Sandweiler Gemengebuet 2011 n°2
Sandweiler Gemengebuet 2011 n°2
Sandweiler Gemengebuet 2011 n°2
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
Sandweiler Buet

10 - 11

Aweiung Duerfplaz Jemp Stein den 17. September 2011

Ried vum Scheffen Paul Ruppert

Léif Awunnerinnen an Awunner, am Numm vum Scheffen-

a Gemengerot sinn ech frou Iech op der Duerfplaz

Jemp Stein ze begréissen.

Chers habitants de la Commune de Sandweiler. Au

nom du Collège Echevinal et du Conseil Communal je

vous remercie d’être venu sur la place centrale Jemp

Stein qu’on va inaugurer aujourd’hui.

Famill Stein, léif Invitéen, dir Dammen an Hären aus

dem Scheffen a Gemengerot, Här Architekt Bob Strotz,

Vertieder vun de Sandweiler Vereiner, an den Betrieben,

déi op dëser Plaz geschafft hun, ech stin haut

den Owend hei nët nëmmen a menger politescher

Funktioun als Scheffen, mé virun allem als Sandweiler

Bierger dén hei opgewuess ass, an dén houfreg ass op

dat, virwat mir haut hei feieren.

Joerzengtelang war am Kär vu Sandweiler kaum nach

en gemitterlecht Zesummekommen méigelech. Dén

ville Verkéier durch d’Uertschaft huet nët nëmmen

d’Uertschaft an 2 Deeler gedeelt – ech erennere mech

dass iwert Unterführungen oder Überführungen nogeduecht

gin ass – mé dén villen Autoverkéier huet

och de Kär vun der Uertschaft regelrecht zerstéiert.

Et war einfach nët flott fir sech hei opzehaalen, zevill

staark waren déi negativ Aflëss vum Autoverkéier:

Kaméidi, Ofgasen, Gefoor… Fester wéi d’Kiirmes oder

Museksconcert’en sinn op méi roueg Platzen an der

Uertschaft verluecht gin.

Zenter e puer Joer ass d‘Verkéierssituatioun eng aaner

an d’Méigelechkeet vun enger neier Duerfplaz huet

sech ugebueden.

De Schefferot dén aus de Wahlen vun 2005 erviirgangen

war, huet gleich dëse Projet an Ugrëff geholl an

an der Sëtzung vum Januar 2008 ass de Projet, dén

vum Architekt Bob Strotz ausgeschafft gin war, vum

Gemengerot a Präsenz vun allen Conseilljéen eestëmmeg

– wat fir Sandweiler jo nët ëmmer evident ass

- décidéiert gin.

Et huet een an de leschte Méint während der Bauphase

verschiddentlech och Kritiken héieren, z.B.: nët genuch

Grengs, zevill Beton, virwaat sin déi Buedbidden gutt?,

Wat kascht dat alles?… Den Här Strotz huet herno

nach d’Gelegenheet selwer op sein Konzept anzegoen.

Ech wollt just soen, dass den deemolegen Schefferot

déi Ideen vum Architekt richteg fond huet, fir eng Platz

ze schaafen, wou engerseits vill Raum soll sin fir eppes

opzestellen – et ass un Fester mat enger Bühn an och

un e Maart geduecht gin, wou befestegt Fläch néideg

ass; an op der aanerer Seit soll déi Plaz ower och

alueden fir ze bleiwen, fir sech wuel ze villen. Duerfir

sinn esou Elementer wéi den Iwerdaach, d’Bänken, de

Podium, d’Waasserspill an de Projet integréiert ginn.

Mir weien haut déi Plaz an, wou déi Sandweiler Leit an

Zukunft sech sollen zoufälleg begéinen, sech rendezvous

gin, sech ophaalen, Fester feieren, asw. … et soll

den zentralen Kär vun der Uertschaft Sandweiler ginn

an eng wichteg gesellschaftlech a sozial Roll spillen. Et

soll erem Liewen zereck kommen an de Kär vun der

Uertschaft – a wann daat gelengt, da sinn déi 2,6 Mio

€, déi d’Duerfplaz kascht huet, gutt investéiert.

Ech soen allen corps de métiers déi op dëser Plaz geschafft

hun Merci fir Aarbecht, gerad esou wéi eisem

Gemengenpersonal an de Gemengenaarbechter ower

och de Sandweiler Geschäftsleit an den Awunner fir

hir Gedold mat dem Chantier. Wann een dat haut alles

geseit muss een soen: Et war derwärt.

Eis Duerfplaz soll de Numm droen vun engem Sandweiler

Bierger, dem Jemp Stein. De Steins Jemp, dén

ech d’Chance hat nach diirfen kennen ze léieren, huet

duech seng détailléiert Zechnungen a sein Schaffen

am Geschichtsverein vill derzou beigedroen, dass

d’Geschicht vu Sandweiler konnt dokumentéiert gin.

Hien huet z.B. e Kadaster mat de Stroosen an den Häiser

opgestallt, wou een schéin geseit wéi d’Uertschaft

sech iwert Joeren eraus entweckelt huet. Seng Aarbecht

huet vill Leit a mech och schon ganz fréi faszinéiert,

well et wichteg ass, seng Vergangenheet ze

kennen wann een d’Zukunft wëll plangen.

Mir war vun Ufang un kloer: Wat géif sech besser eegenen

als Unerkennung vum Jemp Stein senger Aarbecht,

wéi dës Plaz no him ze benennen. Ech sin frou,

dass am Gemengerot dat konnt esou décidéiert gin,

a mir wärten herno eng Erënnerungplaquette un de

Jemp Stein, déi vum Geschichtsverein santwilre entworf

ginn ass, präsentéieren.

Merci och dem Marcel Wagner fir sein Artikel am Lëtzebuerger

Wort

Ech soen iech merci fir d’Nolauschteren a ginn d’Wuert

wieder un den Bob Strotz, den Architekt vun der Duerfplaz.