INHALTSVERZEICHNIS / SOMMAIRE In dieser Nummer / Dans ce numéro ■ Gemeinderat / Conseil Communal 3 - 16 ■ Bevölkerung / Population 17 ■ Neue Projekte / Nouveaux Projets 18 - 19 ■ Veranstaltungen / Événements 20 - 27 ■ Mitteilungen / Informations 28 - 35 ■ Associations locales 36 - 39
Sandweiler Buet 10 - 11 Aweiung Duerfplaz Jemp Stein den 17. September 2011 Ried vum Scheffen Paul Ruppert Léif Awunnerinnen an Awunner, am Numm vum Scheffen- a Gemengerot sinn ech frou Iech op der Duerfplaz Jemp Stein ze begréissen. Chers habitants de la Commune de Sandweiler. Au nom du Collège Echevinal et du Conseil Communal je vous remercie d’être venu sur la place centrale Jemp Stein qu’on va inaugurer aujourd’hui. Famill Stein, léif Invitéen, dir Dammen an Hären aus dem Scheffen a Gemengerot, Här Architekt Bob Strotz, Vertieder vun de Sandweiler Vereiner, an den Betrieben, déi op dëser Plaz geschafft hun, ech stin haut den Owend hei nët nëmmen a menger politescher Funktioun als Scheffen, mé virun allem als Sandweiler Bierger dén hei opgewuess ass, an dén houfreg ass op dat, virwat mir haut hei feieren. Joerzengtelang war am Kär vu Sandweiler kaum nach en gemitterlecht Zesummekommen méigelech. Dén ville Verkéier durch d’Uertschaft huet nët nëmmen d’Uertschaft an 2 Deeler gedeelt – ech erennere mech dass iwert Unterführungen oder Überführungen nogeduecht gin ass – mé dén villen Autoverkéier huet och de Kär vun der Uertschaft regelrecht zerstéiert. Et war einfach nët flott fir sech hei opzehaalen, zevill staark waren déi negativ Aflëss vum Autoverkéier: Kaméidi, Ofgasen, Gefoor… Fester wéi d’Kiirmes oder Museksconcert’en sinn op méi roueg Platzen an der Uertschaft verluecht gin. Zenter e puer Joer ass d‘Verkéierssituatioun eng aaner an d’Méigelechkeet vun enger neier Duerfplaz huet sech ugebueden. De Schefferot dén aus de Wahlen vun 2005 erviirgangen war, huet gleich dëse Projet an Ugrëff geholl an an der Sëtzung vum Januar 2008 ass de Projet, dén vum Architekt Bob Strotz ausgeschafft gin war, vum Gemengerot a Präsenz vun allen Conseilljéen eestëmmeg – wat fir Sandweiler jo nët ëmmer evident ass - décidéiert gin. Et huet een an de leschte Méint während der Bauphase verschiddentlech och Kritiken héieren, z.B.: nët genuch Grengs, zevill Beton, virwaat sin déi Buedbidden gutt?, Wat kascht dat alles?… Den Här Strotz huet herno nach d’Gelegenheet selwer op sein Konzept anzegoen. Ech wollt just soen, dass den deemolegen Schefferot déi Ideen vum Architekt richteg fond huet, fir eng Platz ze schaafen, wou engerseits vill Raum soll sin fir eppes opzestellen – et ass un Fester mat enger Bühn an och un e Maart geduecht gin, wou befestegt Fläch néideg ass; an op der aanerer Seit soll déi Plaz ower och alueden fir ze bleiwen, fir sech wuel ze villen. Duerfir sinn esou Elementer wéi den Iwerdaach, d’Bänken, de Podium, d’Waasserspill an de Projet integréiert ginn. Mir weien haut déi Plaz an, wou déi Sandweiler Leit an Zukunft sech sollen zoufälleg begéinen, sech rendezvous gin, sech ophaalen, Fester feieren, asw. … et soll den zentralen Kär vun der Uertschaft Sandweiler ginn an eng wichteg gesellschaftlech a sozial Roll spillen. Et soll erem Liewen zereck kommen an de Kär vun der Uertschaft – a wann daat gelengt, da sinn déi 2,6 Mio €, déi d’Duerfplaz kascht huet, gutt investéiert. Ech soen allen corps de métiers déi op dëser Plaz geschafft hun Merci fir Aarbecht, gerad esou wéi eisem Gemengenpersonal an de Gemengenaarbechter ower och de Sandweiler Geschäftsleit an den Awunner fir hir Gedold mat dem Chantier. Wann een dat haut alles geseit muss een soen: Et war derwärt. Eis Duerfplaz soll de Numm droen vun engem Sandweiler Bierger, dem Jemp Stein. De Steins Jemp, dén ech d’Chance hat nach diirfen kennen ze léieren, huet duech seng détailléiert Zechnungen a sein Schaffen am Geschichtsverein vill derzou beigedroen, dass d’Geschicht vu Sandweiler konnt dokumentéiert gin. Hien huet z.B. e Kadaster mat de Stroosen an den Häiser opgestallt, wou een schéin geseit wéi d’Uertschaft sech iwert Joeren eraus entweckelt huet. Seng Aarbecht huet vill Leit a mech och schon ganz fréi faszinéiert, well et wichteg ass, seng Vergangenheet ze kennen wann een d’Zukunft wëll plangen. Mir war vun Ufang un kloer: Wat géif sech besser eegenen als Unerkennung vum Jemp Stein senger Aarbecht, wéi dës Plaz no him ze benennen. Ech sin frou, dass am Gemengerot dat konnt esou décidéiert gin, a mir wärten herno eng Erënnerungplaquette un de Jemp Stein, déi vum Geschichtsverein santwilre entworf ginn ass, präsentéieren. Merci och dem Marcel Wagner fir sein Artikel am Lëtzebuerger Wort Ech soen iech merci fir d’Nolauschteren a ginn d’Wuert wieder un den Bob Strotz, den Architekt vun der Duerfplaz.