Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
3. Conservatoire de musique / 4. Relevé et rôle supplétif / 5. Subsides ordinaires / 6. Subsides extraordinaires

sortschäffen, den Här Tonnar fir d‘Organisation

scolaire provisoire 2012/2013.“

Schäffe Jean Tonnar (LSAP): „Jo, Merci,

Madame Buergermeeschter. Et ass effektiv

déi provisoresch Schoulorganisatioun.

Déi definitiv kënne mer selbstverständlech

eréischt am November stëmme wa mer

wësse wéi vill Elèven ageschriwwe sinn.

D‘Inscriptioune fänken dës Woch un a

ginn déi nächst Woch virun. Dir wësst

dass d‘Zuel ëmmer ronderëm eng 1.000

Elève sinn. Dat ass ëmmer déi Zuel déi

mer wëllen erreechen, déi mer och déi

lescht Joeren ëmmer haten a wou mer

och am Kapp musse behalen, vu dass

mer elo esou vill iwwer Studente

geschwat hunn, dass och eng Partie Studente

wäerten an e Conservatoire wëlle

goen. Duerfir kënnt do och eng Problematik

op eis duer.

Dir fannt hei fir d‘éischt mol d‘Enseignanten.

Déi sinn alphabetesch opgezielt

mat hirer Matière déi se enseignéieren.

Hir Zuel vun de Stonnen, hire Statut an

hire Grad. Dir fannt e puer déi mat Stabilo

agedroe sinn, déi wäerte mer nächste

Freiden ënner Personalfroen erëmfannen,

well dat si Personalfroen déi liicht Modifikatioune

kréie wou een e Contrat à durée

indéterminée kritt, wou ee manner Stonne

kritt, wou ee méi Stonne kritt an déi

hu mer nächste Freiden am Gemengerot

ënnert de Personalfroen. Dat si meeschtens

Enseignanten déi mer scho ganz

laang hunn an déi eng ganz gutt Aarbecht

maachen an ech wollt hei profitéiere

bei där provisorescher Schoulorganisatioun

fir där neier Direktioun an deem

ganzen administrative Personal wéi och

den Enseignanten an alles wat ëm eise

Conservatoire dréint, villmools Merci ze

soen. A mer si ganz frou, dass déi Transitioun

esou gutt iwwert d‘Bühn gaangen

ass an dass keng Problemer entstane

sinn, wat jo ëmmer ka si wann eng Direktioun

esou laang en place war an dann

an d‘Pensioun geet. Wat awer iwwerhaapt

net de Fall war.

Da fannt Dir e groussen Tableau mat

allem wat enseignéiert gëtt an dat gëtt

dann an deenen 10 Tableauen déi hannendru

kommen, eenzel opgelëscht,

Eveil, Formation musical, Solfège, all déi

déi dat gemaach hu wësse wat dat en

haarde Kampf ass. Mä et muss awer si

wann ee wëll Musek maachen. Tableau 3

Formation pédagogique, Chef de choeur,

Chef d‘orchestre, Formation vocale, dat

sinn alles wat mat Gesang ze dinn huet.

Clavier wat vu Piano iwwer Uergel, Clavecin,

Akkordeon geet. Formation instrumentale,

d‘Korden, Vents (bois), Dir hutt

all Matièren déi an eisem Conservatoire

enseignéiert ginn. D‘Cuivre, d‘Perkus-

sioun, Déchiffrage, d‘Lecture an d‘Transpositioun.

Da kënnt Musique de

chambre. Da kënnt Jazz, d‘Danzen a wat

och e ganz wichtege Punkt ass, d‘Diktioun

déi mer souwuel op däitsch wéi op

franséisch wéi op lëtzebuergesch ubidden.

Dir gesitt eis Offer am Conservatoire ass

ganz breet an ech géif Iech bieden déi

provisoresch Schoulorganisatioun esou ze

akzeptéieren. Si ass och mat engem Avis

favorable vun der Commission culturelle

déi sech dee Moment als Commission de

surveillance du Conservatoire zesumme

fonnt huet, approuvéiert ginn an ech

profitéieren dann och där Kommissioun

an hirer Presidentin e grousse Merci ze

soen.

A wann nach Froe sollte sinn, dann äntweren

ech gär, mä mir kommen am

November en détail doropper zréck mat

der Zuel vun den Elèven a mat den Taux

de réussite an esou weider. Ech soen Iech

villmools Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Tonnar. Kéinte mer dann zur

Ofstëmmung kommen?“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – Mme Taina Bofferding

– M. Daniel Codello – M. Marco

Goetz – M. Mike Hansen – M. Henri

Hinterscheid – M. Théid Johanns – M.

Martin Kox – Mme Lydia Mutsch – M.

Jean Tonnar – M. Paul Weidig – M.

Everard Wohlfarth

Le Conseil Communal approuve à

l’unanimité l’organisation scolaire

provisoire du conservatoire de musique

de l’exercice 2012/2013.

4. Relevé et rôle supplétif de

l‘impôt foncier pour les exercices

2010 et 2011; décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Mir kéimen da bei de Punkt 4, de Relevé

et rôle supplétif vum Impôt foncier fir

d‘Exercicer 2010/2011. Dir hutt d‘Chiffere

gesinn an Ärem Dossier. Mir wiere frou

do Ären Aval ze kréie fir dass mer déi

Suen offiziell an de Beidel kéinten eranhuelen.

Au vote.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Daniel Codello –

M. Marco Goetz – M. Mike Hansen –

M. Henri Hinterscheid – M. Théid

Johanns – M. Martin Kox – Mme Lydia

Mutsch – M. Jean Tonnar – M. Paul

Weidig – M. Everard Wohlfarth

Escher Gemengerot vum Freideg 6. Juli 2012

12

Le Conseil Communal approuve à

l’unanimité le relevé et rôle supplétif

de l’impôt foncier précité relatif aux

exercices 2010 & 2011.

5. Subsides ordinaires; décision

6. Subsides extraordinaires;

décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Mir kéimen dann zum Punkt 5 an och 6,

quitte dass mer se separat ofstëmmen,

vun de Subsides ordinaires. Dat eng sinn

déi Subsiden déi ëmmer vun den eenzelne

Kommissioune proposéiert ginn an

d‘Subsides extraordinaires sinn déi déi

vun eiser Subsidekommissioun proposéiert

sinn.

Wat de Volet vun den ausseruerdentleche

Subsiden ubelaangt, esou ass et d‘Vëlo-

Unioun Esch, d‘Association des Victimes

de la Route wou mer am Fong eng Memberskaart

huelen, eng Kotisatioun. An déi

aner Projeten hu mer als Dosser ONG

ausgewisen, wou mer mat den zoustännege

Gremie kucke wéi eng mer huelen,

well mer do därmoosse vill Demanden

hunn an am Fong just e puer Stéck pro

Joer huelen, esou dass et à ce stade just

déi zwou sinn. An déi aner sinn déi

regulär Subside vun den zoustännege

Kommissiounen. An da géinge mer wéi

all Kéiers nom nämlechte System an da

géinge mer Iech froe fir fir d‘éischt den

ordinäre Subsiden Ären Aval ze ginn.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – Mme Taina Bofferding

– M. Daniel Codello – M. Marco

Goetz – M. Mike Hansen – M. Henri

Hinterscheid – M. Jean Huss – M. Théid

Johanns – M. Martin Kox – Mme Lydia

Mutsch – M. Jean Tonnar – M. Paul

Weidig – M. Everard Wohlfarth – M.

André Zwally

Le Conseil Communal approuve à

l’unanimité la liste des subsides ordinaires.

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Dann de Vote vun de Subsides extraordinaires.

Och hei war keng Wuertmeldung.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – Mme Taina Bofferding

– M. Daniel Codello – M. Marco

Goetz – M. Mike Hansen – M. Henri

Hinterscheid – M. Jean Huss – M. Théid

Johanns – M. Martin Kox – Mme Lydia