouni e Fussballsterrain déi Säit vun

der Grenz setze kéint, mat de Follegen, datt

mir, esou wéi am Fall vun IKEA, d’Avantagë

vum Projet verléieren an d’Nuisancë vum Verkéier

behalen.

Här President, zum Schluss wollt ech hei ënnersträichen,

datt eis Fraktioun fir de Bau vun

engem moderne Fussballstadion ass; datt deen

am Kader vun engem kombinéierte Komplex

Stadion-Akafszenter realiséiert kéint ginn, ouni

datt dat eng Konditioun muss sinn; datt en am

Interessi vun eisem Sport esou séier wéi méiglech

realiséiert sollt ginn, ouni den Autorisatioune

vun deene lokalen an nationalen Instanze

virzegräifen; datt dee Stadion um Site

Léiweng realiséiert kéint ginn, wann déi landesplaneresch,

ëmweltproblematesch a verkéiersproblematesch

Konditiounen et erlaben,...

(Brouhaha)

...an d’Bedenke vun den Awunner a Considératioun

gezu ginn, an datt alles net ausschléisst,

datt ee sech soll Gedanken iwwer en alternative

Site maachen.

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.

w Plusieurs voix.- Très bien!

w M. le Président.- Merci dem Här Haupert.

Als nächste Riedner ass den Här Ben Fayot

agedroen. Här Fayot, Dir hutt d’Wuert.

w Une voix.- Dir hutt gutt geschwat, héiert!

(Brouhaha)

w Une autre voix.- Ech mengen, datt déi

sech net vill méi ofschwätzen.

w M. Ben Fayot (LSAP).- Här President, de

Projet Léiweng huet jo virun de Wahlen, virun

de Gemengerotswahle grouss Welle geschloen.

Och hei an der Chamber,...

w Une voix.- Och nach haut!

(Interruptions diverses)

w M. Ben Fayot (LSAP).- ...virun de Wahlen,

an och hei an der Chamber, no de Wahlen. An

et ass kloer fir jiddwereen, deen e bëssen eppes

vu Politik versteet, dass souwuel d’Resultat vun

de Gemengerotswahlen zu Réiser wéi och déi

politesch Diskussioun zu deem Projet net kann

einfach esou op d’Säit gesat ginn a mat deem

Projet virugefuer gi wéi wa näischt gewiescht

wier.

D’Gemengewahle waren zwar kee Referendum

fir oder géint de Projet Léiweng,...

w Une voix.- Dach!

w M. Ben Fayot (LSAP).- ...mä déi Gemengewahlen

hunn déi politesch Verhältnisser an der

Gemeng Réiser geännert, zwar net bouleverséiert,

mä geännert. An dofir muss een natierlech

och ofwaarden, wat déi Verantwortlech

vun där Gemeng an deem Dossier wäerte maachen,

wann emol eng nei Koalitioun dosteet.

Natierlech gëtt et an deem Dossier dräi Acteuren.

Deen éischten, dat ass de Stat, dat ass

jo d’Regierung, där mir vis-à-vis hei stinn. Ech

wëll drun erënneren trotzdeem, dass an dem

Koalitiounsprogramm vun 2009 dee Projet

Léiweng als Programmpunkt steet, deen d’Regierung

weider wëllt féieren an dee se wëllt

realiséieren.

Ech wëll och drun erënneren, dass de Regierungsrot

den 23. Juli 2010 de Masterplang

approu véiert huet, deen en nationale Fussballstadion

mat enger kommerzieller Infrastruktur

virgesäit, mat Commercen a Servicer, déi de

Stadion finanziell solle viabiliséieren, dat

heescht, dee Stadion solle finanzéieren.

An ech erënneren och drun, dass de Regierungsrot

den 8. Juli 2011 seng Ënnerstëtzung

zu deem Projet widderholl huet, an zwar am

Zesummenhang mat dem Avis vun der Commission

d’aménagement iwwert d’Ëmännerung

vum Plan d’aménagement général vun der Gemeng

Réiser.

Wat d’Gemeng Réiser ugeet, dat ass jo en

incon tournabelen Acteur, an d’Zukunft vun

deem Projet hänkt natierlech vun deem of, wat

an där Gemeng geschitt. Ech mengen, déi politesch

Gemengeféierung an där Gemeng, déi

zukünfteg politesch Gemengeféierung soll also

kloermaachen, wat si mat deem Projet wëllt

maachen.

Ech erënneren och drun, dass den Innenminister

jo och nach eng Décisioun muss huelen

iwwert d’Délibératioune vun där Gemeng zu

der Reklasséierung, provisorescher Reklasséie-

Hooray! Your file is uploaded and ready to be published.

Saved successfully!

Ooh no, something went wrong!