Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
dann heescht dat och, datt een do Chancë

wäert hunn an den nächste Joeren och

schrëttweis nei Aarbechtsplazen ze schafen,

sief et an der Gastronomie oder bei

der Uleeung vu Vëlosweeër, an, an, an,

ouni do an den Detail ze goen. Ech

mengen also datt dat eng richteg Saach

ass.

Vum Tourismusministère ass schonn am

Virfeld hei dozou e sougenannte Masterplang

ausgeschafft ginn. Dat heescht e

sougenannten Aktiounsplang wou eng

gewësse Bestandsanalys scho besteet.

Ech wëll déi awer nach mat Hëllef vun de

Gemengen, mat Visiten an alle

Gemengen, bei de Syndicats d‘Initiatives,

wëll ech déi Bestandsopnam nach verfeineren,

datt mer wierklech da kënnen ausgoe

vun engem Ist-Zoustand an nach

den Aktiounsplang maache wéi mer deen

an deene kommende Joere wëlle perfektionéieren.

Dat gesot, géif ech Iech also proposéieren,

dat wat hei den eigentleche Punkt

um Ordre du jour ass, nämlech d‘Renovatioun

vun de Gebaier an der Dicksstrooss,

fir dat hei ze votéieren.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Huss. Den Här Zwally huet

sech gemellt.“

André Zwally (CSV): „Merci, Madame

Buergermeeschter. Éischtensmol wëll ech

deem neie President félicitéieren, dass hie

gewielt ginn ass. Mir wëssen, dass elo

wierklech vill Aarbecht op hien zoukënnt.

Et ass och esou, dass mir als CSV ëmmer

hei gesot hunn, dass et wichteg ass an

eng Weiderentwécklung vun den touristeschen

Attraktioune sech ze bedeelegen

an och als lokal Autoritéite versichen esou

vill wéi méiglech do kënnen erauszehuelen.

Och fir eis, respektiv och fir dat

wat déi Attraktiounen ubelaangt.

Ech hunn awer ëmmer hei gesot, an dat

ass e wichtege Bestanddeel dee mir eis

als CSV och hei wollte mentionéieren, dat

ass déi eenzel Aktivitéiten déi et hei am

Süde ginn. Do gëtt et de Musée des

Mines. Et gëtt d‘Entente Cockerill. Et gëtt

de Fonds de Gras, et ginn nach esou

kleng Aktivitéiten, oder grouss Aktivitéiten

innerhalb vum Süden. Et wier gutt

wann een op de Gedanke géif komme fir

déi och zesummen ze setzen. Et gëtt

effektiv am Ruhrgebitt esou eng Aktivitéit.

„Die Route der Industriekultur“

nennt dat sech, wou all Acteur vun deene

Leit mat dran ass a wou versicht gëtt och

op Grond vun deem Bestoenden dann

eppes auszeschafen, e Pak auszeschafen

oder eng Route auszeschafe wou ee kann

dohinner kloer iwwer d‘Beschëlderungen,

iwwert eis Mobilitéitsstrukturen déi mer

5. Implantation du siège de l‘Office Régional du Tourisme

hunn, dohinner komme fir dat kënnen ze

gesinn.

An deem Sënn, ech mengen de Standuert

vum Büro hutt Dir genannt an der

Dicksstrooss. Mir haten an der Kommissioun

eng Diskussioun doriwwer wat den

Invest ubelaangt. Mir waren och der

Meenung, dass een op de Wee soll goe

fir ze kucken ob een et energetesch kënnt

ëmsetzen, oder op d‘mannst aneschters

ëmsetze wéi dat wat ugedeit ass an dann

och zesumme mat deene Subsiden déi

een da ka kréie fir dat och kloer auszeriichten

esou wéi dat dann an enger

moderner Struktur kann ausgesinn.

An deem Sënn wäerte mer dëst dann och

mat ënnerstëtzen.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Zwally. Den Här Codello.“

Daniel Codello (LSAP): „Ganz kuerz,

well ech wëll et awer net zu enger Interpellatioun

iwwer Tourismuspolitik ausaarte

loossen. Dat kënne mer, do kënne mer

eis d‘Zäit nach eng Kéier huelen, wann

och vläicht den Här Huss, deem ech dann

och félicitéieren zu sengem neie Posten,

deen hie bestëmmt mat vill Dynamik

wäert ugoe wéi ech hie kennen, dee ka jo

mat engem éischte Rapport d‘activité

dann an engem Joer kommen. Ech wëll

just soe, Madame Buergermeeschter, ….

(Gelaachs)

Schäffe Jean Huss (DÉI GRÉNG):

„Guer kee Problem, Här Codello, guer

kee Problem.“

Daniel Codello (LSAP): „Ech wëll just

soen, dat dote gräift ganz an d‘Traditioun

a vun der Tourismuspolitik wéi och

d‘LSAP se an de Joere verstan huet an

och virun allem an de Joere vum Ëmbroch

wou gesot ginn ass mat der Arrivée vun

der Universitéit musse mer och fit si fir

Tourismus nach méi hei ze förderen, Kongresstourismus,

och.

Gleeft mer, ech si wierklech och iwwerzeegt,

dass Tourismus e ganz wichtege

Wirtschaftsfacteur ass an och en Arbeitgeber

ass deen net ze ënnerschätzen ass an

dofir ass dat doten op där enger Säit scho

wichteg, dass mer de Siège heihinner

kritt hunn, mä och nach d‘Presidence, da

kënne mer och do d‘Objektiver awer mat

definéieren. Dofir, Här Huss, bon courage.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Codello. Den Här Kox.“

Martin Kox (DÉI GRÉNG): „Ech wëll

nëmme ganz kuerz d‘Wuert ergräife fir

selbstverständlech eisem neien ORT Sud

Escher Gemengerot vum Freideg 13. Juli 2012

22

President vill Erfolleg ze wënschen. Et

gëtt eng grouss Erausfuerderung fir hien

a vill Courage an eng glécklech Hand.

Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Sou, Merci dann all deenen déi

geschwat a félicitéiert hunn a kéinte mer

dann och, ah, oh, entschëllegt, et soll

nach geäntwert ginn iert mer zur Ofstëmmung

kommen.“

Schäffe Jean Huss (DÉI GRÉNG): „Ech

wollt just Merci soen all deene Leit déi

mer vill Courage elo gewënscht hunn.

Wann ech dat Mandat ugeholl hunn,

dann ass et net fir do iergendwou op

engem Stull ze sëtzen, mä well dat mech

wierklech ganz staark interesséiert fir dat

doten ze maachen, well ech effektiv

iwwerzeegt sinn, datt mer, wéi ech virdru

gesot hunn, datt den Tourismus hei am

Süden einfach muss virun entwéckelt

ginn, datt et e Stéifkand war an datt mer

eis alleguerte musse bewosst sinn, datt

dat an den nächsten 10, 20 Joer och e

Wirtschaftsfacteur wäert sinn a muss

ginn. Well an der Wirtschaftspolitik, an

der zukënfteger Wirtschaftspolitik fir

d‘Schafung vun Aarbechtsplaze wäerte

mer näischt geschenkt kréien. Esou wéi

d‘Entwécklung, d‘ökonomesch Entwécklung

an den nächsten 10, 15 Joer

riskéiert ze ginn, ginn et keng Kadoe méi.

Also musse mer kucken all Opportunitéit

ze notze wou mer kënnen. An hei ass

dann eben an der Südregioun den Tourismus

ee Facteur deen ee kann entwéckelen,

deen dann awer och nëtzlech

ass fir Aarbechtsplazen ze schafen. Dat

ass deen een Aspekt.

Deen zweeten Aspekt ass deen, dat hat

ech virdru vergiess ze soen, dofir wollt

ech et hei nach eng Kéier kloer maachen.

Mir mussen natierlech wëssen, an Dir

braucht nëmmen do zu der Fënster eraus

ze kucken, da wësst Dir datt mer net iergendeen

Tourismus hei kënnen entwéckelen.

Dat gëtt keen Tourismus wou

d‘Leit sech an d‘Sonn heihinner leeë

kommen, ronderëm eis Weieren. Dat

muss een Tourismus ginn dee ganz

gezielt ass, dee ganz spezifesch ass, deen

thematesch ass, awer deen ee ganz

bewosst muss förderen. Ganz gezielt a

bewosst muss förderen am Kontext ebe

wou mir hei Esch am Zentrum leien, mä

mat all deenen anere Südgemenge vu

Péiteng bis Fréiseng a bis Beetebuerg an

esou virun, all déi Gemengen déi mat

maachen. An ech si frou, datt elo finalement

nach an där leschter Sitzung virun

3 Deeg 4 Gemengen dobäi getratt sinn.

Dir hutt an Ärem Dossier nach bei Keel

beispillsweis hutt Dir e Fragezeiche stoen