LG 226
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
86 LG

SEPTEMBRE 2019

SOCIÉTÉ

Partenariat tëscht

der Schëfflenger Gemeng

an SOS Faim: Co-Finanzement

a géigesäitege Respekt

Zanter 2015, wou SOS Faim sech zu Schëffleng installéiert hunn, hunn sech hir Relatioune mat

der Gemeng lues awer sécher konstruktiv entwéckelt. Laut dem Thierry Defense, Direkter

vun SOS Faim, gesäit et aus wéi wann dat sech an noer Zukunft nach wäert intensivéieren.

Konkret huet dat geheescht, dass si zwee

Subside vu jee 4.500 Eur kruten, ee vun

der Gemeng, an den anere vu “Schëffleng

Hëlleft”.

Mir wëllen ënnersträichen dass de lokale

Kontext an d’Initiative vun der Gemeng zu

konstruktive Relatiounen gefouert hunn.

Schëffleng huet net op SOS Faim gewaart

fir eng Politik zu Gonschten vun der

Ëmwelt an der internationaler Solidaritéit

ze initiéieren. D’Gemeng ass effektiv e

Member vum Reseau Klimabündnis an

ass och eng Fairtrade Gemeng, an am

Joer 2013 huet d’Gemeng “Schëffleng

Hëlleft” gegrënnt. Presidéiert vum

Buergermeeschter Paul Weimerskirch,

huet d’Associatioun generéis Subsiden u

verschidde Lëtzebuerger ONGe ginn.

D’Relatiounen tëscht der Gemeng an SOS

Faim hu sech virun allem am Joer 2018,

dem 25. Anniversaire vun SOS Faim,

intensivéiert. D’Gemeng hat nämlech

decidéiert fir ee Partner vun SOS Faim am

Burkina Faso finanziell ze ënnerstëtzen:

d’ ”Mutuelles de Solidarité” (MUSO).

D’MUSO sinn e Reseau vu ganz klenge

ländleche Spuerkeesen a Kreditinstituter

aus der Regioun Ouahigouya, am Norde

vu Burkina Faso. Dank där Ënnerstëtzung

hunn sech d’MUSO 2018 staark

weiderentwéckelt: hir Unzuel ass vu 583

op 668 geklomme – also em 15% -, an déi

gesammelt Erspuernisser sinn em 42%

eropgaangen. D’Unzuel vun de Clienten,

zu engem groussen Deel Fraen, ass em

20% gewuess. Trotz den Onsécherheeten

an der Regioun déi den Développement

vun de MUSO affektéieren, entwéckele

si sech awer mat vill Succès, zur grousser

Satisfaktioun vun hire Membere.

Enn 2018 gouf och eng Ausstellung iwwer

d’MUSO am Gemengenhaus gewisen.

Zousätzlech zu dëser Ënnerstëtzung ass

d’Gemeng Schëffleng a Gespréicher mat

SOS Faim fir d’Kreatioun vun engem

Animatiounsespace op hirem Territoire. Et

ass nach ze fréi fir an d’Detailer ze goen,

mä dëse Projet ass awer d’Resultat vun dem

steigende Vertraue vis-à-vis vun SOS Faim.

Dëse Partenariat ass nëmme méiglech dank

de Fraen a Männer déi di selwecht Wäerter

vu Solidaritéit deelen. n

Weider Informatioune fannt dir:

SOS Faim: www.sosfaim.lu

Gemeng Schëffleng: www.schifflange.lu